![](https://manternach.lu/wp-content/uploads/2024/01/Liichtmessdag_page-0001.jpg)
Liichtmëssdag zu Manternach
Liichtmëssdag
Geschwënn ass nees Liichtmëssdag, an dofir wollte mir dëst Joer nees mat eise Kanner zu Manternach liichte goen.
Treffpunkt ass den 2. Februar um 17 00 Auer virum ‘A Wiewesch’, vu wou aus mer a Gruppen duerch d’Duerf ginn.
Nom Liichten treffe mer eis nees ‘A Wiewesch‘ wou d’Kanner eppes z iessen an drénken kréien a mer d’Séissegkeeten opdeelen.
Fir eis ze ënnerstëtzen,
wollte mir iech bieden eppes ze baken (Muffins,
Kuch,….)
Wann dir Froen hutt oder fir Bescheed ze soen, wann der eppes bakt (sou kënne
mer d’Quantitéite besser aschätzen), mëllt iech w.e.g. um 691711558 (Myriam)
•Jidderee soll och w.e.g. eng stabil Tut matbréngen
•D’Eltere si wärend dem Liichten an duerno am Sall responsabel fir hir
Kanner.
![QR Code](https://manternach.lu/wp-content/uploads/mec/qr_fa8163983c33c2caab2e2cbd2849d72c.png)