1. Mee : Info Hausoffallsammlung – Collecte des déchets

1. Mee : Info Hausoffallsammlung – Collecte des déchets

‼️🗑️🚮 Hausoffallsammlung – Collecte des déchets 🗑️🚮‼️

🇱🇺 Wéinst dem Feierdag, e Freideg, den 1. Mee 2026, ginn d’Dreckskëschte scho e Mëttwoch, den 29. Abrëll eidel gemaach.

🇫🇷 En raison du jour férié du vendredi 1er mai 2026, les ordures ménagères seront collectées mercredi 29 avril.

📱💡 Tipp: Behaalt den Offallkalenner ëmmer am Bléck – mat der gratis App „Mäin Offall – Meng Ressourcen”!
📲 D’App erënnert Iech automatesch un d’Collecten – einfach installéieren a mat Zäit erausstellen!
📍 Am AppStore & GooglePlay! @emwelt.lu

📱💡 Astuce : Gardez toujours un œil sur le calendrier des collectes – avec l’application gratuite « Mäin Offall – Meng Ressourcen » !
📲 L’app vous rappelle automatiquement les collectes – il suffit de l’installer et de sortir les poubelles à temps !
📍 Disponible sur l’AppStore & GooglePlay ! @emwelt.lu

Nuets-Trainingsfluch vun der Police : 27.4.2026 ±22h00

Nuets-Trainingsfluch vun der Police : 27.4.2026 ±22h00

Nuets-Trainingsfluch vun der Police : 27.4.2026 ±22h00

🇱🇺 ⚠️🚁 E Méindeg, de 27. Abrëll 2026, fënnt ab ±22:00 Auer en Nuets-Trainingsfluch vun der Police statt, ënnert anerem ronderëm Berbuerg. Den Training dauert ongeféier eng Stonn. Et kann zu Kaméidi kommen. Mir bieden ëm Äert Versteesdemech! 🚁

🇫🇷 ⚠️🚁 Le lundi 27 avril 2026, un vol d’entraînement nocturne de la Police aura lieu à partir de ±22h00, notamment aux alentours de Berbourg. L’exercice durera environ une heure. Des nuisances sonores sont possibles. Nous vous remercions de votre compréhension ! 🚁

#manternach #gemeng #commune #police #information

C.R.137 Mënjecker-Gréiwemaacher – Avis Stroossenaarbechten/Buslinnen

C.R.137 Mënjecker-Gréiwemaacher – Avis Stroossenaarbechten/Buslinnen

🇱🇺 ⚠️ Avis wéinst Stroossenaarbechten – Perturbatioun vun de Buslinnen 🚌

Wéinst Instandsetzungs-Aarbechten un der Bréck iwwert d’Autobunn (OA1128) ass den C.R.137 tëscht Mënjecker a Gréiwemaacher fir de Verkéier gespaart vum Méindeg, 27. Abrëll 2026, bis viraussiichtlech Enn Februar 2027. Eng Deviatioun gëtt ageriicht.

👉 Betraffe Linnen: 273, B13, B14, B20 a B21

🔹 Linnen 273, B13 a B21
Fuere vu Gréiwemaacher iwwert den C.R.139 a Richtung Schorenshaff – C.R.139 a Richtung Manternach – C.R.137 op Mënjecker – Op de Groesteen – zréck iwwert den C.R.137 op Manternach – duerno normalen Trajet (an ëmgekéiert).
⏰ D’Course B13 3520 fiert 10 Minutte méi fréi (Gréiwemaacher-Gare routière um 6h50).
⏰ D’Course B21 3251 fiert 10 Minutte méi fréi (Iechternach-Gare Centre um 6h05).

🔹 Linnen B14 a B20
Fuere vu Gréiwemaacher iwwer de C.R.139 a Richtung Schorenshaff – C.R.139 a Richtung Manternach – duerno normalen Trajet (an ëmgekéiert).
🚫 Mënjecker gëtt net ugefuer.

🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 ⚠️ Avis – Perturbation du trafic et des lignes de bus 🚌

En raison de travaux de remise en état du pont sur l’autoroute (OA1128), le C.R.137 entre Münschecker et Grevenmacher sera fermé à toute circulation du lundi 27 avril 2026 jusqu’à fin février 2027 (date prévisionnelle). Une déviation sera mise en place.

👉 Lignes concernées : 273, B13, B14, B20 et B21

🔹 Lignes 273, B13 et B21
Circulation de Grevenmacher via le C.R.139 en direction de Schorenshaff – C.R.139 en direction de Manternach – C.R.137 vers Münschecker – Op de Groesteen – retour via le C.R.137 vers Manternach – puis itinéraire normal (et vice-versa).
⏰ La course B13 3520 sera avancée de 10 minutes au départ (Grevenmacher-Gare routière à 6h50).
⏰ La course B21 3251 sera avancée de 10 minutes au départ (Echternach-Gare Centre à 6h05).

🔹 Lignes B14 et B20
Circulation de Grevenmacher via le C.R.139 en direction de Schorenshaff – C.R.139 en direction de Manternach – puis itinéraire normal (et vice-versa).
🚫 La localité de Münschecker ne sera pas desservie.

🙏 Merci pour votre compréhension !

Klibberen

Klibberen

🇱🇺 Vun dësem Freideg u ginn d’Klibberkanner 🪵 nees mueres, mëttes an owes duerch eis Uertschaften. Mir bieden Iech dofir, besonnesch am Stroosseverkéier opzepassen an Är Vitess unzepassen. Merci fir Är Récksiicht! 🐣

🇫🇷 Dès ce vendredi, les enfants circuleront à nouveau matin, midi et soir dans nos localités avec leurs crécelles 🪵. Nous vous invitons à faire preuve d’une prudence particulière dans la circulation routière et à adapter votre vitesse. Merci pour votre attention ! 🐣

#manternach #gemeng #commune #duerfliewen #viecommunale #traditioun #tradition #klibberen #klibberegoen #crécelles #ouschteren #pâques

Buet n° 01-2026

Buet n° 01-2026

🇱🇺 Den neie Buet ass do!
Elo online a geschwënn an Ärer Bréifkëscht!

Hei en Abléck:
🎤 Neijoersreceptioun 2026 – D’Ried vum Buergermeeschter
📸 Fotoen aus dem Liewe bei eis an der Gemeng
🚧 Aktualitéiten an Informatiounen zu de Chantieren
🏡 De Réckbléck iwwert d’Eisebunn an de Manternacher Tunnel
🥗 E gutt Rezept fir gebeezte Lamm-Kotletten
📋 De Raider mat de Rapporten aus de Gemengerotssëtzungen

🤓 Vill Spaass beim Liesen! 🐣 Mir wënschen Iech schéin Ouschteren!

🇫🇷 Le nouveau Bulletin communal est arrivé !
Dès maintenant en ligne et bientôt dans votre boîte aux lettres !

Voici un aperçu :
🎤 Réception du Nouvel An 2026 – Le discours du Bourgmestre
📸 Des photos de la vie dans notre commune
🚧 Actualités et informations sur les chantiers
🏡 Rétrospective sur le chemin de fer et le tunnel de Manternach
🥗 Une bonne recette pour des côtelettes d’agneau marinées
📋 Les rapports des séances du Conseil Communal

🤓 Bonne lecture ! 🐣 Nous vous souhaitons de joyeuses Pâques !

#BUET #gemeng #manternach #commune

Gemengebuet >> Archiv

Avis – Vëloscourse 28-29.3.2026

Avis – Vëloscourse 28-29.3.2026

🇱🇺 Dëse Samschdeg an dëse Sonndeg, den 28. an 29. Mäerz 2026, fënnt den 102. Grand-Prix François Faber an den 38. Grand-Prix OST-Fenster statt. D’Course gëtt vum Vélo-Club ACC Contern organiséiert.

Aus Ulass vum 50. Anniversaire vum Club gëtt d’Manifestatioun dëst Joer exceptionell op 2 Deeg erweidert. De Start an d’Arrivée vum Circuit vun 9,3 km mat engem Héichtenënnerscheed vun 125 m pro Ronn befënnt sech an der Strooss „Hanner Bra” Nummer 11 zu Bech, virun dem Centre Hanner Bra.

📅 Samschdeg 28. Mäerz (13h00–18h00): Course fir d’Kategorien Élites, Espoirs, Juniors a Masters. D’Circulatioun an de Stroossen „An der Gruecht” an „Breicherstrooss” ass am Sënn Brouch–Berbuerg–Bech gespaart.

📅 Sonndeg 29. Mäerz (8h30–18h00): Programm wéi gewinnt mat 5 Kategorien. D’Circulatioun op der CR138, CR135, CR137 an der CR132 ass nëmmen am sens unique méiglech. D’Stroossen „An der Gruecht” an „Hierberwee” sinn am Sënn Bech–Berbuerg resp. Berbuerg–Hierber gespaart.

🚌 De Busverkéier op de Linnen 212, 261 an 272 ass heivu betraff. Merci fir Äert Versteesdemech! 🙏

🇫🇷 Ce samedi et ce dimanche 28 et 29 mars 2026 auront lieu le 102e Grand-Prix François Faber et le 38e Grand-Prix OST-Fenster. Ces courses sont organisées par le Vélo-Club ACC Contern.

À l’occasion du 50e anniversaire du club, la manifestation s’étend exceptionnellement sur deux jours. Le départ et l’arrivée du circuit de 9,3 km, avec un dénivelé de 125 m par tour, se situent au 11, rue Hanner Bra à Bech, devant le Centre Culturel Hanner Bra. 

