Dag vun der Commémoration nationale

De Schäfferot invitéiert Iech bei de Gedenkfeiere vun der “Commémoration nationale” dobäi ze sinn, en Dag deen eis all Joer un d’Zäit vun der Occupatioun 1940-1945 erënnert. Fir d’Bedeitung vun dësem Dag ze ënnersträichen sinn de Sonndeg, 11. Oktober 2020 folgend Gedenkfeiere virgesinn:

  • Manternach

09.00 Auer:      Mass

09.45 Auer:      Cortège bei d‘Monument aux Morts, Néierleeë vun enger Gerbe, Gedenkminutt a Sonnerie aux Morts, ofschléissend d’Heemecht

Mënjecker: 10.30 Auer, Lelleg: 10.50 Auer, Berbourg: 11.15 Auer

Op deenen 3 Dierfer: Néierleeë vun enger Gerbe, Gedenkminutt, Sonnerie aux Morts an ofschléissend d’Heemecht

 

Date

10 octobre 2021
Expiré!

Heure

09:00
Catégorie
QR Code
Aller au contenu principal