Aktioun « Gielt Band »

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol
D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem
eegene Bongert.

All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de
Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen,
Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an
d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze
engagéieren.

D’Gemengen déi bei der Aktioun matmaachen, markéieren déi entspriechend
Uebstbeem mat engem giele Band.

Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch,
Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

Vun dësem Joer u kënne nieft de Gemengen och Privatleit, Veräiner an Entreprisen hier Uebstbeem
der Ëffentlechkeet zur Verfügung stellen.

Méi Informatiounen op antigaspi.lu.

Charte de bonne conduite

Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:
• Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt
ginn.
• Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
• De Bam däerf net beschiedegt ginn.
• D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
• Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
• Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
• Blockéiert keng Zoufaarten.
• D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.

Hei fannt dir d’Beem vun der Gemeng, un deenen der iech kënnt zerwéieren:

Äppelbeem zu Berbuerg bei der Schoul:

http://g-o.lu/3/GRgj

Äppelbeem zu Berbuerg bei der Grillplaz:

http://g-o.lu/3/HGds

Bierebeem zu Manternach bei der Gemeng:

http://g-o.lu/3/kVrT

Dernière modification le 24.08.2023

Des articles de la même catégorie

Cours de luxembourgeois à Berbourg

Cours de luxembourgeois à Berbourg

Mellt iech elo nach fir d’Lëtzebuergesch-Coursen vun der Gemeng Manternach un. Inscriptioun ënner: https://mlg.lu/content_fr/coursDuSoir.php ___________________________ Inscrivez-vous pour les cours de luxembourgeois de la commune de Manternach lien pour...

lire plus
Ruffbus: neien Horaire ab 1. September 2024

Ruffbus: neien Horaire ab 1. September 2024

Vum 1. September 2024 u fiert de Ruffbus 1 Stonn méi laang:Vu Méindes bis Freides vun 8:30 bis 18:30 Auer.Reservatioun: 28 108-08___________________-À partir du 1er septembre 2024, le Ruffbus circule 1 heure de plus :Du lundi au vendredi de 8h30 à 18h30.Réservation :...

lire plus
Route Barrée Schullstrooss 16.7.2024 – 26.7.2024

Route Barrée Schullstrooss 16.7.2024 – 26.7.2024

Mir informéieren iech, dass d’Schullstrooss (CR137) virum neie CIS-Gebai (22, Neie Wee) vum 16.7.2024 bis den 26.7.2024 gespaart gëtt. ———————————————– Nous vous informons que la rue « Schullstrooss »(CR137) sera barrée à toute circulation du 16.7.2024 au 26.7.2024 à...

lire plus
Aller au contenu principal