🇱🇺 Aschränkunge bei der Entsuergung vum Gréngschnëtt zu Mënjecker
Wéinst dem Optauche vun der Planzebakterie Xylella fastidiosa an der Lëtzebuerger Muselregioun goufe Schutzmoossnamen ergraff, fir eng weider Verbreedung ze verhënneren.
D’Uertschaft Mënjecker läit an der betraffener Pufferzon (zone tampon).
⚠️ Fir d’Awunner vu Mënjecker gëlle bis op Weideres dës Moossnamen:
🌿 Gréngschnëtt
D’Gemeng stellt zu Mënjecker e Container fir de Gréngschnëtt op.
📍 Standuert vum Container:
👉 https://maps.app.goo.gl/SbwgPWtHDe7HURi96
➡️ Mir bieden d’Awunner vu Mënjecker, kee Gréngschnëtt an déi brong Bio-Poubelle ze geheien.
⚠️ Wichtegen Hiwäis
Fir eng weider Verbreedung vun der Bakterie ze verhënneren, däerfe Planzen a Planzematerial, déi potenziell Wiertsplanze vun Xylella fastidiosa sinn, net aus der ofgegrenzter Zon eraus transportéiert ginn.
Bei Verdacht op eng Infektioun soll de Service de la protection des végétaux vun der ASTA informéiert ginn.
📧 pest.alert@asta.etat.lu
🌱 Firwat sinn dës Moossnamen néideg?
Xylella fastidiosa ass eng Bakterie, déi eng grouss Zuel u Planzenaarte befale kann – net nëmme Wäiriewen, mee och Uebstbeem, Zierplanzen an aner Beem a Sträicher.
D’Bakterie kann zu schwéiere Schied féieren, bis hin zum Ofstierwe vun de betraffene Planzen. Si gëtt haaptsächlech duerch bestëmmt Insekten an duerch den Transport vu befallene Planze verbreet.
Dës Schutzmoossnamen déngen dozou, eng weider Verbreedung ze verhënneren an eis Planzen, Gäert an de Wäibau ze schützen.
✅ D’Bakterie stellt keng Gefor fir Mënschen oder Déieren duer.
🙏 Mir bieden all Biergerinnen a Bierger, dës Moossnamen ze respektéieren, a soen Iech Merci fir Äert Verständnis an Är Mathëllef.
Iwwer eventuell Ännerunge wäerte mir Iech informéieren.
ℹ️ Weider Informatiounen iwwer Xylella fastidiosa an déi offiziell Schutzmoossnamen:
👉 https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2026/10-octobre/01-mobibus/14-bacterie-vignoble.html
🇫🇷 Restrictions concernant l’élimination des déchets verts à Münschecker
Suite à la détection de la bactérie Xylella fastidiosa dans la région de la Moselle luxembourgeoise, des mesures de protection ont été mises en place afin d’éviter sa propagation.
La localité de Münschecker se trouve dans la zone tampon concernée.
⚠️ Les mesures suivantes s’appliquent jusqu’à nouvel ordre aux habitants de Münschecker :
🌿 Déchets verts
La commune installe à Münschecker un conteneur spécialement prévu pour les déchets verts.
📍 Emplacement du conteneur :
👉 https://maps.app.goo.gl/SbwgPWtHDe7HURi96
➡️ Nous prions les habitants de Münschecker de ne pas jeter de déchets verts dans la poubelle brune (biodéchets).
⚠️ Information importante
Afin d’éviter toute propagation de la bactérie, il est interdit de transporter hors de la zone délimitée des végétaux ou du matériel végétal susceptibles d’être des plantes hôtes de Xylella fastidiosa.
En cas de suspicion d’infection, il convient de contacter le Service de la protection des végétaux de l’ASTA.
📧 pest.alert@asta.etat.lu
🌱 Pourquoi ces mesures sont-elles nécessaires ?
Xylella fastidiosa est une bactérie qui peut affecter un grand nombre d’espèces végétales – non seulement la vigne, mais également les arbres fruitiers, les plantes ornementales ainsi que d’autres arbres et arbustes.
Cette bactérie peut provoquer d’importants dégâts, pouvant aller jusqu’au dépérissement des plantes infectées. Elle se propage principalement par certains insectes et par le déplacement de végétaux contaminés.
Ces mesures de protection visent à limiter sa propagation et à préserver nos végétaux, nos jardins ainsi que notre patrimoine viticole.
✅ Cette bactérie ne présente aucun danger pour l’être humain ni pour les animaux.
🙏 Nous prions tous les citoyens de respecter ces mesures et les remercions de leur compréhension et de leur collaboration.
Toute modification de ces dispositions sera communiquée en temps utile.
ℹ️ Informations complémentaires sur Xylella fastidiosa et les mesures officielles de protection :
👉 https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2026/10-octobre/01-mobibus/14-bacterie-vignoble.html




