Fréijoersmaart a Wiewesch

🌸🌿 Fréijoersmaart zu Manternach – E Fest fir d’ganz Famill! 🌿🌸
Wéini?
Sonndeg, 05. Mee vun 10:00-17:00 Auer
Markéiert et an Ärem Kalenner! Dëst Fest soll der net verpassen!
Wou?
Naturschutzzentrum A Wiewesch
12, Syrdallstrooss
L-6850 Manternach
Wat erwaart Iech?
🌼 Geféiert Wanderungen: Entdeckt d’Schéinheet vun der Natur mat eise speziellen geféierten Touren, souguer eng Wanderung mat eise léiwen Ieselcher ass mat dobäi – e Spaass fir Grouss a Kleng!
🎨 Kannerbastelaktivitéit: eng kleng Bastelaktivitéit léisst d’Kreativitéit bei Äre Kanner opbléien.
🍰 Kuchebuffet: De Veräi A Lelleg verwinnt Äre Gomm mat enger Panoplie u leckere Kuchen – dat kennt Dir Iech net entgoe lossen
🌶️ Chili con / sin Carne & Grillwuppen: D’Guide a Scoute verwinnen Iech mat engem gudde Chili con Carne, sengem vegetaresche Contrepart a gudde Grillwuppen – fir déi méi Couragéiert bréngen si och nach gutt schaarf Zose mat…
🥦 Uebst-a Geméisstand: Entdeckt Uebst- a Geméis aus kontrolléiert biologeschem Ubau vum Fromburgerhaff. Perfekt, fir Äre Menu ze beräicheren oder Äre Gaart ze erweideren!
🍹 Selwergebrannte Likören a Drëppen: Erlieft de Goût vun handwierklechem Geschéck vum Lilienhaff – ideal fir selwer ze genéissen oder als Kaddo!
📚 Buchverkaf & Infostänn: Verdéift Äert Wëssen iwwert d’Natur an de Naturschutz. Entdeckt inspiréierend Bicher a informéiert iech un eisen Infostand vun natur&ëmwelt Kanton Grevenmacher
🌸 Slowflower by Kapenaker Blooms: Gitt méi iwwert d’Welt vun nohaltege Blumme gewuer a wéi Dir hier Schéinheet ob nohalteg Aart a Weis an Äert Liewe brénge kennt
🍯 Hunneg aus dem Duerf: Taucht an an d’Welt vum Hunneg!Entdeckt verschidden Hunnegzorten, direkt vun de fläissege Beie bei Iech. De Beiemann Marc Thiel äntwert Iech gären op Är Froen.
🛠️ Schräinerei: Bewonnert d’handwierklech Konscht an den Engagement vun enger besonnescher Schräinerei. All Stéck ass net nëmmen en Unikat, mee hëlleft och dobäi Mënschen déi Ënnerstëtzung ob hirem Wee brauchen, eng Perspektiv ze bidden a nees feste Buedem ënnert hier Féiss ze kréien
🐝 Beiebar vum Beieveräin: erfrëschend Gedrénks un der Bar a spannend Info iwwert Beien direktd obäi!
Kommt laanscht a feiert d’Fréijoer mat eis! 🌸 Ob eleng, mat Frënn oder der Famill – et gëtt fir jiddereen eppes ze entdecken an ze genéissen. Mir freeën eis op Iech!
Gären kennt Dir dëst deelen an eng Invitatioun un Är Léiwer schécken, a freet Iech op e flotten Dag, ganz am Zeeche vun der Natur a Gemeinschaft!
Weider Info kënnt Dir gären per Email kréien: awiewesch@anf.etat.lu
 

Date

05 mai 2024

Heure

10:00 - 17:00
Centre d'Accueil/Naturschutzzentrum A Wiewesch

Lieu

Centre d'Accueil/Naturschutzzentrum A Wiewesch
12, Syrdallstrooss, Manternach
Catégorie

Organisateur

Naturschutzzentrum A WIEWESCH
QR Code
Aller au contenu principal