📅 Samedi 28 mars (13h00–18h00) : course pour les catégories élites, espoirs, juniors et masters. La circulation dans les rues An der Gruecht et Breicherstrooss sera interdite dans le sens Brouch–Berbourg–Bech.

📅 Dimanche 29 mars (8h30–18h00) : programme habituel avec cinq catégories. La circulation sur les CR138, CR135, CR137 et CR132 ne sera possible qu’en sens unique. Les rues An der Gruecht et Hierberwee seront fermées dans le sens Bech–Berbourg resp. Berbourg–Herborn.

🚌 Les lignes de bus 212, 261 et 272 seront affectées. Merci pour votre compréhension ! 🙏

CR134 Manternach – Mertert : Stroossesperrung / Fermeture de route

CR134 Manternach – Mertert : Stroossesperrung / Fermeture de route

⚠️🚧 Manternach – Mertert Stroossesperrung 🚧⚠️

🇱🇺 Communiqué vun der Administration des Ponts et Chaussées
Bedéngt duerch Bamschnëttaarbechten gëtt den CR134 vum 23. bis de 25. Mäerz vum Ausgang Manternach bis bei d’Fielsmillen gespaart.
D’Strooss gëtt normalerweis owes opgemaach.
Merci fir Äert Versteesdemech! 🙏

⚠️🚧 Manternach – Mertert Fermeture de route 🚧⚠️

🇫🇷 Communiqué de l’Administration des ponts et chaussées
En raison de travaux d’élagage d’arbres, le CR134 sera fermé du 23 au 25 mars, entre la sortie de Manternach et la Fielsmillen.
La route sera en principe rouverte le soir.
Merci pour votre compréhension ! 🙏

Gemengerotssëtzung 18.3.2026

Gemengerotssëtzung 18.3.2026

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️

📅 Mëttwochs, den 18. Mäerz 2026 ëm 15h00
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach

📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:

A geschlossener Sëtzung:
👤 Personalaffären – Engagement vun engem Gemengen-Employé

An ëffentlecher Sëtzung:
📊 PPF – Pluriannuelle Finanzéierungsplang
🌿 Schafe vun Erënnerungsgäert op de Kierfechter vun der Gemeng
🌳 Bäitrag zur CO₂-Bindung an der Stäerkung vun der Resilienz vun de Bëscher am Kader vun der Klima-Upassung
🏛️ Approbatioun vum definitive Projet fir d’Mise en Conformité vun der Gemeng

👥 D’Sëtzung ass ëffentlech fir d’Punkten 3 bis 19 – all interesséiert Biergerinnen a Bierger si häerzlech wëllkomm!

🇱🇺 Fannt hei de kompletten Ordre du jour
👉📎klick

🇫🇷 Prochaine séance du Conseil communal de Manternach 🏛️

📅 Mercredi 18 mars 2026 à 15h00
📍 Dans la salle des séances de la Maison communale, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach

📝 À l’ordre du jour figurent notamment :

En séance à huis clos :
👤 Affaires du personnel – Engagement d’un employé communal

En séance publique :
📊 PPF – Plan pluriannuel de financement
🌿 Création de jardins de souvenir aux cimetières de la commune de Manternach
🌳 Contribution à la séquestration de carbone et renforcement de la résilience des forêts dans le cadre de l’adaptation du climat
🏛️ Approbation de l’avant-projet définitif pour la mise en conformité de la mairie

👥 La séance est publique pour les points 3 à 19 – toutes les personnes intéressées sont les bienvenues !

🇫🇷 Retrouvez ici l’ordre du jour complet
👉📎 clic

Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg

Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg

🇱🇺 🌿 Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg 🌿

De Moien hu mir misse feststellen, datt eise Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg iwwerfëllt war an zousätzleche Gréngschnëtt donieft ofgeluecht gouf.
⚠️ Mir wëllen dorop hiweisen, datt dëst net erlaabt ass!

✂️ Zu Lëtzebuerg ginn d’Hecke vun Oktober bis Enn Februar geschnidden. Ab dem 1. Mäerz ass et verbueden, well d’Vullen dann ufänke mat bréien. 🐦
Dat heescht: e grousse Réckschnëtt (op de Stack setzen, radikaalt Zeréckschneiden) muss bis Enn Februar gemaach sinn. Liicht Fleegeschnëtter (Formschnëtter) sinn awer dat ganzt Joer erlaabt, soulaang keng Vullen an der Heck bréien. 🪹

🇫🇷 🌿 Container de déchets verts à Berbourg 🌿

Ce matin, nous avons dû constater que notre container de déchets verts à Berbourg était rempli au-delà de sa capacité et que des déchets verts supplémentaires avaient été déposés à côté. ⚠️ Nous tenons à signaler que cela n’est pas autorisé !

✂️ Au Luxembourg, la taille des haies est autorisée d’octobre à fin février. À partir du 1er mars, elle est interdite, car les oiseaux commencent leur période de nidification. 🐦
Cela signifie qu’une taille importante (rabattage, taille radicale) doit être effectuée avant fin février. Les tailles d’entretien légères (tailles de forme) sont cependant autorisées toute l’année, à condition qu’aucun oiseau ne niche dans la haie. 🪹

Les rues au féminin

Les rues au féminin

D’Gemeng Manternach mécht vum 8. bis den 31. Mäerz 2026, am Kader vum

Internationalen Dag vun de Fraen,

mat bei der Aktioun « Affichons l’Egalité » vum CFNL an dem Syvicol. Bei dëser Aktioun kréie verschidde Stroosse, Plaazen oder Citéën e symboleschen Numm, fir dëse besonnesche Fraen ze gedenken.

______________________

Du 8 au 31 mars 2026, à l’occasion de la

Journée internationale des femmes,

la Commune de Manternach participe à l’action « Affichons l’Egalité » du CNFL et du Syvicol.

Un certain nombre de rues, places ou
cités seront renommées avec des dénominations symboliques, afin d’honorer ces femmes méritantes.

D’Syrdallstrooss zu Manternach
gëtt zur Rue Elsy Jacobs

Elsy JACOBS

Année de naissance: 1933
Année de décès: 1998

Lieux de résidence: Garnich – Luxembourg ¦ Bretagne – France

Cycliste professionnelle luxembourgeoise
1ère championne du monde de cyclisme en 1958
Photo: les rues au féminin

Wee war d’Elsy Jacobs?

Elsy Jacobs – C’était qui ?

Link Site vu LES RUES AU FEMININ
Elsy Jacobs [klick]

D’Schullstrooss zu Berbuerg gëtt zur Rue Ger Maas

Germaine MAAS

Année de naissance: 1931
Année de décès: 2020
Lieux de résidence: Wiltz, Remich, Luxembourg-Ville ¦ Munich – Allemagne
Peintre luxembourgeoise
Illustratrice de livres, poète
Photo: les rues au féminin

Wee war d’Ger Maas?

Ger Maas – C’était qui ?

Link Site vu LES RUES AU FEMININ
Germaine Maas [klick]

D’Duerfstrooss zu Lelleg gëtt zur Rue Marie-Paule Molitor-Peffer

Marie-Paule MOLITOR-PEFFER

Année de naissance: 1929
Année de décès: 1999

Lieux de résidence: Luxembourg-Ville

Gynécologue
Membre fondatrice du Planning familial
Photo: les rues au féminin

Wee war d’Marie-Paule MOLITOR-PEFFER

Marie-Paule MOLITOR-PEFFER – C’était qui ?

Link Site vu LES RUES AU FEMININ
Marie-Paule Molitor-Peffer [klick]

De Maacherwee zu Mënjecker gëtt zur Rue Sophie Scholl

Sophie SCHOLL

Année de naissance: 1921
Année de décès: 1943

Lieux de résidence: D-Forchtenberg, Ludwigsburg, Stuttgart, Ulm

Étudiante et résistante allemande au nazisme

Photo: Wikipedia

Wee war d’Sophie SCHOLL?

Sophie SCHOLL – C’était qui ?

Link Site Wikipedia
Sophie SCHOLL [klick]

Info Aarbechten-Travaux CFL

Info Aarbechten-Travaux CFL

🇱🇺 Info Aarbechten CFL 🚆🚌

E Samschdeg 21. an e Sonndeg 22. Mäerz 2026 falen d’Zich op der Streck Lëtzebuerg – Éiter aus wéinst Aarbechten. Ersatzbusser vun der Linn L30 sinn am Asaz.
📱 Méi Infoen: QR-Code | www.cfl.lu | CFL mobile App | ☎️ 2489 2489

🇫🇷 Info Travaux CFL 🚆🚌

Le samedi 21 et le dimanche 22 mars 2026, le trafic ferroviaire sur la ligne Luxembourg – Oetrange est interrompu en raison de travaux. Des bus de remplacement de la ligne L30 sont mis en place.
📱 Plus d’infos : QR-Code | www.cfl.lu | CFL mobile | ☎️ 2489 2489

Grouss Botz

Grouss Botz

🍀🍃🌳🍌🛢🗑♻️
GROUSS BOTZ 2026
🍀🍃🌳🍌🛢🗑♻️

🇱🇺 De Schäffen- a Gemengerot,
an Zesummenarbecht mam Klimateam an der Nohaltegkeets-Kommissioun vun der Gemeng Manternach,
invitéiert all Awunner an Naturfrënd (grouss a kleng) an all Veräiner op d’Grouss Botz 2026

📆 🗑 Samschdes, de 14. Mäerz 2026
📍 Rendez-vous ass um 9:30 Auer

Zu Berbuerg: Beim Centre Beaurepaire
Zu Lelleg: Beim Centre Kräizstrooss
Zu Manternach: a Wiewesch
Zu Mënjecker: beim Centre Kueb

D’Membere vun der Kommissioun suerge fir d’Organisatioun an d’Verdeele vum Sammelmaterial.
Déi voll Tuten an déi aner gesammelt Saache gi laanscht d’Weeër ofgestallt.

