Babysitting an Nohëllef

Opruff un déi Jugendlech

Du gees gäre babysitten oder du bitts anere Schüler Nohëllef un?

Da mell dech am Sekretariat vun der Gemeng!

Mir erstellen op eisem Internetsite e Volet, op deems de dech kanns virstellen.

Interesséiert Eltere kënne sech dann am Sekretariat mellen a kréie vun eis deng Kontakt-Donnéeën.

Fir dech anzeschreiwen, schéck eng Mail op

secretariat@manternach.lu

an däers de ugëss:

  • Däin Numm
  • Däin Alter
  • Sproochen déi’s du schwätz
  • Disponibilitéit
  • Kontakt – Telefon oder Mail

Wichteg Informatiounen déis de eis muss uginn:

Fir de Babysitting:

Hues du e Babysitter-Cours gemaach?

Hues du Erfarung?

Fir d’Nohëllef

Op wéi enger Klass bass du?

Fir wéi eng Fächer respektiv wéi eng Klasse bitts du Nohëllef un?

 

 

Andeems de dech op Grond vun dësem Opruff bei der Gemeng als Babysitter/Nohëllef mells, erkläers de dech domat averstanen, dass d‘Donneeën, déi’s de ugëss, am Kader vum Gesetz vum 25. Mee 2018 ofgespäichert an zum virgesinnen Zweck vertraulech genotzt ginn.

Dernière modification le 07.02.2024

Des articles de la même catégorie

Offallkollekt-collecte des déchets 25/26.6.2026

Offallkollekt-collecte des déchets 25/26.6.2026

🇱🇺‼️♻️🚮 Grouss Hëtzt: D'Offallkollekt fänkt méi fréi un! Wéinst den héijen Temperaturen (rout Vigilance) fänkt d'Offallkollekt en Donneschdeg, de 25., an e Freideg, de 26. Juni 2026 ausnamsweis schonn um 6.00 Auer un (amplaz um 7.00 Auer). Esou ginn d'Gesondheet an...

lire plus