Kulturreess op Guédelon 09.-11.05.2025

Kulturrees op Guédelon 9. – 11.05.2025

Organisatioun: Geschichts- a Kulturkommissioun Gemeng Manternach

Programm:

09.05.2025

Rees vu Manternach a Richtung Auxerre mat Ausfluch an d‘Alstad.
Am spéiden Nomëtteg fuere mir da weider op Pouilly-sur-Loire an den Hotel
„Hôtel le Relais de Pouilly“.

10.05.2025

Dagesausfluch op Guédelon mat enger Visite vun ca. 4 Stonne vun enger
mëttelalterlecher Buerg, déi säit 1997 vu ronn 50 Handwierker mat de Methoden,
Materialien a Mëttel vun der Zäit aus dem 13. Joerhonnert gebaut gëtt.
Mëttes fuere mir dann op La Charité-sur Loire mat engem Spadséiertuer vun ca.
90 Minutten. D‘Stad ass en Deel vum Jokeswee a Frankräich.

11.05.2025

No dem Kaffi geet d‘Rees bei den Domaine „Château de Meursault“, wou mir de
Betrib gewise kréien an un enger Wäindégustatioun deelhuele wäerten.
No dem Mëttegiesse geet et dann op d‘Heemrees iwwer Pommard an Dijon.

De Präis läit jee nodeem wéi vill Leit matginn tëschent 545€ a 560€. Den Oppräis fir en
Eenzelzëmmer si 60€. Am Präis ass Kaffi, Mëttegiessen an Owesiesse esou wéi och sämtlech Féierungen, Taxen an Entrée‘en mat abegraffff.

Dat eenzegt wat net mat abegraffff ass, ass d‘Mëttegiessen den 10.05.2025.

D‘Käschte vum Bus gi vun der Gemeng Manternach iwwerholl.

Umelle kann een sech bis den 12. Februar 2025 beim:
Alix Klein-Ungeheuer, per Mail: alixklein@hotmail.de

 

Flyer

Dernière modification le 09.01.2025

Des articles de la même catégorie

CFL Travaux de nuit

CFL Travaux de nuit

🇱🇺 🚧 Manner RE11-Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier Wéinst Aarbechte fueren an den Nuechte vun 22h00 bis 4h00 manner RE11-Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier: 🌙 vu méindes, 21. September 2026, bis donneschdes, 24. September 2026🌙 vu méindes, 28. September 2026, bis...

lire plus
Aktioun « Gielt Band »

Aktioun « Gielt Band »

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!   Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem SyvicolD’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengemeegene Bongert. All Joer verfaulen awer...

lire plus
Rentree 2026 – D’Schoul geet un

Rentree 2026 – D’Schoul geet un

🇱🇺🎒✨ De Schäffen- a Gemengerot wënscht alle Kanner an dem Léierpersonal eng gutt a sécher Rentrée an e flott Schouljoer! Fir vill Schüler ass et dës Schoulrentrée déi éischte Kéier, datt si an d'Schoul ginn. Op eiser Säit an op police.lu fannt Dir Rotschléi fir e...

lire plus