Echevins

Le collège des bourgmestre et échevins

Le collège des bourgmestre et échevins

Le collège des bourgmestre et échevins détient le pouvoir exécutif de la commune. Sa mission principale est d’exécuter les décisions prises par le conseil communal et d’assurer la gestion quotidienne de la commune.

Ainsi, la loi communale dispose qu’il est compétent pour:

  • la gestion des problèmes au quotidien;
  • l’exécution des lois, décrets, ordonnances, règlements et arrêtés de l’Etat;
  • la publication et l’exécution des résolutions du conseil communal;
  • l’administration des établissements communaux et du patrimoine de la commune;
  • la gestion des revenus, l’ordonnancement des dépenses et la surveillance de la caisse et de la comptabilité de la commune;
  • la direction des travaux communaux;
  • la délivrance des permis de bâtir et de lotir;
  • la surveillance du personnel de l’administration communale;
  • l’organisation des services d’incendie;
  • la conservation des archives communaux;
  • les actions judiciaires de la commune.

Claude THEISEN

Echevin

Jean-Pierre dit Jempi HOFFMANN

Bourgmestre

Alix KLEIN-UNGEHEUER

Echevine

Schäfferotserklärung 2023-2029 :

De Schäfferot wäert sech, an Zesummenaarbecht mam Gemengerot an de berodende Kommissiounen, an de nächste Jore fir d’Wuel vun alle Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng asetzen. D´Kommissioune sollen nach méi staark mat agebonne ginn an et sollen och Leit ausserhalb vum Gemengerot sech kënnen als Presidentin oder President mellen.  Fir d‘Iddie vun alle Biergerinnen a Bierger huet de Schäfferot an Zukunft weiderhin en oppent Ouer. Et sollen och kleng Projet´en lancéiert ginn, bei deenen sech d´Biergerinnen a Bierger kënne participativ bedeelegen an hir Iddie mat abréngen.

Mir hunn wëlles, aktuell Projet’en virun ze feieren, respektiv fäerdeg ze stellen, an awer och nei Iddien ze lancéieren.

Hei fannt dir e klengen Iwwerbléck:

Kommunal Verwaltung a Kommunikatioun mat de Bierger:

Wéi an de leschte Jore scho geschitt, soll déi kommunal Verwaltung och an Zukunft weider moderniséiert an dem aktuellen Zäitalter ugepasst ginn. D’Kommunikatioun wäert duerch déi nei App an d´sozial Medien nach méi einfach, schnell an digital ginn. De Pabeier soll net ganz verschwannen, mee mir wëllen op de Wee vun enger signifikanter Reduktioun dovu bei der Kommunikatioun an der Gemeng kommen.

An Zukunft sollen iwwer déi verschidde Kanäl nach méi Informatioune kënne mat de Biergerinnen a Bierger ausgetosch ginn, fir si sou nach besser iwwer d’Gemeng an hir Aktivitéiten um Lafenden ze halen. All grouss Projete vun der Gemeng solle weiderhin a Biergerversammlunge presentéiert ginn.

Kanner a Jugend:

Zu Berbuerg um Schoulsite wäerte mir am Synecosport Demarchen an d’Weeër leeden, fir d’Maison Relais auszebauen an sou dem demografesche Wuesstem nozekommen. Weiderhi soll d´ Schoulgebai vun de Cyclen 2-4 renovéiert a sécherheetstechnesch konform gesat ginn. Zu Manternach gi mam Bau vun der neier Crèche méi Betreiungsplaze fir déi ganz Kleng geschaaft. Doniewent wäert d’Gemeng versichen, d’Dierfer méi attraktiv fir Kanner ze gestalten. Sou wäert beispillsweis zu Berbuerg e neie Multisport gebaut ginn. An den aneren Dierfer sollen iwwerdeems an de neie Wunngebidder nei Méiglechkeete fir Kanner a Jugendlecher entstoen. An dem Kontext sollen och déi Jonk gefrot ginn an op hir Meenung gelauschtert ginn.

Fir d´Kanner an déi Jugendlech sollen et an der Sport- a Jugendkommissioun weider attraktiv Offere ginn. Hei soll versicht ginn, si méi mat an d’Gemengepolitik anzebannen.

Verkéierspolitik:

D’Verkéierspolitik an d’Problematik mat der Vitesse innerhalb den Dierfer bleiwe fir de Schäfferot eng grouss Erausfuerderung, bei där mir awer op d’Hëllef vun aneren Instanzen ugewise sinn. Et sollen an Zukunft nach méi Verkéiersberouegungen am Agang vun den Dierfer kommen an zousätzlech sollen innerhalb vun den Dierfer op problematesche Stroossen „Berliner Kissen“ installéiert ginn, fir den Trafic ze entschleunegen. De konsequenten Ausbau vum „séchere Schoulwee“ bleift een Haaptuleies vum Schäfferot.

