Service incendie

Centre d’Incendie et de Secours de la Commune de Manternach

D’Pompjeeë Gemeng Manternach sinn 2010 aus der Fusioun vun de Pompjeeë Berbuerg, Lelleg a Manternach-Mënjecker entstanen. Zesummen ziele mir haut ronn 40 fräiwëlleg Aktiver a stinn all Dag 24/24 Stonne prett fir Iech an Noutsituatiounen ze hëllefen.

Am Duerchschnëtt hu mir eng 100 Asätz am Joer, dorënner Brandasätz, Persounerettung an technesch Hëllef. Op regionalem Niveau schaffe mir enk mat eisen Nopesch-Corpsen zesummen.

Fir eis op eis villsäiteg Aufgaben ze preparéieren treffe mir eis all Méindeg owes ofwiesselnd fir eng Übung, respektiv fir eist Material an der Rei ze halen. Des Weideren huele mir reegelméisseg u Formatiounen a Seminairen Deel.

Eis Jugendpompjeeën kommen 2 mol de Mount zesumme fir op eng flott a jugendgerecht Aart a Weis praktescht an theoretescht Wëssen iwwer d’Rettungswiesen ze léieren. Donieft maache se spannend Aktivitéiten op regionaler oder nationaler Basis, wéi Wëssenstester, sportlech Aktivitéiten oder engem Summercamp.

Wann dir un eisen Aktivitéiten interesséiert oder Froen zum Thema Brandschutz, Rauchmelder oder Feierläscher hutt, zéckt net eis ze besichen oder ze kontaktéieren.

De Centre d’Incendie et de Secours vun der Gemeng Manternach sicht ëmmer nei Leit fir och aktiv mat am Rettungswiesen ze schaffen an esou fir d’Sécherheet vun eise Matbierger ze suergen.

Wat sinn eis Missiounen?

  • Feier: Läsche vun allméigleche Bränn
  • Technesch Asätz: z.B. Iwwerschwemmungen, Stroosse fräimaachen, Harespelen, avm. 
  • Sauvetage: z.B. Verkéiersaccidenter, Persoune retten, avm.
  • First Responder: Persounen a liewensgeféierleche Situatiounen hëllefen
  • Jugendausbildung: Ausbildung vu Jugendpompjeeën

Wat sinn d’Mindest-Ufuerderungen fir Pompjee ze ginn?

JIDDEREEN, egal ob Fra oder Mann, dee minimum 16 Joer al ass, ka sech bei de fräiwëllege Pompjeeën engagéieren.

Duerno muss all neie Pompjee eng Grondausbildung maachen a reegelméisseg un den Übungen deel huelen.

Op eisem Internetsite WWW.SPCM.LU oder op FACEBOOK fannt der och weider Informatiounen zum Thema Brandschutz an iwwert eis Aarbecht!

Dernière modification le 19.08.2021
Aller au contenu principal