Nopeschfest – La fête des voisins

Feiert mat Äre Noperen!

Firwat e Nopeschfest?

Seng Noperen ze invitéieren verbessert de
sozialen Zesummenhalt, d’Gesellegkeet an
d’Solidaritéit am Quartier oder am Duerf. Dat ass
de Sënn an Zweck vum Europäesche Fest vun
de Noperen, dat dëst Joer Freides den 26. Mee
stattfënnt. Mat den éischte Schratt a stellt Iech
bei de Nopere vir, déi Dir nach net kennt.

Wien organiséiert d’Nopeschfest ?

Dir, andeems der Är Noperen invitéiert.

Wou soll d’Nopeschfest stattfannen ?

Am Haff oder an der Entrée, am Gaart oder an
engem Appartement, op enger ëffentlecher Plaz,
an engem Park oder einfach op der Strooss…

 

Klick hei fir de Site vum Nopeschfest

Wéi soll d’Nopeschfest organiséiert
ginn ?

– Kontaktéiert d’ Gemeng fir Hëllef an
Ënnerstëtzung mat den Invitatiounen, de
Reklamm-Baatschen, Oofspäergitter
(d’Gemeng Manternach huet leider keng Bänken an
Dëscher fir zur Verfügung ze stellen).
– Lued d’Affiche, Flyeren an d’Invitatiounen
erof op nopeschfest.lu .
– Hänkt Plakater op a verdeelt Invitatiounen
mam Datum, der Auerzäit an der Plaz un
Är Noperen.
– Organiséiert d’Fest zesumme mat deenen
Noperen, déi der am Beschte kennt.
– Eenegt Iech op eng Form fir d’Fest: en
einfachen Aperitif, en Zallotebuffet, e
Grillfest, en Dessertsconcours, ….
Denkt och un d’Kanner!
– Jidderee kann hëllefen an eppes fir ze iessen
oder ze drénke matbréngen.
– Denkt och un d’Dekoratioun an un d’Musek,
mee respektéiert déi Noperen, déi net wëllen
deelhuelen.

Dernière modification le 26.04.2023

Des articles de la même catégorie

Sylvester

Sylvester

D'Joer 2024 geet sou lues op en Enn zou an en vue vun de Feierdeeg fir d'Joer ofzeschléissen, informéiert de Schäfferot vun der Gemeng Manternach, dass kee Freedefeier um Territoire vun der Gemeng erlaabt ass. Dozou gehéieren esouwuel Knupperten, Rakéiten, wéi och...

lire plus
Schéi Feierdeeg

Schéi Feierdeeg

D’Gemeng Manternach wënscht iech alleguer schéi Feierdeeg an eng gutt Gesondheet.La Commune de Manternach vous souhaite de joyeuses fêtes et une bonne santé. Eis Ëffnungszäiten fir d’Feierdeeg:Nos horaires d’ouvertures pendant les fêtes: 24.12.2024: 08:30 –...

lire plus
Collecte des déchets – noël 2024

Collecte des déchets – noël 2024

Wéinst dem Feierdag, en Donneschdeg, de 26.12.2024, kënnt et zu follgenden Ännerungen an der Offallcollecte: Bio-, Glas- a Pabeierpoubelle gi scho muer, Dënsdeg, de 24.12.2024 eidel gemaach; d'Valorlux-Tute ginn e Samsdeg, den 28.12.2024 ewech geholl. Veuillez noter...

lire plus
Aller au contenu principal