Klimapakt

Zënter dem 28. August 2013 ass d’Gemeng Manternach Member vum Klimapakt. De Klimapakt ass e staatleche Programm deen d’Gemengen ënnerstëtzt mei klimafrëndlech an energieeffizient ze ginn. Am Géigenzuch kritt d’Gemeng Manternach laangfristeg technesch an finanziell Ënnerstëtzung (vun 2013-2020). D’Gemeng Manternach soll deemno fir hier Ustrengungen am Beräich vun der nohalteger Entwécklung belount ginn.

Am Mäerz 2020 huet d’Gemeng eng Certificatioun vun 51% ereecht.

Den 24.06.2021 ass d’Gemeng Manternach dem Klimapakt 2.0 baigetrueden. Am Juli 2022 huet d’Gemeng eng Certificatioun vun 57,7% ereecht.

Link: Klimapakt

Videos: Informatiounen zum Klimapakt op Youtube

Link: European Energy Award

Den 24. November 2021 huet d’Gemeng de Contrat vum Naturpakt ënnerschriwwen.

Am November 2022 huet d’Gemeng eng Certificatioun vun 47,51% ereecht.

Link: Naturpakt

Hei fannt dir déi verschidden Déliberatiounen iwwer d’Leitbild an déi proposéiert Baustandards vun der Gemeng Manternach:

Délibération 93-2019

Délibération 52-2022

Empfohlene Baustandard Gemeinde Manternach

Am Oktober 2025 ass d’Energiekonzept an e Konzept fir Wärmeplannung gestëmmt ginn :

Energiekonzept

Deliberation Wärmeplanung

[LU] An der ëffentlecher Sëtzung vum 9. Juli huet de Gemengerot e wichtege Schrëtt fir d’ Nohaltegkeet an eiser Gemeng gestëmmt:

✅ Eis klimatesch Zukunft aktiv gestalten!
Den 2. Avenant vum „Leitbild Manternach“ gouf eestëmmeg ugeholl 🌱💪

Dëst aktualiséiert Konzept – ausgeschafft vum technesche Service a vum Klimateam Manternach – weist, wéi mir bis 2030 konkret Moossname fir Klima- an Ëmweltschutz ëmsetze wëllen.

🔍 Hei e puer Highlighten:
🌳 Biodiversitéit & urbanistesch Planung – méi Natur a manner CO₂
🏛️ Nohalteg Gebaier – energieeffizient & mat erneierbarer Energie
🚮 Manner Offall, Ressource schounen
🚴 Méi douce Mobilitéit – besser Weeër fir Vëloen a Foussgänger
♻️ Kreeslafwirtschaft & Waasserschutz
🤝 Kooperatioun a Sensibiliséierung

👉 Eis Ziler sinn ambitiéis – z.B. 30% PV-Potential bis 2030, 49% Elektromobilitéit vun de Gemengegefierer an 30,5% erneierbar Wäermt an de Gebaier! 🔋⚡

Mat Iech zesummen wëlle mir dës Erausfuerderunge meeschteren.
Bleift informéiert, bréngt Iech an – a loosst eis zesummen eng staark an nohalteg Gemeng gestalten 💪🌍

#Manternach #Klimapakt #Leitbild #Energiezukunft #ZesummeFirEisGemeng

[FR] Lors de la séance publique du 9 juillet, le Conseil Communal a franchi une étape importante en faveur du développement durable dans notre commune :

✅ Façonnons activement notre avenir climatique !
Le 2ᵉ avenant du « Leitbild Manternach » a été adopté à l’unanimité 🌱💪

Ce concept actualisé – élaboré par le service technique en collaboration avec l’équipe climat Manternach – définit les mesures concrètes que nous voulons mettre en œuvre d’ici 2030 pour protéger le climat et l’environnement.

🔍 Voici quelques points forts :
🌳 Biodiversité & aménagement du territoire – plus de nature, moins de CO₂
🏛️ Bâtiments durables – efficaces sur le plan énergétique et alimentés par des énergies renouvelables
🚮 Moins de déchets, utilisation raisonnée des ressources
🚴 Mobilité douce – des infrastructures améliorées pour les cyclistes et les piétons
♻️ Économie circulaire & protection de l’eau
🤝 Coopération et sensibilisation

👉 Nos objectifs sont ambitieux – par exemple 30 % de potentiel photovoltaïque d’ici 2030, 49 % d’électrification du parc de véhicules communaux et 30,5 % de chaleur renouvelable dans les bâtiments communaux ! 🔋⚡

Avec vous, nous voulons relever ces défis.
Restez informés, impliquez-vous – et construisons ensemble une commune forte et durable 💪🌍

#Manternach #PacteClimat #Leitbild #ÉnergieDurable #EnsemblePourNotreCommune

Dernière modification le 15.10.2025