
Porte Ouverte Centre d’Incendie et de Secours mat Rallye
Porte Ouverte vum neien CIS Manternach den 20. Juni 2026 zu Berbuerg 🚒🧯
Dir wëllt eisen neie Pompjeesbau kucke kommen? Mat ärem Team un engem spannende Rallye Deel huelen?
Dann kommt den 20. Juni op eis Porte Ouverte.
Musikalesch Ënnerhalung, flott Spiller an eng gutt Stëmmung, dat alles fannt dir bei eis zu Berbuerg am neien CIS.
🕚 Programm:
11:00 Auer – Ouverture
12:15 Auer – Concert vun der Bech-Berbuerger Musik
15:00 Auer – Depart vum Rallye
20:15 Auer – Präisiwwerreechung vum Rallye
Iwwert de ganzen Dag – Visitten duerch den CIS
📩 Umeldung Rallye:
Scannt de QR-Code um Flyer oder schéckt eng E-Mail un: asbl@spcm.lu
🎶 De ganzen Owend iwwer suergt Audiorent fir eng gemittlech Ambiance mat Musek.
Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt!🍽️🥂🍻
📍 Adress: 22, Neie Wee, L-6830 Berbuerg
Mir freeën eis op Äre Besuch!☺️



