Aktioun « Gielt Band »

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol
D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem
eegene Bongert.

All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de
Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen,
Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an
d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze
engagéieren.

D’Gemengen déi bei der Aktioun matmaachen, markéieren déi entspriechend
Uebstbeem mat engem giele Band.

Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch,
Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

Vun dësem Joer u kënne nieft de Gemengen och Privatleit, Veräiner an Entreprisen hier Uebstbeem
der Ëffentlechkeet zur Verfügung stellen.

Méi Informatiounen op antigaspi.lu.

Charte de bonne conduite

Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:
• Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt
ginn.
• Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
• De Bam däerf net beschiedegt ginn.
• D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
• Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
• Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
• Blockéiert keng Zoufaarten.
• D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.

Hei fannt dir d’Beem vun der Gemeng, un deenen der iech kënnt zerwéieren:

Äppelbeem zu Berbuerg bei der Schoul:

http://g-o.lu/3/GRgj

Äppelbeem zu Berbuerg bei der Grillplaz:

http://g-o.lu/3/HGds

Bierebeem zu Manternach bei der Gemeng:

http://g-o.lu/3/kVrT

Dernière modification le 24.08.2023

Des articles de la même catégorie

Bistro a Wiewesch 17.1.2025 18:00

Bistro a Wiewesch 17.1.2025 18:00

🇱🇺 E Freideg 17.1.2025 ass "a Wiewesch" erëm vun 18:00 Auer un de Bistro op! Kommt laanscht a verbréngt e gemittlechen Owend zu Manternach am Duerf! 🇫🇷 Vendredi 17.1.2025, le bistro "a Wiewesch" rouvre ses portes à partir de 18h ! Passez et profitez d'une soirée...

lire plus
Fermeture exeptionnelle 14.1.2025 14h-16h

Fermeture exeptionnelle 14.1.2025 14h-16h

🇱🇺 Heimat informéiere mir, dass de Populatiounsbüro an den Etat Civil haut de Mëtteg, de 14. Januar, ausnamsweis zou sinn 🤓📢 🇫🇷 Nous vous informons que le bureau de la population / état civil seront exceptionnellement fermés cet après-midi, le 14 janvier....

lire plus
Kulturreess op Guédelon 09.-11.05.2025

Kulturreess op Guédelon 09.-11.05.2025

Kulturrees op Guédelon 9. - 11.05.2025 Organisatioun: Geschichts- a Kulturkommissioun Gemeng Manternach Programm: 09.05.2025 Rees vu Manternach a Richtung Auxerre mat Ausfluch an d‘Alstad.Am spéiden Nomëtteg fuere mir da weider op Pouilly-sur-Loire an den Hotel„Hôtel...

lire plus
Aller au contenu principal