Info-Owend iwwer de Genealogie-Portail Luxroots

Geschichtsfrënn Manternach

Léif Leit vu Manternach an Ëmgéigend,

Et ka richteg spannend sinn, fir d’Geschicht vun senge Virfaren resp. senger Famill ze erfuerschen. Mee net jiddereen huet d’Zäit an d’Wëssen, fir sech do eranzeschaffen.
Mir hunn zu Lëtzebuerg d’Chance, mam Luxroots-Portal iwwer eng eenzegaarteg Datebank ze verfügen, déi et erlaabt, ouni grouss Fachwëssen seng Familljegeschicht nozesichen.
Fir Eech de Fonctionnement vun dëser Datebank ze erklären, resp. ze weisen, wéi Dir selwer nach zur Vervollstännegung vun dëser Datei bäidroe kënnt, hu mir den Här Georges Eicher, President vu Luxroots invitéiert. Hie wäert mat Hëllef vu praktesche Beispiller weisen, wéi Dir am Luxroots-Portail problemlos déi Informatioune fannt, déi Dir sicht.

Dir sidd duerfir häerzlech invitéiert op en

Info-Owend iwwer de Genealogie-Portail Luxroots

e Mëttwoch, de 5. Mäerz ëm 19 Auer am Centre Culturel “Fiisschen”, Iechternacherstrooss zu Manternach.

Et lount sech garantéiert. Duerno kënne mir nach bei engem Patt e bëssche weider diskutéieren.

> Flyer

 

Date

05 mars 2025
Expiré!

Heure

19:00

Lieu

Centre Fiisschen
Centre Fiisschen
Manternach, Iechternacherstrooss

Organisateur

Geschichtsfrënn Manternach
Geschichtsfrënn Manternach
QR Code