
Kings of Penalty – The Night Before
Se ass rëm do: « The Night Before », fréier berühmt-berüchtegt ënnert dem Numm « Concert Evening » oder och nach bekannt als « Lecker Flieten an e gudde Patt mat de Frënn aus dem Duerf »
Dofir kommt Freides virum Penalty op d’Plaz eppes iessen an drénken. Den Entrée ass fräi, a fir déi musekalesch Stëmmung suergen eis Frënn vun der Bech-Berbuerger Musek a fir den Oofschloss den DJ Maji.
Ab 18h00 si mir prett!



