
Weekend vun den oppene Kierchen 2025
Weekend vun den Oppene Kierchen 2025
Schwéierpunkt: Déi Adeleg an eise Kierchen
Eis Par „Musel a Syr“ – St-Jacques mécht och dëst Joer erëm beim “Weekend vun den oppene Kierche” mat. Wéi gewinnt, sinn och dës Kéier d’Kierche vu Maacher a Rued-Syr, déi am internationale Reseau vun den Oppene Kierche sinn, op deem Weekend fir de Public op. An de Kierche vu Berbuerg a Wormer gëtt doriwwer eraus sonndes, den 1. Juni 2025 e flotte Programm gebueden.
Hei de Programm vum Sonndeg, 1. Juni 2025
Kierch vu Berbuerg – St-Lambert
14.30 Auer – Begréissung
15.00 Auer – Féierung duerch d’Kierch mam Deche Claude Bache
15.30 Auer – Uergelconcert mam Iechternacher Organist Jos Majerus
16.30 Auer – Konferenz: „Sträifzug duerch d’Geschicht vu Berbuerg an hir
Schlasshären“ mam Claude Theisen
17.15 Auer – Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Manternach

