1. Mee-Feier zu Manternach

D’Entente des Sociétés Manternach invitéiert op hier 1. Mee-Feier 2025

en Donneschdeg, den 1. Mee am Naturzentrum “A Wiewesch” 12, Syrdallstrooss zu Manternach

D’ Entente vun de Veräiner freet sech Iech och dëst Joer nees op hier traditionell Éischt-Mee-Feier ze invitéieren.

Programm :
10h00: Mir treffen eis op der Gare zu Manternach
a gi vun do aus ze Fouss duerch déi schéi
Manternacher Fiels. Ënnerwee maache mir e Meekranz
(also eventuell e Secateur apaken).
11h00: Den Apero-Bar “A Wiewesch” ass op fir déi,
déi net mat wandere kënnen oder wëllen.
±12h00: Kommen d’Wanderer “A Wiewesch” un,
wou de Meekranz opgehaangen gëtt a wou
d’Manternacher Veräiner fir Iessen an Drénken suergen.
Bezuele kann een dëst Joer d’Iessen an d’Gedrénks
mat Bongen, déi d’Entente op der Platz verkeeft.
Vum Grill gëtt et Kotlette, Mettwurschten a
Grillwurschten mat an ouni Kéis.
Fir Vegetarier bidde mir Halloumi (Grillkéis) un.
WICHTEG: Bréngt w.e.g. aus Nohaltegkeetsgrënn
är Telleren a Läffelsgeschier mat.
Eng Umeldung ass net néideg.
N.B. Mir mussen drop opmierksam maachen, dass
d’Entente des Sociétés keng Verantwortung
iwwerhuele kann am Fall wou ënnerwee oder
A Wiewesch e Schued oder en Accident passéiere géif.
Elteren iwwerhuelen d’Verantwortung fir hier Kanner.

Date

01 mai 2025
Expiré!

Heure

Journée entière

Lieu

Centre d'Accueil/Naturschutzzentrum A Wiewesch
Centre d'Accueil/Naturschutzzentrum A Wiewesch
12, Syrdallstrooss, Manternach

Organisateur

Entente des sociétés Manternach a Berbuerg
QR Code