Aktioun Bestëbserstauden 2026 – Action Plantes vivaces pollinisateurs

🇱🇺 🌸 Aktioun Bestëbserstauden 2026 🐝

Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft d’Gemeng Manternach dorun, de Bestëbser an eisen Dierfer erëm méi Pollen- an Nektarquellen ze bidden. Dofir kritt Dir och dëst Joer erëm e Pak mat 6 bestëbserfrëndleche Wëllstaude fir ronderëm d’Haus ze planzen — gratis, ee Pak pro Stot. D’Zuel vun de Päck ass limitéiert, also mellt Iech léiwer fréi.

Mat dëse Staude bitt Dir de Beien, de Päiperleken an anere Bestëbser eng wäertvoll Narungsquell a leescht gläichzäiteg e wichtege Bäitrag fir d’Biodiversitéit. D’Insekte profitéiere vun de natierleche Bléie vun der Färberkamill, dem Margréitchen oder der Moschus-Malve.

Fir déi 6 Staude braucht Dir eng sonneg Fläch vu ronn engem Quadratmeter ronderëm d’Haus. Bei der Liwwerung kritt Dir eng Planz-Uleedung mat allen Infoen derbäi.

📅 Umelle bis Freideg, den 2. Oktober 2026
📦 D’Staude ginn am Oktober vun der Gemeng verdeelt
✉️ Formulaire zeréck per Post oder op info@manternach.lu

De Formulaire fannt Dir hei : [klick]

🇫🇷 🌸 Action « Plantes vivaces pollinisateurs » 2026 🐝

En collaboration avec la station biologique SIAS, la commune de Manternach s’engage à augmenter les sources de pollen et de nectar pour les pollinisateurs dans nos villages. C’est pourquoi vous recevez cette année encore un paquet de 6 vivaces sauvages favorables aux pollinisateurs, à planter aux alentours de la maison — gratuit, un paquet par ménage. Le nombre de paquets est limité, inscrivez-vous donc de préférence rapidement.

En plantant ces vivaces, vous offrez aux abeilles, aux papillons et à de nombreux autres pollinisateurs une précieuse source de nourriture, tout en contribuant activement à la préservation de la biodiversité. Les insectes profitent ainsi des fleurs naturelles de la camomille des teinturiers, de la marguerite ou encore de la mauve musquée.

Prévoyez une surface ensoleillée d’environ un mètre carré aux alentours de la maison pour les 6 plantes. Un guide de plantation vous sera remis lors de la livraison.

📅 Inscription jusqu’au vendredi 2 octobre 2026
📦 Distribution par la commune en octobre
✉️ Formulaire à renvoyer par courrier ou à info@manternach.lu

Le formulaire est disponible ici [clic]

Dernière modification le 10.09.2026

Des articles de la même catégorie

Conseil communal 16.9.2026

Conseil communal 16.9.2026

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️ 📅 Mëttwochs, de 16. September 2026 ëm 14h00📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach 📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:A geschlossener Sëtzung:👤 Nominatioun vun engem Vertrieder am Comité...

lire plus