Mesuren fir Energie ze spueren / Mesures en vue de la réduction de la consommation énergétique

A senger Reunioun vum 26. Oktober 2022 huet de Gemengerot vu Manternach eng Charta ugeholl, déi d’Mesuren en vue vun enger Reduktioun vum Energieverbrauch an der Gemeng Manternach reegelt.

Dës ëmfaassen ënner anerem eng Erhéijung vun de Subsiden fir d’Bierger fir déi erneierbar Energien nach méi ze fërderen.

Dans sa réunion du 26 octobre 2022, le conseil communal de Manternach a adopté une charte concernant la mise en œuvre de mesures en vue de la réduction de la consommation énergétique dans le cadre de la crise d’énergie actuelle.

Parmi les mesures figurent entre autres l’augmentation des subsides pour les citoyens en vue de la promotion des énergies renouvelables.

 

Ausserdeem si folgend Mesuren decidéiert ginn:

 

  • D’Beliichtung vun der Duerfplaz zu Berbuerg, vum Gemengenhaus a vun de Kierchen gëtt ausgeschalt.
  • D’Stroosseluuchten op Gemengestroossen, déi haut zu 88% aus LED-Luuchten bestinn, ginn komplett op LED ëmgerüst an d’Majoritéit gëtt tëschent 24:00 a 5:00 Auer op 30% vun hirer Leeschtung erofgefuer.
  • Wou et méiglech ass gëtt op erneierbar Energien zeréckgegraff.
  • D’Gemengesubsiden fir d’Bierger ginn eropgesat fir erneierbar Energien ze promouvéieren.
  • Op den Diercher vun de Gemengegebaier gi systematesch Photovoltaik-Anlagen installéiert.
  • D’Chrëschtdagsbeliichtung gëtt limitéiert an et gëtt just LED-Beliichtung agesat.
  • All d’Utilisateuren vun de Gemengegebaier gi sensibiliséiert.
  • D’WIFI-Punkten an de Gemengegebaier ginn, am Beräich vum Méiglechen, tëschent 24:00 a 7:00 Auer ausgeschalt, ausser a Reuniouns- a Konferenzraim.
  • Et gi Systemer installéiert, fir de Verbrauch am Stand-By-Modus vun elektresche Geräter, z.B. bei Computeren an Drucker, ze limitéieren

Les mesures qui ont été décidées par le conseil communal sont les suivantes :

 

  • Eteindre l’éclairage public extérieur de la « Duerfplaz » à Berbourg, de la mairie et des églises.
  • Remplacement intégral de l’éclairage routier (sur la voirie communale) par des lampadaires du type LED (actuellement 88% en LED) et pour la majorité des points lumineux abaissement nocturne à 30 % de la puissance entre 24:00h et 05:00h.
  • Recourir aux énergies renouvelables dans la mesure du possible.
  • Augmenter les montants des subsides communaux pour citoyens en vue de la promotion des énergies renouvelables et de l’économie énergétique.
  • Procéder à la mise en place systématique d’installations photovoltaïques sur les toitures des bâtiments communaux.
  • Limiter la puissance électrique nécessaire pour l’illumination de Noël. L’équipement est du type LED.
  • Sensibilisation des utilisateurs des bâtiments communaux.
  • Éteindre les points WIFI dans tous les bâtiments communaux entre 24.00 et 07.00 heures, excepté dans les salles de réunions et de conférences, dans la mesure du possible ;
  • Mise en place d’un système afin de limiter la consommation stand-by des équipements électriques comme par exemple les ordinateurs et imprimantes
Dernière modification le 28.10.2022

Des articles de la même catégorie

Poste vacant Fonctionnaire B1

Poste vacant Fonctionnaire B1

VACANCE DE POSTE L’administration communale de Manternach se propose d’engager pour son service « Secrétariat » un Fonctionnaire (M/F/D) à plein temps dans la carrière du groupe de traitement B1, sous-groupe administratif. Conditions d’admissibilité : être...

lire plus
OrangeWeek 25.11 – 10.12.2025

OrangeWeek 25.11 – 10.12.2025

🇱🇺 Am Kader vun der #OrangeWeek gëtt d'Gemeng zu Manternach vum 25. November (Internationalen Dag vun der Eliminatioun vun der Gewalt géint Fraen a Meedercher) bis den 10. Dezember (Internationalen Dag vun de Mënscherechter) orange beliicht. 🧡 @letzsayno #LetzSayNo...

lire plus
Update Navette Lelleg – vum 24.11.2025 un!

Update Navette Lelleg – vum 24.11.2025 un!

UPDATE - Navette🇱🇺⚠️ Update wéinst de Stroossenaarbechten – Buslinn-Perturbatiounen zu Lelleg 🚌Well de Ruffbus eréischt ab 08:30 Auer fiert, setzt d'Gemeng eng Navette vu Méindes bis Freides fir d'Awunner vu Lelleg an, och elo Mëttes, ab e Méindeg 24.11.2025: 🕒...

lire plus