Commémoratiounsdag zu Manternach

De Schäffen- a Gemengerot invitéiert Iech bei de Gedenkfeiere vun der “Commémoration nationale” dobäi ze sinn, en Dag deen eis all Joer un d’Zäit vun der Occupatioun 1940-1945 erënnert.
Fir d’Bedeitung vun dësem Dag ze ënnersträiche sinn e Samsdeg, de 14. Oktober 2023 folgend Gedenkfeiere virgesinn:
Manternach:
17:30 Auer: Néierleeë vun enger Gerbe beim Monument aux Morts, Gedenkminutt a Sonnerie aux Morts, ofschléissend d’Heemecht.
18:00 Auer: Mass an der Kierch zu Manternach.
No der Mass op deenen 3 aneren Dierfer: Néierleeë vun enger Gerbe, Gedenkminutt an ofschléissend d’Heemecht.
Mënjecker: 18:45 Auer,
Lelleg: 19:00 Auer,
Berbuerg: 19:20 Auer.

‼️Opgepasst – well d’Mass zu Manternach op e Samsdeg fixéiert ginn ass, sinn d’Feierlechkeeten op e Samsdeg virverluecht, a si net wéi um Manifestatiounskalenner usprünglech ugekënnegt e Sonndeg‼️

Date

14 octobre 2023
Expiré!

Heure

17:30

Lieu

Manternach
Administration communale de Manternach

Organisateur

Administration communale de Manternach
Téléphone
71017227
QR Code
Aller au contenu principal