Nationalfeierdag zu Lelleg
De Nationalfeierdag gëtt eis all Joer d’Geleeënheet, eis Verbonnenheet mat eisem Grand-Duc an eisem Land auszedrécken.
Gläichzäiteg kommen d’Bierger de politesch Responsabele méi no, an déi nei Bierger ginn an der Gemeng opgeholl.
De Schäffen- a Gemengerot invitéiert Iech
un de Festivitéiten, déi dëst Joer Donneschdes, den 22. Juni 2023 zu Lelleg organiséiert ginn, deelzehuelen.
Oflaf:
18h30 «Te Deum» an der Kierch zu Lelleg
Dono:
- Cortège vun der Kierch bis an de Centre Kräizstrooss
- Ried vum Buergermeeschter
- Éierewäin
- Gemittlechen Owend mat Musék.
Wärend dem Owend suergen d‘Veräiner vu Lelleg fir Gegrills a Gedrénks!