Joyeuse Entrée zu Wuermer – Faart mam Schëff mat der groussherzoglecher Koppel

🇱🇺 👑 Joyeuse Entrée zu Wuermer — 5 Plaze fir Awunner aus eiser Gemeng

E Freideg, den 2. Oktober ëm 15 Auer kommen de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse an d’Gemeng Wuermer op Éinen, wou sech d’Regioun presentéiert an uschléissend e grousst Volleksfest ass.

🚢 Eis Gemeng dierf 5 Awunner nennen, déi d’Gemeng Manternach beim Accueil vun der Groussherzoglecher Koppel op der M.S. „Princesse Marie-Astrid » vertrieden. De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse huelen d’Schëff zu Wuermer a fueren no der Begréissung zesumme mat den Invitéen aus de verschidde Gemenge bis op Éinen.

✍️ Wann Dir um Schëff derbäi wëllt sinn, mellt Iech w.e.g. bis en Dënschdeg, den 11. August 2026, bei der Gemeng:
📧 receptions@manternach.lu

🎲 Wa méi Umeldungen erakomme wéi Plazen do sinn, ginn déi 5 Persoune per Auslousung gezunn. All Ugemellt kréien duerno Bescheed.

🎉 Alleguer d’Awunner an d’Awunnerinnen aus der Gemeng Manternach sinn häerzlech invitéiert fir zu Éinen bei der Joyeuse Entrée vun der Groussherzoglecher Koppel mat dobäi ze sinn.

ℹ️ Är Kontaktdate ginn eleng fir d’Organisatioun vun dëser Aktioun benotzt.

📷 © Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

🇫🇷 👑 Joyeuse Entrée à Wormeldange — 5 places pour des habitants de notre commune

Le vendredi 2 octobre à 15h00, le Grand-Duc et la Grande-Duchesse arriveront dans la commune de Wormeldange, à Ehnen, où la région se présentera et où se tiendra ensuite une grande fête populaire.

🚢 Notre commune peut désigner 5 habitants qui représenteront la Commune de Manternach lors de l’accueil du couple grand-ducal à bord du M.S. « Princesse Marie-Astrid ». Le Grand-Duc et la Grande-Duchesse embarqueront à Wormeldange. Après l’accueil officiel, ils rejoindront Ehnen en compagnie des invités des différentes communes.

✍️ Si vous souhaitez être à bord, veuillez vous inscrire auprès de la commune jusqu’au mardi 11 août 2026 :
📧 receptions@manternach.lu

🎲 Si le nombre d’inscriptions dépasse celui des places disponibles, les 5 personnes seront désignées par tirage au sort. Toutes les personnes inscrites en seront informées.

🎉 Tous les habitants et habitantes de la Commune de Manternach sont cordialement invités à assister à Ehnen à la Joyeuse Entrée du couple grand-ducal.

ℹ️ Vos coordonnées seront utilisées uniquement pour l’organisation de cette action.

📷 © Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Dernière modification le 05.08.2026

Des articles de la même catégorie

Aktioun « Gielt Band »

Aktioun « Gielt Band »

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!   Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem SyvicolD’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengemeegene Bongert. All Joer verfaulen awer...

lire plus
Rentree 2026 – D’Schoul geet un

Rentree 2026 – D’Schoul geet un

🇱🇺🎒✨ De Schäffen- a Gemengerot wënscht alle Kanner an dem Léierpersonal eng gutt a sécher Rentrée an e flott Schouljoer! Fir vill Schüler ass et dës Schoulrentrée déi éischte Kéier, datt si an d'Schoul ginn. Op eiser Säit an op police.lu fannt Dir Rotschléi fir e...

lire plus
Veräinsbuet 2026

Veräinsbuet 2026

🇱🇺📰✨Den neie Veräinsbuet ass do! Vu Sport a Musek bis Kultur a Solidaritéit: 24 Veräiner aus eiser Gemeng weisen, wat se maachen, wou se sech treffen a wéi ee Member gëtt. Vläicht ass jo och eppes fir Iech derbäi? 😉 E grousse Merci un all d'Veräiner fir hir Bäiträg!...

lire plus