Fir a punkto Mobilité douce nach weider Fortschrëtter ze maachen, soll e Vëloswee vu Manternach bis op Bech ausgewise ginn. Weider Méiglechkeete fir d´Mobilité douce ze verbesseren an auszebaue solle gepréift ginn. De Service vum Ruffbus soll analyséiert an le cas échéant verbessert ginn. Fir d’Buslinne vum RGTR méi op d’Besoine vun eise Matbiergerinnen a Matbierger unzepassen, wäerte mir weiderhi beim Ministère intervenéieren an hoffen, Verbesserunge kënnen ze erreechen.

Entwécklung vun der Gemeng an den Dierfer:

D’Gemeng Manternach wäert weiderhi moderat wuessen. Dat wäert mat villen Defie verbonne sinn. Sou muss beispillsweis d’Kläranlage tëschent Berbuerg a Manternach ausgebaut ginn.

An de nächste Jore sollen d’Centres culturels aus der Gemeng moderniséiert a sécherheetstechnesch konform gesat ginn. Hei sollen zukunftsorientéiert Konzepter ausgeschafft an ëmgesat ginn.

Natur an Ëmwelt:

D’Efforten am Natur- a Klimapakt sollen an de nächste Joren nach verstäerkt ginn. D’Gemeng wëll a punkto alternativen Energien e Virreider ginn an d’Leit aus der Gemeng och mat op dee Wee huelen. Sou sollen op allen ëffentleche Gebaier, wou et méiglech ass, PV-Anlagen installéiert ginn. Beim Hëtze gi mir no an no op de Wee fort vun de fossillen Energien. A punkto Héichwaasser- a Staarkreenschutz wäert d´Gemeng de Biergerinnen a Bierger och weiderhin hëllefen, fir Mesuren ze ergräifen. D´Gemeng selwer wäert verschidde Mesuren ergräife fir besser preparéiert ze sinn.

Duerch d’Schafe vun enger weiderer Kommissioun, der Ëmweltkommissioun, sollen och d’Biergerinnen a Bierger sech an Zukunft nach méi an déi nohalteg Entwécklung vun der Gemeng Manternach mat abréngen.

Veräinspolitik:

D’Zesummenaarbecht mat de Veräiner soll nach méi intensivéiert ginn an d’Gemeng wäert och an Zukunft ëmmer de Veräiner ënnerstëtzend zur Säit stoen an de Benevolat fërderen. Doniewent sollen d’Infrastrukture vun de Veräiner weider à jour gehalen an verbessert ginn.

Allgemeng:

  • D‘Uleie vun den eelere Matbierger si weiderhin eng Prioritéit an der Gemeng. D’Offere fir si sollen ausgebaut ginn. D´Seniorekommissioun wäert an dem Kontext weider eng wichteg Roll spillen;
  • Déi nei Biergerinnen a Bierger sollen an Zukunft nach besser integréiert a mat an d’Gemeng agebonne ginn;
  • Fir eng eventuell Fusioun ass de Schäfferot weiderhi gespréichsbereet – allerdéngs misst dës am Sënn an am Dialog mat de Biergerinnen a Bierger geschéien;
  • Den Internetréseau an den Dierfer soll weider verbessert ginn;

Entwécklung vun de verschiddenen Dierfer:

Et gëtt versicht, all d’Dierfer méi attraktiv, lieweg an dynamesch ze gestalten.

Berbuerg:

  • De neie Pompjeesbau gëtt bis 2025 fäerdeg gestallt;
  • D’Ponts& Chaussées plangt, fir d’Schoulstrooss nei ze amenagéieren. De Schäfferot bleift hei drun;
  • Mam PAP an Harnisch gëtt an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement abordabele Wunnraum mat enger Prioritéit fir Leit aus der Gemeng geschaaft. D’Méiglechkeet vun engem Commerce an dësem PAP gëtt vum Schäfferot gepréift;

Manternach:

  • D’Stroossen „Um Éier“ an „Däichwee“ ginn nei amenagéiert;
  • D’Verkéierssituatioun ronderëm d’Gare soll verbessert ginn. D’Méiglechkeet vun enger Foussgängerbréck iwwert d’Syr gëtt gepréift.
  • De Réaménagment vun der „Syrdallstrooss“ a Richtung Wecker soll zumindest op den Instanzewee bruecht ginn;

Lelleg:

  • De Stroossebauprojet an der „Duerfstrooss“ bis bei d’Kläranlage soll fäerdeg gestallt ginn;
  • D´Stroossen „an der Hiel“, „op de Wéngert“ an de „Burwee“ sollen no laanger Waardezäit endlech nei amenagéiert ginn ;

Mënjecker:

  • D’Duerf soll un d’Kläranlage Gréiwemaacher ugeschloss ginn. Domat soll och den ale Wee nei amenagéiert ginn;
  • D’Feeluschlëss am „Am Bierg“ solle behuewe ginn.

 

Dernière modification le 04.08.2023
Aller au contenu principal