No der Botz ginn all d’Participanten op eng Bouchée à la Reine an e Patt am Kachatelier zu Manternach, 2, A Lambett, invitéiert. Hei si Parkplazen am Déifgarage an Dusche virgesinn.
Mir soen Iech alleguer am Viraus Merci fir d’Matmaachen an dem Kachatelier an dem Syndicat d’initiative Manternach Merci fir déi léif Ënnerstëtzung. 😊

#groussbotz #zesummen #proppergemeng

🍀🍃🌳🍌🛢🗑♻️
GROUSS BOTZ 2026
🍀🍃🌳🍌🛢🗑♻️

🇫🇷 Le collège des bourgmestre et échevins et le Conseil communal,
en collaboration avec l’équipe climat et la commission du développement durable de la commune de Manternach,
invitent tous les habitants et amis de la nature (petits et grands) ainsi que toutes les associations à participer à leur “Grouss Botz 2026”

📆 🗑 le samedi 14 mars 2026
📍 Rendez-vous à 9h30

Berbourg : Centre Beaurepaire
Lellig : Centre Kräizstrooss
Manternach : A Wiewesch
Münschecker : Centre Kueb

Les membres de la commission se chargent de l’organisation et de la distribution du matériel de collecte.
Les sacs remplis et autres objets collectés seront déposés le long des chemins.

Tous les participants sont invités après la collecte à déguster une Bouchée à la Reine et à prendre un verre au Kachatelier à Manternach, 2, A Lambett. Des places de parking sont disponibles dans le parking souterrain, ainsi que des douches.

Nous vous remercions d’avance pour votre participation et adressons un grand merci au Kachatelier ainsi qu’au Syndicat d’initiative Manternach pour leur aimable soutien ! 😊

#groussbotz #ensemble #communepropre

Rare Disease Day 2026

Rare Disease Day 2026

💡 Rare Disease Day 2026 💙🩷💚💜

🇱🇺 Den 28. Februar 2026 ass den 19. Rare Disease Day – den internationalen Dag vun de seelene Krankheeten – fir d’ Ëffentlechkeet fir seele Krankheeten ze sensibiliséieren.
D’ Gemeng Manternach ënnerstëtzt dës wichteg Aktioun a mécht mat bei der „Global Chain of Lights“ 🌍✨ – dobäi gi weltwäit ëffentlech Gebaier an de Faarwe vum Rare Disease Day beliicht.
Och d’ Gemengenhaus zu Manternach gëtt vum 23. Februar bis den 1. Mäerz 2026 faarweg beliicht. 🏠💡

🇫🇷 Le 28 février 2026 aura lieu le 19ᵉ Rare Disease Day – la Journée internationale des maladies rares – afin de sensibiliser le public aux maladies rares.
La Commune de Manternach soutient cette action importante et participe à la « Global Chain of Lights » 🌍✨ – l’illumination de bâtiments publics à travers le monde aux couleurs du Rare Disease Day.
La maison communale de Manternach sera également illuminée du 23 février au 1ᵉʳ mars 2026. 🏠💡

#RareDiseaseDay #LightUpForRare #journéemondialemaladiesrares #RareDiseaseDay2026

Verlängerung – Aarbechten um Kierfecht zu Berbuerg

Verlängerung – Aarbechten um Kierfecht zu Berbuerg

🚧 🪦 Verlängerung vun den Aarbechten um Kierfecht zu Berbuerg – Gespaart vum 24. bis den 28. Februar 2026

De Kierfecht zu Berbuerg bleift dës ganz Woch, vum Dënschdeg 24. bis Freides den 28. Februar 2026, tëschent 8h00 a 16h00 gespaart.
Baussent dësen Auerzäite ass de Kierfecht zougänglech.
Mir entschëllegen eis fir déi eventuell Ëmstänn a soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

🚧 🪦 Prolongation des travaux au cimetière de Berbourg – Fermeture du 24 au 28 février 2026

Le cimetière de Berbourg restera fermé toute cette semaine, du mardi 24 au vendredi 28 février 2026, entre 8h00 et 16h00.
Le cimetière reste accessible en dehors de ces horaires.
Nous vous prions de nous excuser pour la gêne occasionnée et vous remercions de votre compréhension.

Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2026

Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2026

📚 Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2026 🎓

🇱🇺 D’Gemeng Manternach sicht Studente fir d’Summervakanz! ☀️ Du bass interesséiert? Da mell dech bis den 13. Mäerz 2026. 👉 Hei fënns du de Formulaire. [klick]

🇫🇷 La Commune de Manternach engage des étudiants pendant les vacances d’été. ☀️ Les demandes doivent parvenir à l’administration communale avant le 13 mars 2026. Le formulaire de demande peut être téléchargé ici. 👉 [clic]

SYNECOSPORT – Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2026

SYNECOSPORT – Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2026

🇱🇺 📢 SUMMERJOB FIR STUDENTEN – SUMMERVAKANZ 2026 🌞🎒

Sichs du eng Beschäftegung an der Summervakanz? D’Maison Relais sicht Student(inn)en fir e Kontrakt vun 2 Wochen!

🔹 Konditiounen :

✅ Wunnsëtz an der Gemeng Bech oder Manternach
✅ Minimum 18 Joer al
✅ De Brevet „Aide-animateur-A“

📄 Schéckt Ären Dossier mat :

📌 Formulaire
📌 Enger kuerzer Biographie
📌 E Schoulattest 2025/2026
📌 Eng Kopie vum Brevet „Aide-animateur-A“

📬 Kandidature musse bis den 13/03/2026 geschéckt ginn op :
SYNECOSPORT
1, Schoulstrooss, L-6831 Berbourg

🇫🇷 📢 JOB D’ÉTÉ POUR ÉTUDIANTS – VACANCES 2026 🌞🎒

Tu cherches une occupation pendant les vacances d’été ? La Maison Relais recrute des étudiant(e)s pour un contrat de 2 semaines !

🔹 Conditions :

✅ Résider à Bech ou Manternach
✅ Avoir minimum 18 ans
✅ Posséder le brevet « Aide-animateur-A »

📄 Dossier à fournir :

📌 Formulaire
📌 Courte biographie
📌 Certificat de scolarité 2025/2026
📌 Copie du brevet « Aide-animateur-A »

📬 Candidatures à envoyer avant le 13/03/2026 à :
SYNECOSPORT
1, Schoulstrooss, L-6831 Berbourg

Quizowend

Quizowend

🇱🇺 🧠❓🎉💡 Quiz Owend zu Manternach!

Sidd Dir prett fir Äert Wëssen ze testen? Da kommt de 12. Mäerz 2026 um 19 Auer a Wiewesch zu Manternach op de grousse Quiz Owend vun der Jugend- a Sportskommissioun!
Formt eng Ekipp vu 4-6 Leit a maacht mat fir nëmmen 20€ pro Ekipp. 🏆
📩 Umeldung bis den 8. Mäerz per E-Mail un juspo@manternach.lu
Mir freeën eis op Iech!

>> Facebook-Event

🇫🇷 🧠❓🎉💡 Soirée Quiz à Manternach !

Êtes-vous prêts à tester vos connaissances ? Alors rejoignez-nous le 12 mars 2026 à 19h “A Wiewesch” à Manternach pour la grande soirée quiz de la Commission de la Jeunesse et des Sports !
Formez une équipe de 4 à 6 personnes et participez pour seulement 20€ par équipe. 🏆
📩 Inscription jusqu’au 8 mars par e-mail à juspo@manternach.lu
Au plaisir de vous y retrouver !

>> Facebook-Event

Liichtmëssdag

Liichtmëssdag

Den 2. Februar ass Liichtmëssdag. Dofir gi vill Kanner mat hire selwer gebastelte Lampionen an eisen Uertschafte liichten. Hei fannt Dir all d’Informatioune vun den eenzelnen Dierfer. Mir wënschen de Kanner vill Spaass dobäi!
Mir bieden och d’Automobilisten, déi duerch eis Dierfer fueren, op dësem Dag besonnesch lues ze maachen an den Eltere rode mir hire Kanner hell a faarweg Kleeder oder eng Sécherheetswest unzedoe fir dass een si besser gesäit. Méi Informatioune fannt Dir um Site vun der Police.

Le 2 février, c’est la fête de la Chandeleur. Ainsi, de nombreux enfants illumineront nos villages avec leurs lanternes faites maison. Vous trouverez ici toutes les informations sur les activités dans les différents villages. Nous souhaitons beaucoup de plaisir aux enfants !
Nous demandons également aux automobilistes qui traversent nos villages de conduire particulièrement lentement ce jour-là, et conseillons aux parents d’habiller leurs enfants de vêtements clairs et colorés ou de leur mettre un gilet de sécurité pour qu’ils soient mieux visibles. Plus d’informations sont disponibles sur le site de la police.

On February 2nd, it’s Candlemas. Many children will light up our villages with their homemade lanterns. You will find all the information about the activities in the different villages here. We wish the children lots of fun!
We also ask motorists passing through our villages to drive especially slowly on that day, and we advise parents to dress their children in bright and colorful clothes or to have them wear a safety vest so they are more visible. More information is available on the police website.

