Schüler- a Sportleréierung 2026

🇱🇺 🏅 Schüler- a Sportleréierung 2026 – mell eis deng Resultater!

Fir eis Schüler- a Sportleréierung, déi dëst Joer Mëttwochs, den 21. Oktober 2026 wäert stattfannen, ze preparéieren, invitéiert de Schäfferot all Schüler, Musikanten, esou wéi Sportler a Veräiner aus eiser Gemeng déi am Kader vun enger Federatioun Sport bedreiwen, eis hir Resultater vun der Saison 2025/2026 matzedeelen.

⏳ Delai fir d’Ufroen: Dënschdes, de 15. September 2026
📄 Reglementer a Formulairen: hei ënnendrënner

De Schäfferot
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Claude THEISEN an Alix KLEIN-UNGEHEUER, Schäffen

🇫🇷 🏅 Cérémonie en l’honneur des élèves et des sportifs 2026 – transmettez-nous vos résultats !

Pour préparer notre cérémonie en l’honneur des élèves et des sportifs, qui aura lieu cette année le mercredi 21 octobre 2026, le collège des bourgmestre et échevins invite tous les élèves, musiciens ainsi que les sportifs et clubs de notre commune affiliés à une fédération à nous faire parvenir leurs résultats pour la saison 2025/2026.

⏳ Délai des demandes : mardi, le 15 septembre 2026
📄 Règlements et formulaires : ci-dessous

Le Collège des bourgmestre et échevins
Jean-Pierre HOFFMANN, Bourgmestre
Claude THEISEN et Alix KLEIN-UNGEHEUER, Échevins

Dernière modification le 28.08.2026

Des articles de la même catégorie

Aktioun « Gielt Band »

Aktioun « Gielt Band »

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!   Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem SyvicolD’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengemeegene Bongert. All Joer verfaulen awer...

lire plus
Rentree 2026 – D’Schoul geet un

Rentree 2026 – D’Schoul geet un

🇱🇺🎒✨ De Schäffen- a Gemengerot wënscht alle Kanner an dem Léierpersonal eng gutt a sécher Rentrée an e flott Schouljoer! Fir vill Schüler ass et dës Schoulrentrée déi éischte Kéier, datt si an d'Schoul ginn. Op eiser Säit an op police.lu fannt Dir Rotschléi fir e...

lire plus
Veräinsbuet 2026

Veräinsbuet 2026

🇱🇺📰✨Den neie Veräinsbuet ass do! Vu Sport a Musek bis Kultur a Solidaritéit: 24 Veräiner aus eiser Gemeng weisen, wat se maachen, wou se sech treffen a wéi ee Member gëtt. Vläicht ass jo och eppes fir Iech derbäi? 😉 E grousse Merci un all d'Veräiner fir hir Bäiträg!...

lire plus