Commémoratiouns Dag

De Schäffen- a Gemengerot invitéiert Iech bei de Gedenkfeiere vun der 

“Commémoration nationale” 

dobäi ze sinn, en Dag deen eis all Joer un d’Zäit vun der Occupatioun 1940-1945 erënnert.

Fir d’Bedeitung vun dësem Dag ze ënnersträiche sinn

e Sonndeg, den 19. Oktober 2025

folgend Gedenkfeiere virgesinn:

Lelleg:

09:00 Auer Mass an der Kierch zu Lelleg

10:00 Auer Cortège bei d’Monument aux Morts, Néierleeë vun enger Gerbe, Ried vum Buergermeeschter, Gedenkminutt a Sonnerie aux Morts, Ofschléissend: d’Heemecht.

No der Mass op deenen 3 aneren Dierfer: Néierleeë vun enger Gerbe, Gedenkminutt an ofschléissend d’Heemecht.

Manternach: 10:30 Auer,

Mënjecker: 10:50 Auer,

Berbuerg: 11:10 Auer.

De Schäfferot, Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter,

Claude THEISEN an Alix KLEIN-UNGEHEUER, Schäffen

Date

19 octobre 2025
Expiré!

Heure

09:00

Catégorie

QR Code