Berbuerg

Manternach

Lelleg

Mënjecker

Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen
Loosst déi al Leit stierwen,
(Variante: an déi al derniewent)
Kommt der net bal,
D’Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d’Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D’Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.

Version von Nik Welter (1929)

🇩🇪 Liichtmëssdag – Wenn Luxemburgs Kinder das Licht bringen
https://luxembourg.public.lu/de/gesellschaft-und-kultur/feste-und-traditionen/liichtmessdag.html 

🇫🇷 Liichtmëssdag – Quand les enfants du Luxembourg vous apportent la lumière
https://luxembourg.public.lu/fr/societe-et-culture/fetes-et-traditions/liichtmessdag-chandeleur-tradition-luxembourg.html 

🇬🇧 Liichtmëssdag – When Luxembourg’s Children bring you light
https://luxembourg.public.lu/en/society-and-culture/festivals-and-traditions/liichtmesdag-candlemasday-custom-luxembourg.html 

Nohëllef ginn – Cours de soutien

Nohëllef ginn – Cours de soutien

📚✨ Nohëllef ginn – eng flott Geleeënheet fir Jugendlecher sech anzesetzen 💪
🇱🇺 Bass du Schüler:in oder Student:in a wëlls dech fir d’Gemeinschaft engagéieren? 🤝 Du hues Freed drun mat Kanner ze schaffen a wëlls hinnen hëllefen an Däitsch, Franséisch oder Mathé besser ze ginn? 📖
D’Jugend- a Sportskommissioun vun der Gemeng Manternach sicht zesumme mam Synecosport motivéiert Jugendlecher, déi Dënschdes an Donneschdes Nohëllef ginn. Eng super Méiglechkeet fir Verantwortung ze iwwerhuelen an Erfarung ze sammelen! 🌟
👉 Mell dech bei eis a maach mat bei engem liewege Projet fir eng staark Gemeinschaft!

📚✨ Cours de soutien – une belle opportunité pour les jeunes de s’engager 💪
🇫🇷 Tu es lycéen·ne ou étudiant·e et tu souhaites t’engager pour ta communauté ? 🤝 Tu aimes travailler avec des enfants et tu veux les aider à progresser en allemand, français ou mathématiques ? 📖
La commission de la jeunesse et des sports de la commune de Manternach, en collaboration avec le Synecosport, recherche des jeunes motivé·e·s pour donner des cours de soutien les mardis et jeudis. Une belle occasion de prendre des responsabilités et de gagner de l’expérience ! 🌟
👉 Rejoins-nous et participe à un projet vivant pour une communauté forte !

Gemengerotssëtzung 28.1.2026

Gemengerotssëtzung 28.1.2026

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️

📅 Mëttwochs, den 28. Januar 2026 ëm 14h00
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus

📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:
A geschlossener Sëtzung:
👤 Nominatioun vun engem Beamten
An ëffentlecher Sëtzung:
📜 Approbatioun vun engem Tauschakt
📋 Approbatioun vun engem Déngschtleeschtungskontrakt
🏛️ Syndikater / Kommissiounen – Informatiounen vun den Delegéierten / Presidenten
💬 Kommunikatioun vum Schäfferot a Froen vun de Gemengeconseilleren

👥 D’Sëtzung ass ëffentlech fir d’Punkten 2 bis 7 – all interesséiert Biergerinnen a Bierger si häerzlech wëllkomm!
#Manternach #Gemengerot #ConseilCommunal

🇫🇷 Prochaine séance du Conseil communal de Manternach 🏛️

📅 Mercredi 28 janvier 2026 à 14h00
📍 Dans la salle de réunion de la Maison communale

📝 À l’ordre du jour figurent notamment :
En séance à huis clos :
👤 Nomination d’un fonctionnaire
En séance publique :
📜 Approbation d’un acte d’échange
📋 Approbation d’un contrat de prestation de services
🏛️ Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents
💬 Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

👥 La séance est publique pour les points 2 à 7 – toutes les personnes intéressées sont les bienvenues !

21-23.1.2026 : Militäresch Aktivitéit – Activité militaire

21-23.1.2026 : Militäresch Aktivitéit – Activité militaire

🇱🇺 Informatioun un d’Bevëlkerung – Militäresch Aktivitéit

D’Lëtzebuerger Arméi deelt mat, dass vum 21. bis den 23. Januar 2026 eng militäresch Aktivitéit um Territoire – oder an der Noperschaft vu verschiddene Gemengen am Grand-Duché, dorënner d’Gemeng Manternach, virgesinn ass. Dëst déngt als Preparatioun fir zukünfteg Asätz am Ausland. 29 Persounen an 10 Gefierer si bei dëser Aktivitéit am Asaz. D’Benotze vun Trainingsmunitioun ass virgesinn.

🇫🇷 Information à la population – Activité militaire

L’Armée luxembourgeoise informe qu’une activité militaire est prévue du 21 au 23 janvier 2026 sur le territoire – ou à proximité de plusieurs communes du Grand-Duché, dont la commune de Manternach. Cette activité a pour but de préparer de futures missions à l’étranger. 29 personnes et 10 véhicules seront engagés. L’utilisation de munitions d’entraînement est prévue.

Poste vacant : pépiniériste-paysagiste (m/f/d)

Poste vacant : pépiniériste-paysagiste (m/f/d)

Postuléiert hei / Postulez ICI

AIDE-MÉMOIRE

des conditions d’admission au poste vacant du salarié à tâche manuelle (m/f/d)

L’Administration Communale de Manternach se propose d’engager
un salarié à tâche manuelle

pépiniériste-paysagiste (m/f/d)

pour les besoins du service de régie, « équipe jardinage »
taux d’occupation: 100%, carrière E

Conditions d’admissibilité :
• Détenteur soit d’un Diplôme d’Aptitude Professionnelle (DAP, anciennement CATP) dans le métier du pépiniériste-paysagiste ou similaire, soit d’un certificat étranger reconnu équivalent par le Ministère de l’Éducation nationale.
• Permis de conduire catégorie B
• Être ressortissant d’un Etat membre de l’Union européenne tel que déterminé par la loi du 18 décembre 2009 modifiant l’accès des ressortissants communautaires à la fonction publique luxembourgeoise

Profil souhaité :
• Disposer d’une aptitude manuelle ;
• Autonomie, esprit d’équipe, flexibilité.

Seront considérés comme avantage :
• Expérience professionnelle ;
• Formations ou diplôme supérieur au DAP/CATP;
• Expérience dans la gestion du personnel ;
• Expérience dans la manipulation de tracteurs agricoles/industriels et de machines.

Missions :
• Jardinage et aménagement paysager :
   o Organisation et exécution de diverses tâches de jardinage et d’aménagement paysager ;
   o Maintenance régulière des espaces verts.
• Service hivernal
   o Assurer une permanence pour le service d’entretien en hiver.
• Services communaux généraux :
   o Réaliser diverses missions liées au service de régie communal selon les besoins.

Pièces à joindre obligatoirement à la candidature :
• une lettre de motivation;
• une notice biographique;
• un certificat d’affiliation émis par le CCSS;
• un extrait récent de l’acte de naissance (<3 mois);
• un extrait récent du casier judiciaire (<3 mois);
• une copie de la carte d’identité ou passeport en cours de validité;
• une copie intégrale du permis de conduire en cour de validité;
• une photo d’identité récente;
• copie(s) des diplôme(s) et / ou certificat(s) d’études obtenus le cas échéant;

Les dossiers non complets ne seront pas pris en compte.

Le candidat sera rémunéré selon la carrière E du contrat collectif des ouvriers de la commune de Manternach actuellement en vigueur.
Avant son engagement, le candidat doit passer un examen médical constatant qu’il est apte à exercer la fonction briguée auprès de la commune de Manternach.

Les personnes intéressées, dont le profil répond aux exigences mentionnées ci-dessus doivent adresser leur candidature, par écrit, au collège des bourgmestre et échevins de la commune de Manternach, 3, Kierchewee, L-6850 Manternach jusqu’au 25 février 2026 inclus.

