Nuit du Sport
D’Gemeng Manternach an Zesummenaarbecht mat der Jugend- a Sportskommissioun invitéiert op
d’Nuit du Sport
Den 8. Juni 2024 ab 16h00 zu Berbuerg um Campus Renert
Programm
- Fussball mam F.C. Berdenia Berbuerg (um Terrain)
Pass-, Dribbel-, Schoss- a Spillatelieren fir Kleng a Grouss
- Dësch-Tennis mam D.T. Berbuerg (uewen am Sall)
Animatioun a Spiller ronderëm den Dëschtennis
- Basket mat den East Side Pirates Berbuerg/Waasserbëlleg (an der Hal)
– Schosstraining, Ballhandling a kleng Matcher 3 vs. 3
Zousätzlech : Eisekuch-Atelier
- Turnen a Yoga mat de Fit Fiissercher (am Haff)
Programm:
17:00 – 17:20 Fitness
17:30 – 18:00 Yoga
18:10 – 18:30 Fitness
18:35 – 19:00 Yoga
- Schach mam Chess-Atmosphere Manternach (op der Mezzanine am Beaurepaire)
Kleng Aféierung an d’Schach-Spill
- Mountainbike-Tour mat engem Bike-Moniteur
Klengen Tour um 17.00 Auer a groussen Tour um 18.00 Auer
→ w.e.g am Viraus umellen op juspo@manternach.lu
Jiddereen muss säin eegene Vëlo an en Helm matbréngen!
- Aikido mam Cercle d’Aïkido et de Budo Bech (an der Hal)
Demonstratioun all hallef Stonn a kleng Atelieren ab 10 Joer
- Klengen Abléck an d’Aarbecht vun de Pompjeeën aus der Gemeng Manternach (am Haff)
– 1. Hëllef fir Grouss a Kleng (e.a. Reanimatioun a mam Défibrillator schaffen)
– kleng Atelieren mat Pompjeesmaterial
Weiderhin gëtt et nach eng flott Animatioun fir d´Kanner a Form vu Sprangschlass, Airtramp a Cornhole-Spiller.
Fir Iessen a Gedrénks suergt den FC Berdenia Berbuerg
all weider Infos fannt dir um Site vun der Nuit du Sport