Bistro A Wiewesch
An Zukunft soll eemol am Mount all drëtte Freideg Owend “A Wiewesch” de Bistro op sinn, fir datt d’Leit aus dem Duerf, der Gemeng an aus der Ëmgéigend sech a gudder Gesellschaft treffe kënne fir e flotten Owend ze verbréngen. E puer Fräiwëlleger sinn do fir op- an zou ze spären. Dëse Freideg ass déi éischte Kéier. D’EM wäert och op enger Leinwand gewise ginn. Kommt laanscht a verbréngt e gemittlechen Owend zu Manternach am Duerf!