Manternach, le 14 janvier 2026
Le collège des bourgmestre et échevins
Jean-Pierre Hoffmann, bourgmestre
Claude Theisen et Alix Klein-Ungeheuer, échevins

Presentatioun vum Service de Proximité et de l’Ordre

Presentatioun vum Service de Proximité et de l’Ordre

🇱🇺 Invitatioun: Presentatioun vum Service de Proximité et de l’Ordre (SPO) vun de Gemenge Mäertert, Biwer a Manternach

Méi Präsenz op der Plaz, méi Präventioun a méi no bei de Bierger. 🤝

Dir sidd häerzlech invitéiert op d’Presentatioun vum SPO:

📅 Dënschdeg, 27. Januar 2026 um 19h00
📍 Centre Beaurepaire, Berbuerg

Aufgabe vum SPO:
Verstäerke vum Sécherheetsgefill an eise Gemengen
Präsenz am Ëmfeld vun de Schoulen
Präventiv Moossnamen
Entlaaschte vun der Police

D’Schäfferéit vun de Gemenge Mäertert, Biwer a Manternach

🇫🇷 Invitation : Présentation du Service de Proximité et de l’Ordre (SPO) des Communes de Mertert, Biwer et Manternach

Plus de présence sur le terrain, plus de prévention et plus proche des citoyens. 🤝

Vous êtes cordialement invités à la présentation du SPO :

📅 Mardi 27 janvier 2026 à 19h00
📍 Centre Beaurepaire, Berbourg

Missions du SPO :
Renforcer le sentiment de sécurité dans nos communes
Présence aux abords des écoles
Mesures préventives
Décharger la Police

Les Collèges des bourgmestre et échevins des communes de Mertert, Biwer et Manternach

Chrëschtbeemercher

Chrëschtbeemercher

🇱🇺 Asammele vun de Chrëschtbeemercher dëse Samschdeg 10. Januar 2026. 🎄Denkt drun, se virun 8 Auer erauszestellen. 🌲

🇫🇷 Collecte des sapins de Noël ce samedi 10 janvier 2026. 🎄 N’oubliez pas de les mettre dehors avant 8 heures du matin. 🌲

🇬🇧 Collection of Christmas trees this Saturday, January 10, 2026. 🎄 Don’t forget to place them outside before 8 a.m. 🌲

 

Org.: Rudden Hunn / Pompjeesfrënn CIS Manternach 👏🏻👌🏻

Nightlifebus 31.12.2025

Nightlifebus 31.12.2025

𝗡𝗶𝗴𝗵𝘁𝗹𝗶𝗳𝗲𝗯𝘂𝘀 31.12.2025

🇱🇺 Profitéiert op 𝗦𝗶𝗹𝘃𝗲𝘀𝘁𝗲𝗿 vum 𝗡𝗶𝗴𝗵𝘁𝗹𝗶𝗳𝗲𝗯𝘂𝘀, fir secher aus der Stad erëm heemzekommen 😎🍾🎆🚌 Am Annex fannt dir d’Horairen!
🇫🇷 Profitez du 𝗡𝗶𝗴𝗵𝘁𝗹𝗶𝗳𝗲𝗯𝘂𝘀 pour la 𝗦𝗮𝗶𝗻𝘁-𝗦𝘆𝗹𝘃𝗲𝘀𝘁𝗿𝗲 et rentrez chez vous en toute sécurité 😎🍾🎆🚌 Les horaires se trouvent en annexe !

Schéi Feierdeeg – Joyeuses fêtes

Schéi Feierdeeg – Joyeuses fêtes

🇱🇺 🎄 Schéi Feierdeeg! 🎄

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

🥂Mir wënschen iech alleguer schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch an dat neit Joer 2026 an eng gutt Gesondheet!

⚠️ Wichteg Erënnerung: Freedefeier si Silvester an eiser Gemeng verbueden. Passt op Iech op a feiert schéin! 🥂

Neijoersreceptioun 🥂

🇱🇺 De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Manternach invitéieren Iech häerzlech op déi traditionell Neijoersreceptioun,
Dënschdes, de 6. Januar 2026 ëm 19.00 Auer am Centre Beaurepaire zu Berbuerg.

Är Gemeng Manternach

🇫🇷 🎄 Joyeuses fêtes ! 🎄

Chères citoyennes, chers citoyens,

🥂 Nous vous souhaitons de joyeuses fêtes, une bonne année et une bonne santé 2026 !

⚠️ Rappel important : Les feux d’artifice sont interdits sur le territoire de notre commune lors du réveillon du Nouvel An.
Prenez soin de vous et bonnes fêtes ! 🥂

Réception du Nouvel An 🥂

🇫🇷 Le Collège des bourgmestre et échevins et le Conseil Communal de la commune de Manternach ont l’honneur et le plaisir de vous inviter à la réception traditionnelle du Nouvel An qui aura lieu Mardi, le 6 janvier 2026 à 19h00 au Centre Beaurepaire à Berbourg.

Votre commune de Manternach

Chrëschtvakanz – Ännerungen an der Offallcollect

Chrëschtvakanz – Ännerungen an der Offallcollect

🇱🇺‼️♻️🚮 An der Chrëschtvakanz kënnt et zu folgenden Ännerungen an der Offallcollecte:

📦 Glas a Pabeier: Méindeg, 22.12
🍂 Bio: Dënschdeg, 23.12 & Dënschdeg, 30.12
🛍️ Valorlux: Samschdeg, 27.12
🗑️ Dreckskëscht: Méindeg, 29.12

📱💡 Tipp: Behaalt den Offallkalenner ëmmer am Bléck – mat der gratis App „Mäin Offall – Meng Ressourcen”!
📲 D’App erënnert Iech automatesch un d’Collecten – einfach installéieren a mat Zäit erausstellen!
📍 Am AppStore & GooglePlay! @emwelt.lu

🇫🇷‼️♻️🚮 Pendant les vacances de Noël, les modifications suivantes auront lieu dans la collecte des déchets :

📦 Verre et papier : lundi 22/12
🍂 Bio : mardi 23/12 & mardi 30/12
🛍️ Valorlux : samedi 27/12
🗑️ Ordures ménagères : lundi 29/12

📱💡 Astuce : Gardez toujours un œil sur le calendrier des collectes – avec l’application gratuite « Mäin Offall – Meng Ressourcen » !
📲 L’app vous rappelle automatiquement les collectes – il suffit de l’installer et de sortir les poubelles à temps !
📍 Disponible sur l’AppStore & GooglePlay ! @emwelt.lu

Freedefeier – feux d’artifice

Freedefeier – feux d’artifice

🇱🇺 Silvester – Matdeelung un d’Awunner

D’Joer geet sou lues op en Enn zou an en vue vun de Feierdeeg fir d’Joer ofzeschléissen informéiert de Schäfferot vun der Gemeng Manternach, dass kee Freedefeier um Territoire vun der Gemeng erlaabt ass. Dozou gehéieren esouwuel Knupperten, Rakéiten, wéi och aner explosiv Géigestänn. Mir bieden d’Awunner sech un des Mesuren ze halen, aus dem Respekt zu de Matbierger, den Déieren an och der Ëmwelt.
De Schäfferot seet Merci fir Äert Verständnis a wënscht Iech schéi Feierdeeg.

🇫🇷 Saint-Sylvestre – Avis aux habitants

À l’approche des fêtes de fin d’année, le collège échevinal de la Commune de Manternach tient à vous informer que comme l’année dernière, toutes sortes de feux d’artifice, comme l’usage de pétards et d’autres objets détonants similaires, ne sont plus tolérés. Par conséquent, les habitants sont invités à respecter cette mesure, non seulement par respect pour le repos nocturne des gens, mais également par respect pour les animaux et l’environnement.
Le collège échevinal vous remercie pour l’attention que vous porterez à la présente et vous souhaite d’ores et déjà de bonne fêtes de fin d’année.

Buet n° 03-2025

Buet n° 03-2025

ℹ️📣 Buet / Bulletin N° 3-2025

🇱🇺 Den neie Buet ass do!
Elo online a geschwënn an Ärer Bréifkëscht!

Hei e klengen Abléck:
📅 Den Agenda 2026
📸 Fotoen aus dem Liewe bei eis an der Gemeng
🚧 Aktualitéiten an Informatiounen zu de Chantieren
🏡 E flotte Réckbléck iwwert 250 Joer Haaptmann’s Schlass
🥗 E gutt Rezept fir eng waarm Gulaschzopp ass de perfekte Menü fir déi kal Deeg
📋 De Raider mat de Rapporten aus de Gemengerotssëtzungen

🤓 Vill Spaass beim Liesen! 🎄 Mir wënschen Iech e schéi Feierdeeg!

🇫🇷 Le nouveau Bulletin communal est arrivé !
Dès maintenant en ligne et bientôt dans votre boîte aux lettres !

Voici un petit aperçu :
📅 L’agenda 2026
📸 Des photos de la vie dans notre commune
🚧 Actualités et informations sur les chantiers
🏡 “De Réckbléck” sur 250 ans du “Haaptmann’s Schlass”
🥗 Une bonne recette pour une soupe goulache chaude, le menu parfait pour les journées froides
📋 Les rapports des séances du Conseil Communal

🤓 Bonne lecture ! 🎄 Nous vous souhaitons de belles fêtes !

#Buet #Gemeng #Manternach #Commune #Manternach

Gemengerotssëtzung 12.12.2025

Gemengerotssëtzung 12.12.2025

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️

📅 Freides, den 12. Dezember 2025 ëm 14h00
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus

📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:
👥 Personalaffären
💰 Ofstëmmung vum ugepasste Budget 2025 a vum initiale Budget 2026
👮 Approbatioun vun den Uniformen an den Ofzeeche vum Service de proximité vun de Gemenge Mäertert, Biwer a Manternach
➕ Schafe vu Posten
👥 D’Sëtzung ass ëffentlech – all interesséiert Biergerinnen a Bierger si häerzlech wëllkomm!

🇫🇷 Prochaine séance du Conseil communal de Manternach 🏛️

📅 Vendredi 12 décembre 2025 à 14h00
📍 Dans la salle de réunion de la Maison communale

📝 À l’ordre du jour figurent notamment :
👥 Affaires du personnel
💰 Vote du budget rectifié 2025 et du budget initial 2026
👮 Approbation des uniformes et des insignes du service de proximité des Communes de Mertert, Biwer et Manternach
➕ Création de postes

👥 La séance est publique – toutes les personnes intéressées sont les bienvenues !

