1. Mee-Feier zu Manternach

D’Entente des Sociétés Manternach invitéiert op hier

1. Mee-Feier 2024

e Mëttwoch, den 1. Mee am Naturzentrum “A Wiewesch”, 12, Syrdallstrooss zu Manternach.
D’ Entente vun de Veräiner freet sech Iech och dëst Joer nees op hier traditionell Éischt-Mee-Feier ze invitéieren.
Programm :
10h00: Mir treffen eis op der Gare zu Manternach a gi vun do aus ze Fouss duerch déi schéi Manternacher Fiels. Ënnerwee maache mir e Meekranz (also eventuell e Secateur apaken).
11h00: Den Apero-Bar “A Wiewesch” ass op fir déi, déi net mat wandere kënnen oder wëllen.
±12h00: Kommen d’Wanderer “A Wiewesch” un, wou de Meekranz opgehaangen gëtt a wou d’Manternacher Veräiner fir Iessen an Drénken suergen.
Bezuele kann een dëst Joer d’Iessen an d’Gedrénks mat Bongen, déi d’Entente op der Platz verkeeft.
Vum Grill gëtt et Kotlette, Mettwurschten a Grillwurschten mat an ouni Kéis.
WICHTEG: Bréngt w.e.g. aus Nohaltegkeetsgrënn Är Telleren, Läffelsgeschier a Glieser mat.
Eng Umeldung ass net néideg.
N.B. Mir mussen drop opmierksam maachen, dass d’Entente des Sociétés keng Verantwortung iwwerhuele kann am Fall wou ënnerwee oder A Wiewesch e Schued oder en Accident passéiere géif.
Elteren iwwerhuelen d’Verantwortung fir hier Kanner.

Flyer

Date

01 mai 2024
Expiré!

Heure

10:00
Centre d'Accueil/Naturschutzzentrum A Wiewesch

Lieu

Centre d'Accueil/Naturschutzzentrum A Wiewesch
12, Syrdallstrooss, Manternach
Catégorie
QR Code
Aller au contenu principal