Babysitting an Nohëllef

Opruff un déi Jugendlech

Du gees gäre babysitten oder du bitts anere Schüler Nohëllef un?

Da mell dech am Sekretariat vun der Gemeng!

Mir erstellen op eisem Internetsite e Volet, op deems de dech kanns virstellen.

Interesséiert Eltere kënne sech dann am Sekretariat mellen a kréie vun eis deng Kontakt-Donnéeën.

Fir dech anzeschreiwen, schéck eng Mail op

secretariat@manternach.lu

an däers de ugëss:

  • Däin Numm
  • Däin Alter
  • Sproochen déi’s du schwätz
  • Disponibilitéit
  • Kontakt – Telefon oder Mail

Wichteg Informatiounen déis de eis muss uginn:

Fir de Babysitting:

Hues du e Babysitter-Cours gemaach?

Hues du Erfarung?

Fir d’Nohëllef

Op wéi enger Klass bass du?

Fir wéi eng Fächer respektiv wéi eng Klasse bitts du Nohëllef un?

 

 

Andeems de dech op Grond vun dësem Opruff bei der Gemeng als Babysitter/Nohëllef mells, erkläers de dech domat averstanen, dass d‘Donneeën, déi’s de ugëss, am Kader vum Gesetz vum 25. Mee 2018 ofgespäichert an zum virgesinnen Zweck vertraulech genotzt ginn.

Dernière modification le 07.02.2024

Des articles de la même catégorie

Route Barrée Schullstrooss 16.7.2024 – 26.7.2024

Route Barrée Schullstrooss 16.7.2024 – 26.7.2024

Mir informéieren iech, dass d’Schullstrooss (CR137) virum neie CIS-Gebai (22, Neie Wee) vum 16.7.2024 bis den 26.7.2024 gespaart gëtt. ———————————————– Nous vous informons que la rue « Schullstrooss »(CR137) sera barrée à toute circulation du 16.7.2024 au 26.7.2024 à...

lire plus
Route Barrée Syrdallstrooss 14.7.2024

Route Barrée Syrdallstrooss 14.7.2024

Mir informéieren iech, dass d’Syrdallstrooss tëscht dem Haus n°30 an der Kraizung mat der Iechternachertsrooss den 14.7.2024 (9h00-17h00) gespaart gëtt. ———————————————– Nous vous informons que la rue « Syrdallstrooss » sera barrée à toute circulation le 14.7.2024...

lire plus
Aller au contenu principal