🇱🇺 Fannt hei de kompletten Ordre du jour
🇫🇷 Retrouvez ici l’ordre du jour complet

👉📎 20251212-Gemengerot-CC_12.12.2025_ODJ_signe.pdf

Poste vacant Fonctionnaire B1

Poste vacant Fonctionnaire B1

VACANCE DE POSTE

L’administration communale de Manternach se propose d’engager pour son service « Secrétariat » un

Fonctionnaire (M/F/D)

à plein temps dans la carrière du groupe de traitement B1, sous-groupe administratif.

Conditions d’admissibilité :

  • être ressortissant d’un État membre de l’Union Européenne ;
  • avoir réussi à l’examen définitive de son sous-groupe de traitement ;
  • une expérience professionnelle dans le domaine du secrétariat communal et/ou du bureau de la population sera considérée comme atout.

L’aide-mémoire contenant les conditions d’engagement ainsi que la liste des documents à fournir peut être consulté ici.

Les candidatures sont à adresser au

Collège des Bourgmestre et Echevins de la Commune de Manternach

3, Kierchewee

L-6850 Manternach

La date limite de dépôt des candidatures est fixée au 19 décembre 2025 inclus.

Les candidatures incomplètes ne seront pas prises en compte.

Postuler [ici]

Manternach, le 3 décembre 2025

Le collège échevinal,

Jean-Pierre HOFFMANN, bourgmestre

Claude THEISEN, échevin

Alix KLEIN-UNGEHEUER, échevine

 

OrangeWeek 25.11 – 10.12.2025

OrangeWeek 25.11 – 10.12.2025

🇱🇺 Am Kader vun der #OrangeWeek gëtt d’Gemeng zu Manternach vum 25. November (Internationalen Dag vun der Eliminatioun vun der Gewalt géint Fraen a Meedercher) bis den 10. Dezember (Internationalen Dag vun de Mënscherechter) orange beliicht. 🧡

@letzsayno #LetzSayNo #OrangeWeek #OrangeTheWorld #orangezvotremonde #lëtzsaynotoviolence

Méi Informatioune fannt Dir hei : www.cnfl.lu ou www.facebook.com/letzsayno/

🇫🇷 Dans le cadre de la #OrangeWeek, la maison communale de Manternach sera illuminée en orange du 25 novembre (Journée internationale pour l’élimination de la violence à l’égard des femmes et des filles) au 10 décembre (Journée internationale des droits de l’homme). 🧡

@letzsayno #LetzSayNo #OrangeWeek #OrangeTheWorld #orangezvotremonde #lëtzsaynotoviolence

Plus d’informations ici : www.cnfl.lu ou www.facebook.com/letzsayno/

 

 

Update Navette Lelleg – vum 24.11.2025 un!

Update Navette Lelleg – vum 24.11.2025 un!

UPDATE – Navette

🇱🇺⚠️ Update wéinst de Stroossenaarbechten – Buslinn-Perturbatiounen zu Lelleg 🚌
Well de Ruffbus eréischt ab 08:30 Auer fiert, setzt d’Gemeng eng Navette vu Méindes bis Freides fir d’Awunner vu Lelleg an, och elo Mëttes, ab e Méindeg 24.11.2025:

🕒 Navette-Faarten:

Moies – Lelleg → Manternach:
Lelleg 06:28 → Manternach 06:33
Lelleg 07:28 → Manternach 07:33
Lelleg 08:28 → Manternach 08:33

Nomëttes – Manternach → Lelleg:
Manternach 16:40 → Lelleg
Manternach 17:40 → Lelleg

Dës Navette deckt déi Zuchverbindungen (16:16, 17:16) an d’Buslinn 273 aus béide Richtungen of.

🚌 Ruffbus – gratis fir all Awunner vu Lelleg
Ausserhalb vun dësen Zäite kënnt dir eise Ruffbus notzen – egal ob dir op Manternach oder an eng aner Richtung wëllt.
Dëse Service ass fir all Bierger vu Lelleg gratis, bis eng dauerhaft Alternativ feststeet.
Mir soen iech Merci fir äert Versteesdemech! 🙏

🇫🇷⚠️ Mise à jour en raison des travaux routiers – Perturbations des lignes de bus à Lellig 🚌
Comme le Ruffbus ne circule qu’à partir de 08h30, la commune met en place une navette du lundi au vendredi pour les habitants de Lellig, désormais également l’après-midi, à partir du lundi 24.11.2025 :

🕒 Courses de la navette :
Matin – Lellig → Manternach :
Lellig 06:28 → Manternach 06:33
Lellig 07:28 → Manternach 07:33
Lellig 08:28 → Manternach 08:33

Après-midi – Manternach → Lellig :
Manternach 16:40 → Lellig
Manternach 17:40 → Lellig

Cette navette couvre les correspondances ferroviaires (16:16, 17:16) et la ligne de bus 273 en provenance des deux directions.

🚌 Ruffbus – gratuit pour tous les habitants de Lellig
En dehors de ces horaires, vous pouvez utiliser notre Ruffbus – que ce soit en direction de Manternach ou vers une autre destination.
Ce service est gratuit pour tous les habitants de Lellig, jusqu’à ce qu’une solution durable soit mise en place.
Merci pour votre compréhension ! 🙏

🇱🇺 ⚠️ Avis wéinst Stroossenaarbechten – Perturbatioun vun de Buslinnen 🚌

Wéinst Aarbechte vun der Administration des Ponts et Chaussées ass den C.R.139 tëscht Lelleg an Hierber fir de Verkéier gespaart vum Méindeg, 17. November 2025, bis Samschdeg, 31. Juli 2027.

👉 Betraffe Linnen: 273, B13, B16, B20 a B21

🔹 Linn 273
Fiert vun Hierber direkt iwwer de C.R.135 a Richtung Berbuerg – C.R.137 op Manternach – duerno normalen Trajet (an ëmgekéiert).
🚫 Lelleg gëtt net ugefuer.

🔹 Linnen B13, B20, B21 a C14
Fuere vu Lelleg iwwert de Feldwee a Richtung Berbuerg – C.R.135 op Hierber – duerno normalen Trajet. 🚫 Den Arrêt Hierber-Hierber Millen gëtt net bedéngt.

🔹 Linn B16
Fuere vu Lelleg iwwer de Feldwee a Richtung Berbuerg – C.R.137 op Bech – duerno normalen Trajet. 🚫 Den Arrêt Hierber-Hierber Millen gëtt net bedéngt.

🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 ⚠️ Avis – Perturbation du trafic et des lignes de bus 🚌

En raison de travaux routiers de l’Administration des Ponts et Chaussées, le C.R.139 entre Lellig et Herborn sera fermé à toute circulation du lundi 17 novembre 2025 au samedi 31 juillet 2027 inclus.

👉 Lignes concernées : 273, B13, B16, B20 et B21

🔹 Ligne 273
Circulation directe de Herborn via le C.R.135 vers Berbourg – C.R.137 vers Manternach – puis itinéraire normal (et vice-versa).
🚫 La localité Lellig ne sera pas desservie.

🔹 Lignes B13, B20, B21 et C14
Circulation de Lellig via le chemin vicinal vers Berbourg – C.R.135 vers Herborn – puis itinéraire normal. 🚫 L’arrêt Herborn-Hierber Millen ne sera pas desservi.

🔹 Ligne B16
Circulation de Lellig via le chemin vicinal vers Berbourg – C.R.137 vers Bech – puis itinéraire normal. 🚫 L’arrêt Herborn-Hierber Millen ne sera pas desservi.

🙏 Merci pour votre compréhension !

Kleeschen Club des Jeunes Manternach

Kleeschen Club des Jeunes Manternach

🇱🇺 Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen… 🎅

Et ass geschwënn rëm esou wäit! De 5. Dezember kënnt de Kleeschen mam Houseker duerch eis Dierfer Berbuerg, Manternach a Mënjecker.
Club des Jeunes Manternach

>> FLYER

🇫🇷 Cher Saint-Nicolas… 🎅

Le grand moment approche ! Le 5 décembre, le Kleeschen et son Houseker passeront dans nos villages Berbourg, Manternach et Münschecker.
Club des Jeunes Manternach

Service de Proximité et de l’Ordre (SPO) Mäertert, Biwer a Manternach

Service de Proximité et de l’Ordre (SPO) Mäertert, Biwer a Manternach

🇱🇺 🚓🤝 Ee gemeinsame Service de Proximité et de l’Ordre (SPO) fir d’Gemengen Mäertert, Biwer a Manternach!

Viru kuerzem hunn sech déi dräi Gemengen op eng gemeinsam Konventioun fir de Service de Proximité et de l’Ordre (SPO) gëeenegt. D’Zil ass méi Präsenz op der Plaz, méi Präventioun an e besseren Déngscht fir d’Awunner. D’Schäfferéit vun den 3 Gemengen hunn d’Konventioun ënnerschriwwen, déi nach vun de Gemengeréit approuvéiert muss ginn. De Service soll den 1. Januar 2026 ulafen. Et wäert eng gemeinsam Informatiounsversammlung fir d’Bierger aus den 3 Gemengen zu Berbuerg organiséiert ginn. Den Datum kennt no.

Duerch déi regional Kooperatioun kënnen d’Ressourcë besser genotzt an d’Moossnamen optimal ofgestëmmt ginn – e klore Plus fir allen dräi Gemengen.

🇫🇷🚓🤝 Un service commun de Proximité et de l’Ordre (SPO) pour les communes de Mertert, Biwer et Manternach!

