Nuit du Sport

D’Gemeng Manternach an Zesummenaarbecht mat der Jugend- a Sportskommissioun invitéiert op

d’Nuit du Sport

Den 8. Juni 2024 ab 16h00 zu Berbuerg um Campus Renert

Programm

  • Fussball mam F.C. Berdenia Berbuerg (um Terrain)

Pass-, Dribbel-, Schoss- a Spillatelieren fir Kleng a Grouss

  • Dësch-Tennis mam D.T. Berbuerg (uewen am Sall)

Animatioun a Spiller ronderëm den Dëschtennis

  • Basket mat den East Side Pirates Berbuerg/Waasserbëlleg (an der Hal)

– Schosstraining, Ballhandling a  kleng Matcher 3 vs. 3

Zousätzlech : Eisekuch-Atelier

  • Turnen a Yoga mat de Fit Fiissercher (am Haff)

Programm:

17:00 – 17:20 Fitness

17:30 – 18:00 Yoga

18:10 – 18:30 Fitness

18:35 – 19:00 Yoga

  • Schach mam Chess-Atmosphere Manternach (op der Mezzanine am Beaurepaire)

Kleng Aféierung an d’Schach-Spill

  • Mountainbike-Tour mat engem Bike-Moniteur

Klengen Tour um 17.00 Auer a groussen Tour um 18.00 Auer

→ w.e.g am Viraus umellen op juspo@manternach.lu

 Jiddereen muss säin eegene Vëlo an en Helm matbréngen!

  • Aikido mam Cercle d’Aïkido et de Budo Bech (an der Hal)

Demonstratioun all hallef Stonn a kleng Atelieren ab 10 Joer

  • Klengen Abléck an d’Aarbecht vun de Pompjeeën aus der Gemeng Manternach (am Haff)

– 1. Hëllef fir Grouss a Kleng (e.a. Reanimatioun a mam Défibrillator schaffen)
– kleng Atelieren mat Pompjeesmaterial

 

Weiderhin gëtt et nach eng flott Animatioun fir d´Kanner a Form vu Sprangschlass, Airtramp a Cornhole-Spiller.

Fir Iessen a Gedrénks suergt den FC Berdenia Berbuerg

 

all weider Infos fannt dir um Site vun der Nuit du Sport 

Date

08 juin 2024
Expiré!

Heure

16:00
Campus Renert

Lieu

Campus Renert
Schullstrooss, Berbourg
Catégorie
Administration communale de Manternach

Organisateur

Administration communale de Manternach
Téléphone
71017227
QR Code
Aller au contenu principal