Cabaret « Tri2pattes »

De SYNDICAT D‘ INITIATIVE VU MANTERNACH invitéiert op den neie Comedy-Programm vun Tri2pattes

Fir Laachen, dréckt 3

Bäi Geleeënheet vun hirem 10te Gebuertsdag presentéiert Tri2pattes elo ee besonneschen Jubiläums-Comedy-Programm.
Een Alldag ouni Laachen, dat misst verbuede sinn ! An awer ass Laachen fir muencheree keng Selbstverständlechkeet ! Mir stressen eis, si flemmseg a generft, granzen, ginn heiansdo richteg rosen, obwuel dat eis meeschtens och net wierklech weiderbréngt ! Dobäi, wa mir eis
selwer net ëmmer sou eescht géifen huelen, da kéinte mir vläicht souguer iwwert eisen eegenen Eefalt laachen ! A genee mat der Astellung géif de Bléck an de Spigel fir muenchereen ënner Ëmstänn ganz nei Perspektiven erginn!
Och an dësem neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes ass genee dat de Leitmotiv, an am Fong déi wichtegst Inspiratiounsquell, an dat fir eng Hellewull vu lëschtege Sketcher, Lidder, Dänz, Pantomim a Clownerie. E Moment prall gefëllt mat gudder Laun, dat steet hei um Menü.
Och Laachen ass hei eng Optioun, vläicht souguer fir déi, déi dodran zimmlech zéi sinn ! Traut iech, kommt kucken an iwwerzeegt Iech selwer.
——————-————————
Oweskeess : Samschdes, den 2. Mäerz vun 19:30 un.
Well d’ Sëtzplazen op 150 limitéiert sinn biede mir Iech är Billjeeën ze reservéieren :
 621 22 85 95 – (Marylène Heinz-Kayser)
 markay@pt.lu
Esoubal mir är Reservatioun confirméiert hunn, kënnt dir den Entréespräiss och op
eise Kont iwwerweisen :
Syndicat d’ Initiative de Manternach a.s.b.l.
BGLLULL – LU65 0030 4531 2471 0000
Mentioun : ären Numm – “Tri2pattes”
MIR FREEËN ÄIS OP E FLOTTEN OWEND MAT “TRI2PATTES”

Flyer

Date

02 mars 2024
Expiré!

Heure

20:00
Centre Fiisschen

Lieu

Centre Fiisschen
Manternach, Iechternacherstrooss
QR Code
Aller au contenu principal