Récemment, les trois communes se sont mises d’accord sur une convention commune pour le Service de Proximité et de l’Ordre (SPO). L’objectif est d’assurer une présence accrue sur le terrain, davantage de prévention et un meilleur service aux habitants. Les Collèges Échevinaux des trois communes ont signé la convention, qui doit encore être approuvée par les Conseils Communaux. Le service devrait entrer en fonction le 1er janvier 2026. Une réunion d’information commune pour les citoyens des trois communes sera organisée à Berbourg. La date sera communiquée prochainement.

Grâce à cette coopération régionale, les ressources peuvent être mieux utilisées et les mesures mieux coordonnées – un avantage clair pour les trois communes.

>> Communiqué

Gemengerotssëtzung 19.11.2025

Gemengerotssëtzung 19.11.2025

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️

📅 Mëttwoch, den 19. November 2025 um 15:00 Auer
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus

📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:
1️⃣ Approbatioun vun der interkommunaler Kooperatiounskonventioun iwwert d’Zesummeleeë vun engem Proximitéits- a Sécherheetsdéngscht
2️⃣ Approbatioun vun engem PAP
3️⃣ Ännerung vum Reglement betreffend d’”Allocation de solidarité +”
4️⃣ Approbatioun vun engem Pachtvertrag
7️⃣ Temporär Verkéiersreglementer

👥 D’Sëtzung ass ëffentlech – all interesséiert Biergerinnen a Bierger si häerzlech wëllkomm!

🇫🇷 Prochaine séance du Conseil communal de Manternach 🏛️

📅 Mercredi 19 novembre 2025 à 15h00
📍 Dans la salle de réunion de la Maison communale

📝 À l’ordre du jour figurent notamment :
1️⃣ Approbation de la convention de coopération intercommunale relative à la mise en commun d’un service de proximité et de l’ordre
2️⃣ Approbation d’un plan d’aménagement particulier
3️⃣ Modification du règlement concernant l’allocation de solidarité +
4️⃣ Approbation d’un bail emphytéotique
7️⃣ Règlements temporaires de circulation

👥 La séance est publique – toutes les personnes intéressées sont les bienvenues !

🇱🇺 Fannt hei de kompletten Ordre du jour
🇫🇷 Retrouvez ici l’ordre du jour complet
👉📎 https://manternach.lu/wp-content/uploads/2025/03/20251119-Gemengerot-CC_19.11.2025_ODJ_signe.pdf

De Kleesche kënnt

De Kleesche kënnt

🇱🇺 🎅 De Kleesche kënnt 🎅

📅 Samschdes, den 29. November 2025
🕑 ab 14:00 Auer am Centre Beaurepaire
📍 zu Berbuerg

🎶 Programm 🎶
• De Kleesche gëtt vum Här Buergermeeschter begréisst 👋
• D’Kanner aus dem Fondamental sangen dem Kleeschen e puer Lidder 🎵
• Dono seet de Kleeschen e puer Wuert 🗣️ an da kréien déi brav Kanner aus der Gemeng eng kleng Titchen 🍬🎁

🎺 Musikalesch Begleedung vun der Bech-Berbuerger-Musek 🎷
🍽️ Iessen a Gedrénks organiséiert vun der Elvere 🍰☕

🇫🇷 🎅 Saint Nicolas 🎅

📅 Samedi, le 29 novembre 2025
🕑 à partir de 14:00 heures
📍 au Centre Beaurepaire à Berbourg

🎶 Programme 🎶
• Monsieur le Bourgmestre souhaite la bienvenue à Saint Nicolas 👋
• Les élèves de l’école fondamentale chantent des petites chansons 🎵
• Le Saint Nicolas parle aux enfants 🗣️ et les enfants sages seront gâtés avec des petits sachets de friandises 🍬🎁

🎺 Encadrement musical par la Bech-Berbuerger-Musek 🎷
🍽️ Boissons et petits snacks organisés par l’Elvere 🍰☕

Info Trafic 03.11 – 07.11.2025 Manternach

Info Trafic 03.11 – 07.11.2025 Manternach

🇱🇺 Info Trafic CR137 Iechternacherstrooss 03.11 – 07.11.2025 🚦🚧
Wéinst Infrastrukturaarbechten gëtt de Verkéier op Héicht vum Chantier vun der neier Crèche (6, Iechternacherstrooss) zu Manternach mat Luuchte gereegelt.
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

 

🇫🇷 Info Trafic CR137 Iechternacherstrooss 03.11 – 07.11.2025 🚦🚧
En raison de travaux, la circulation sera régulée par des feux tricolores à hauteur du chantier de la nouvelle crèche (n°6, rue d’Echternach) à Manternach.
🙏 Merci de votre compréhension !

Info Trafic 3-5.11.2025 CR137 Berbuerg a Manternach

Info Trafic 3-5.11.2025 CR137 Berbuerg a Manternach

🇱🇺 Info Trafic 3-5.11.2025 CR137 Berbuerg a Manternach 🛠️🚧
Heimadden informéiere mir Iech, dass den CR137 am Ausgang vu Berbuerg an tëscht Berbuerg a Manternach am Kräizungsberäich mam CR139
🗓️ vum 03.11.2025 bis de 05.11.2025
wéinst Tapis-Aarbechten komplett fir den Duerchgangsverkéier gespaart ass.

🚗➡️ Eng Déviatioun gëtt opgestallt.
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 Info Trafic 3-5.11.2025 CR137 Berbourg et Manternach 🛠️🚧
Nous vous informons que la CR137, à la sortie de Berbourg ainsi qu’entre Berbourg et Manternach, au carrefour avec la CR139, sera
🗓️ fermée à la circulation du 03.11.2025 au 05.11.2025
en raison de travaux de revêtement.

🚗➡️ Une déviation sera mise en place.
🙏 Merci pour votre compréhension !

🚗👨‍👩‍👧‍👦 Elteren, déi hir Kanner an d’Maison Relais bréngen, kënnen um provisoresche Parking nieft dem Beaurepaire parken.
⚠️ Wichteg: Passt w.e.g. op, datt den Accès fir d’Pompjeeën 🚒 fräi bleift!

🔹 D’Kräizung op Héicht vun der Kläranlag : Lelleg → Manternach ass op mee ⛔ Net Richtung Berbuerg!

🔹 De Wee laanscht d’Wandmillen tëscht Lelleg a Berbuerg ass och erëm op, mee Dir kommt net op de Parking bei der Schoul.

🛣️ Accès op de provisoresche Parking aus Richtung
Lelleg, Mënjecker a Manternach :
➡️ via Manternach
➡️ iwwert den Ale Berbuerger Wee
➡️ laanscht d’Berbuerger Kierch
➡️ op de provisoresche Parking 🅿️

🚗👨‍👩‍👧‍👦 Les parents qui amènent leurs enfants à la Maison Relais peuvent se garer sur le parking provisoire à côté du Beaurepaire.
⚠️ Important : Veuillez laisser l’accès libre pour les pompiers 🚒 !

🔹 Carrefour au niveau de la station d’épuration : Lelleg → Manternach ✅ ouvert ⛔ Pas d’accès en direction de Berbourg

🔹 Le chemin passant par l’éolienne entre Lelleg et Berbourg est ouvert, mais il n’y a pas d’accès au parking près de l’école.

🛣️ Accès au parking provisoire depuis
Lellig, Munschecker et Manternach :
➡️ via Manternach
➡️ par le « Ale Berbuerger Wee »
➡️ en passant devant l’église de Berbourg
➡️ jusqu’au parking provisoire 🅿️

Kee Labomobile zu Berbuerg 24.10.2025

Kee Labomobile zu Berbuerg 24.10.2025

🇱🇺 De Labomobile 🧪🚐 kann muer de 24.10.2025 net op Berbuerg kommen.
Mir bieden ëm Versteesdemech a entschëllege eis fir déi méiglech Onannehmlechkeeten.

🇫🇷 Le Labomobile 🧪🚐 ne pourra pas être présent le 24.10.2025 à Berbourg.
Nous vous prions de nous excuser pour la gêne occasionnée et vous remercions pour votre compréhension.

Gemengerotssëtzung 22.10.2025

Gemengerotssëtzung 22.10.2025

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach

📅 Mëttwoch, den 22. Oktober 2025 um 14h30!
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus
📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:

🌲 Approbatioun vum Joresplang 2026 fir den Triage vu Manternach
🏘️ Pacte Logement – Liquidatioun vum Reservefonds
🏅 Reglement fir eng Prime de Mérite am sportlechen a kulturelle Beräich
📐 Punktuell Modifikatiounen vu PAPen
💶 Approbatioun vun Subsiden, Kontrakter a Recetten

👥 D’Sëtzung ass ëffentlech – all interesséiert Biergerinnen a Bierger si häerzlech wëllkomm!

🇫🇷 Prochaine séance du conseil communal

📅 Mercredi 22 octobre 2025 à 14h30!
📍 Salle de réunion à la maison communale à Manternach
📝 À l’ordre du jour figurent notamment :

🌲 Approbation du plan de gestion 2026 du triage de Manternach
🏘️ Pacte Logement – liquidation du fonds de réserve
🏅 Règlement relatif à l’allocation d’une prime de mérite sportif et culturel
📐 Modifications ponctuelles de PAPs
💶 Approbation de subsides extraordinaires, contrats et recettes

👥 La séance est publique – toutes les personnes intéressées sont les bienvenues !

Route barrée Lelleg-Berbuerg 13.10.25 – 23.10.25

Route barrée Lelleg-Berbuerg 13.10.25 – 23.10.25

🚧Strooss gespaart tëscht Lelleg a Berbuerg 13.10.25 – 23.10.25🛑

⚠️Wéinst dem Chantier vun der Wandmillen ass d’Strooss Groebierg vum 13. Oktober bis den 23. Oktober 2025 gespaart.

