Kleeschen Club des Jeunes Manternach

🇱🇺 🎅 Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,… ✨

Geschwënn ass et endlech rëm sou wäit, da schloe kleng Kannerhäerzer rëm méi héich, well de Kleeschen de 5. Dezember an d’Duerf kënnt. (Berbuerg, Manternach, Mënjecker) 🎁

Wann Dir och gäre wëllt, datt de Kleesche mam Houseker de 5. Dezember mëttes ab 17 Auer bei Iech Heem kënnt, da fëllt w.e.g. de Coupon ënnen aus a schéckt e bis spéitstens den 1. Dezember dem Jo Haagen op WhatsApp, SMS (+352661200893) oder per Mail (jo_haagen@hotmail.com). 📩

Fir et dem Kleeschen e bëssche méi einfach ze maachen, kënnt Dir eis e klengen Text iwwert d’Kand schreiwen a mat der Umeldung schécken. 📝

Fir weider Informatioune rufft einfach un. 📞

Fir Iech déi genee Auerzäit matzedeelen, gi mir Iech natierlech nach Bescheed. ⏰

Mir soen Iech schonn am Viraus villmools Merci, 🙏

Club des Jeunes Manternach

🇫🇷 🎅 Cher Saint-Nicolas, bon Saint-Nicolas,… ✨

Bientôt, le moment sera enfin revenu où les petits cœurs d’enfants battront plus fort, car le 5 décembre, Saint-Nicolas viendra au village. (Berbourg, Manternach, Münschecker) 🎁

Si vous souhaitez, vous aussi, que Saint-Nicolas et le Père Fouettard passent chez vous le 5 décembre dans l’après-midi à partir de 17 heures, veuillez remplir le coupon ci-dessous et l’envoyer au plus tard le 1er décembre à Jo Haagen par WhatsApp, SMS (+352661200893) ou par e-mail (jo_haagen@hotmail.com). 📩

Pour faciliter un peu la tâche de Saint-Nicolas, vous pouvez nous écrire un petit texte sur votre enfant et l’envoyer avec l’inscription. 📝

Pour de plus amples informations, n’hésitez pas à appeler. 📞

Nous ne manquerons pas de vous communiquer l’heure exacte. ⏰

Nous vous remercions d’avance, 🙏

Club des Jeunes Manternach

#manternach #gemeng #commune #Kleeschen #SaintNicolas

Dernière modification le 18.11.2026

Des articles de la même catégorie

Fermeture exceptionnelle 29.10.2026

Fermeture exceptionnelle 29.10.2026

📢 🇱🇺 Léif Biergerinnen a Bierger,D'Gemeng Manternach wëllt Iech informéieren, dass d'Administratioun en Donneschdeg Mëtteg, den 29. Oktober 2026, ausnamsweis zou ass. 🙏 Merci villmools fir Äert Versteesdemech!📢 🇫🇷 Chères citoyennes, chers citoyens,La commune de...

lire plus