Aktioun « Gielt Band » 2023

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol
D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem
eegene Bongert.

All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de
Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen,
Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an
d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze
engagéieren.

D’Gemengen déi bei der Aktioun matmaachen, markéieren déi entspriechend
Uebstbeem mat engem giele Band.

Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch,
Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

Vun dësem Joer u kënne nieft de Gemengen och Privatleit, Veräiner an Entreprisen hier Uebstbeem
der Ëffentlechkeet zur Verfügung stellen.

Méi Informatiounen op antigaspi.lu.

Charte de bonne conduite

Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:
• Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt
ginn.
• Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
• De Bam däerf net beschiedegt ginn.
• D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
• Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
• Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
• Blockéiert keng Zoufaarten.
• D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.

Hei fannt dir d’Beem vun der Gemeng, un deenen der iech kënnt zerwéieren:

Äppelbeem zu Berbuerg bei der Schoul:

http://g-o.lu/3/GRgj

Äppelbeem zu Berbuerg bei der Grillplaz:

http://g-o.lu/3/HGds

Bierebeem zu Manternach bei der Gemeng:

http://g-o.lu/3/kVrT

Dernière modification le 24.08.2023

Des articles de la même catégorie

Wichteg Informatioun betreffend d’Bréifwal!

Wichteg Informatioun betreffend d’Bréifwal!

Mir erënneren nach eng Kéier drun, dass d'Enveloppë fir d'Bréifwal net däerfen an d'Boîte vun der Gemeng gehäit ginn. Dir musst d'Enveloppen entweder op der Post ofginn oder an eng Boîte vun der Post geheien, d'Enveloppë gi vun der Post gesammelt a Sonndes an de...

lire plus
Studenten- a Sportleréierung

Studenten- a Sportleréierung

D’Gemeng Manternach invitéiert iech e  Mëttwoch, de 27. September 2023, um 19.00h  op d’Schüler- a Sportleréierung am Centre Beaurepaire zu Berbuerg.  Hei ginn d’Schüler a Sportler fir hier Verdéngschter a Resultater vum Schouljoer / der Saison 2022-2023 geéiert. Dir...

lire plus
Skoda Tour de Luxembourg 2023

Skoda Tour de Luxembourg 2023

E Freideg, den 22. September 2023 ass déi 3. Etapp vum ŠKODA Tour Luxembourg Op hirem Wee vu Mäertert bis op Veianen passéieren d'Coureuren viraussiichtlech tëschent 12h53 an 13h09 eis Gemeng vu Lelleg aus op Manternach an dann duerch de Syrdall op Berbuerg Richtung...

lire plus
Aller au contenu principal