Merci fir Äert Versteesdemech!

🚧Route barrée entre Lellig et Berbourg 13.10.25 – 23.10.25🛑

⚠️En raison du chantier de l’éolienne , le chemin Groebierg sera fermé du 13 octobre au 23 octobre 2025.

Merci de votre compréhension!

Wandpark Manternach : Aluedung – Invitation

Wandpark Manternach : Aluedung – Invitation

🇱🇺 Aluedung – Kommt kucken!

🌬️ Wandpark Manternach ⚙️
🚛 En aussergewéinleche Schwéiertransport fir de Wandpark Manternach!
📅 22.10.2025 – 12:00
🌐 www.soler.lu

Gesitt de spektakuläre Transport vun no a léiert dobäi méi iwwert den neie Wandpark Manternach.
🥪 Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

📩 Gratis Umeldung :
👉 info@soler.lu
⚠️ D’Umeldung ass obligatoresch, fir datt mir Iech kënne kontaktéieren, falls et Ännerunge mam Datum ginn.
Den Transport vun de Pallen ass vun de Wiederkonditiounen ofhängeg.

🇫🇷 Invitation – Venez nombreux !

🌬️ Wandpark Manternach ⚙️
🚧 Un convoi exceptionnel pour le « Wandpark Manternach » !
📅 22.10.2025 – 12:00
🌐 www.soler.lu

Découvrez ce transport spectaculaire de près et apprenez-en davantage sur le nouveau « Wandpark Manternach ».
🥗 Restauration et boissons seront offertes.

📩 Inscription gratuite :
👉 info@soler.lu
⚠️ L’inscription est obligatoire afin que nous puissions vous contacter en cas de changement de date.
Le transport des pales dépend des conditions météorologiques.

Route barrée Manternach-Mertert 11-12.10.2025

Route barrée Manternach-Mertert 11-12.10.2025

🚧 Strooss gespaart tëscht Manternach a Mertert 11-12.10.2025 🛑

⚠️ Den CR134 „Fausermillen“ gëtt e Samschdeg, den 11. Oktober bis e Sonndeg 12. Oktober 2025 fir Tapis-Aarbechten gespaart.
🔁 Eng Deviatioun gëtt ageriicht 🚗🗺️
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🚧 Route barrée entre Manternach et Mertert les 11 & 12 octobre 2025 🛑

⚠️ La route CR134 « Fausermillen » sera fermée du samedi 11 au dimanche 12 octobre 2025 pour des travaux de revêtement.
🔁 Une déviation sera mise en place 🚗🗺️
🙏 Merci pour votre compréhension !

Virtrag Begréngung vun Haiser

Virtrag Begréngung vun Haiser

🇱🇺 📣 Virtrag Begréngung vun Haiser – organiséiert vun der Ëmweltkommissioun 🌿🌸☀️🌳

Entdeckt, wéi ee mat der Begréngung vun Haiser e positiven Impakt op Klima an Natur ka hunn 🌍💚

📆 Datum: 22.10.2025
🕖 Ufank: 19:00 Auer
📍 Plaz: A Wiewesch, Manternach
🗣️ Virgedroen vum: Tom Dall’Armellina (Biologesch Statioun – SIAS)

Eng flott Geleeënheet fir nei Iddien a praktesch Tipps ronderëm natierlech a nohalteg Wunnformen ze kréien 🌸🏡

🇫🇷 📣 Conférence « Begréngung vun Haiser » – organisée par la Commission de l’Environnement 🌿🌸☀️🌳

Découvrez comment la végétalisation des maisons peut avoir un impact positif sur le climat et la nature 🌍💚

📆 Date : 22.10.2025
🕖 Heure : 19h00
📍 Lieu : A Wiewesch, Manternach
🗣️ Conférencier : Tom Dall’Armellina (Station Biologique – SIAS)

Une belle occasion de découvrir de nouvelles idées et des conseils pratiques pour un habitat plus naturel et durable 🌸🏡

Commémoratiouns Dag 19.10.2025

Commémoratiouns Dag 19.10.2025

De Schäffen- a Gemengerot invitéiert Iech bei de Gedenkfeiere vun der

“Commémoration nationale”

dobäi ze sinn, en Dag deen eis all Joer un d’Zäit vun der Occupatioun 1940-1945 erënnert.

Fir d’Bedeitung vun dësem Dag ze ënnersträiche sinn

e Sonndeg, den 19. Oktober 2025

folgend Gedenkfeiere virgesinn:

Lelleg:

09:00 Auer Mass an der Kierch zu Lelleg

10:00 Auer Cortège bei d’Monument aux Morts, Néierleeë vun enger Gerbe, Ried vum Buergermeeschter, Gedenkminutt a Sonnerie aux Morts, Ofschléissend: d’Heemecht.

No der Mass op deenen 3 aneren Dierfer: Néierleeë vun enger Gerbe, Gedenkminutt an ofschléissend d’Heemecht.

Manternach: 10:30 Auer,

Mënjecker: 10:50 Auer,

Berbuerg: 11:10 Auer.

De Schäfferot, Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter,

Claude THEISEN an Alix KLEIN-UNGEHEUER, Schäffen

Info Trafic & RGTR Lelleg CR139 Duerfstrooss 1-3.10.2025

Info Trafic & RGTR Lelleg CR139 Duerfstrooss 1-3.10.2025

Info Trafic Lelleg CR139

Wéinst Infrastrukturaarbechten an der Duerfstrooss 1A-6A (CR139) zu Lelleg ass d’Strooss hei gespaart.
Eng Deviatioun gëtt gezeechent an d’Bushaltestell bei d’Kierch geréckelt.
Merci fir Äert Versteesdemech!

Info Trafic Lellig CR139

En raison de travaux d’infrastructure dans la Duerfstrooss 1A-6A (CR139) à Lellig, la route sera fermée à la circulation.
Une déviation sera mise en place et l’arrêt de bus sera déplacé près de l’église.
Merci de votre compréhension!

Receptioun fir nei Awunner 8.10.2025 19h Centre Fiisschen

Receptioun fir nei Awunner 8.10.2025 19h Centre Fiisschen

🇱🇺 Madamm, Monsieur,

Hutt Dir Iech an de leschte Joren an der Gemeng Manternach niddergelooss? 🏡
Dann heeschen mir Iech heimat häerzlech wëllkomm 🤗.

Fir Iech ze begréissen, luede mir Iech op eng Receptioun 🍷 an, déi Mëttwochs, den 8. Oktober 2025 um 19.00 Auer am Centre Fiisschen zu Manternach stattfënnt. Dësen Owend wäert ënnert dem Zeeche vum Zesummeliewe 🤝 stoen a gëtt mat engem Patt encadréiert 🥂.
Déi lokal Veräiner 🎶⚽️🎨 an d’Gemeng si vertrueden a wäerten hir Aktivitéiten a Servicer virstellen.
👨‍👩‍👧‍👦 Kanner sinn häerzlech wëllkomm.

Mir hoffen, dass mir Iech zu eise Gäscht kënnen zielen 🌟 a verbleiwe mat beschte Gréiss,

Fir de Schäffen- a Gemengerot vu Manternach
Jean-Pierre Hoffmann, Buergermeeschter
Claude Theisen, Schäffen
Alix Klein-Ungeheuer, Schäffin

Marc Schoellen,
President Integratiounskommissioun

🇫🇷 Madame, Monsieur,

Vous vous êtes installé(e) au cours des dernières années dans la commune de Manternach ? 🏡
Alors nous vous souhaitons la bienvenue 🤗.

Pour marquer cette occasion, nous avons le plaisir de vous inviter à une réception 🍷 qui aura lieu le mercredi 8 octobre 2025 à 19h00 au Centre Fiisschen à Manternach. Cette soirée sera placée sous le signe du vivre-ensemble 🤝 et se clôturera par un verre de l’amitié 🥂.
Les associations locales 🎶⚽️🎨 ainsi que la commune présenteront leurs activités et services.
👨‍👩‍👧‍👦 Les enfants sont chaleureusement les bienvenus.

Nous espérons avoir le plaisir de vous compter parmi nos invités 🌟 et vous adressons nos salutations les plus distinguées.

Pour le Collège des bourgmestre et échevins et le Conseil communal de la commune de Manternach
Jean-Pierre Hoffmann, Bourgmestre
Claude Theisen, Échevin
Alix Klein-Ungeheuer, Échevine

Marc Schoellen,
Président Commission de l’intégration

🇬🇧 Dear Madam or Sir,

Have you settled in the commune of Manternach in recent years? 🏡
Then we warmly welcome you 🤗.

To mark this occasion, we are pleased to invite you to a reception 🍷 to be held on Wednesday, October 8, 2025 at 7:00 p.m. at the Centre Fiisschen in Manternach. This evening will be dedicated to community spirit 🤝 and will conclude with a reception drink 🥂.
Local associations 🎶⚽️🎨 as well as the commune will be present to introduce their activities and services.
👨‍👩‍👧‍👦 Children are, of course, most welcome.

We hope to have the pleasure of welcoming you among our guests 🌟 and send you our best regards.

On behalf of the College of the Mayor and Aldermen and the Communal Council of the Commune of Manternach
Jean-Pierre Hoffmann, Mayor
Claude Theisen, Alderman
Alix Klein-Ungeheuer, Alderwoman

Marc Schoellen,
President Integration Commission