Nuit du Sport
Zu Berbuerg um Campus Renert
Programm
- Fussball mam F.C. Berdenia Berbuerg (um Terrain)
- Dësch-Tennis mam D.T. Berbuerg (uewen am Sall)
- Hip-Hop Danz fir Kanner a Jugendlecher ab 8 Joer mam Let´s Dance Manternach (am Haff)
- Basket mat den East Side Pirates Berbuerg/Waasserbëlleg (an der Hal)
- Turnen a Yoga mat de Fit Fiissercher (am Haff)
- Lacrosse mam Lacrosse Veräin Blacksmiths / Black Lynx Luxembourg Lacrosse (um Terrain)
- Airtramp fir d´Kanner (an der Hal)
- Mountainbike-Touren mat engem Bike-Moniteur ( klengen Tour um 17.00 Auer an e gréisseren Tour um 19.00 Auer) -> Jiddereen muss säin eegene Vëlo an een Helm selwer matbréngen.
Weiderhin gëtt et nach eng flott Animatioun fir d´Kanner.
Fir Iessen a Gedrénks suergen den F.C. Berdenia Berbuerg an d´East Side Pirates.
Et geet um 17.00 Auer lass.