Opgepasst! Attention!

🇱🇺 ⚠️ Opgepasst!

D’Gemeng Manternach informéiert hir Bierger a Biergerinnen, dass keng Firma vun der Gemeng beoptraagt gouf, fir Solaranlagen ze verkafen oder eng Energieberodung ze proposéieren.

Sollt eng Firma bei Iech doheem optrieden an behaapten, “am Numm vun der Gemeng” ze handelen, da geet et ëm eng falsch an ierféierend Ausso.

Mir ruffen dozou op, virsiichteg ze sinn, näischt ze ënnerschreiwen ouni d’Informatiounen ze iwwerpréiwen, an eis an der Police verdächtegt Verhalen direkt matzedeelen.

🇫🇷 ⚠️ Attention !

La commune de Manternach informe ses habitants qu’aucune société n’a été mandatée par la commune pour vendre des installations solaires ou proposer un conseil en énergie.

Si une entreprise se présente à votre domicile en affirmant agir “au nom de la commune”, il s’agit d’une fausse information.

Nous vous invitons à la prudence, à ne rien signer sans vérification, et à signaler tout comportement suspect à la commune et à la Police.

Dernière modification le 17.07.2025

Des articles de la même catégorie

Fermeture exceptionnelle 21.5.2026 après-midi

Fermeture exceptionnelle 21.5.2026 après-midi

📢 🇱🇺 Léif Biergerinnen a Bierger,D’Gemeng Manternach wëllt Iech informéieren, dass d’Administratioun en Donneschdeg Mëtteg, den 21. Mee 2026 ausnamsweis zou ass.📞 Bei engem Stierffall kënnt Dir eis w.e.g. ënnert der Nummer +352 621 773 543 erreechen. 🙏 Merci villmools...

lire plus
Nightlifebus Marathon 16.5.2026

Nightlifebus Marathon 16.5.2026

🇱🇺⚠️ Wichteg Info: Wéinst dem Marathon ginn et vum 16. op de 17. Mee Ännerungen un de Bushaltestelle vum Nightlifebus 🏃‍♂️🚌📍 Kuckt och op mobiliteit.lu fir detailléiert Informatiounen. 🇫🇷⚠️ Info importante : En raison du marathon, il y aura des changements aux arrêts...

lire plus