Babysitting an Nohëllef

Opruff un déi Jugendlech

Du gees gäre babysitten oder du bitts anere Schüler Nohëllef un?

Da mell dech am Sekretariat vun der Gemeng!

Mir erstellen op eisem Internetsite e Volet, op deems de dech kanns virstellen.

Interesséiert Eltere kënne sech dann am Sekretariat mellen a kréie vun eis deng Kontakt-Donnéeën.

Fir dech anzeschreiwen, schéck eng Mail op

secretariat@manternach.lu

an däers de ugëss:

  • Däin Numm
  • Däin Alter
  • Sproochen déi’s du schwätz
  • Disponibilitéit
  • Kontakt – Telefon oder Mail

Wichteg Informatiounen déis de eis muss uginn:

Fir de Babysitting:

Hues du e Babysitter-Cours gemaach?

Hues du Erfarung?

Fir d’Nohëllef

Op wéi enger Klass bass du?

Fir wéi eng Fächer respektiv wéi eng Klasse bitts du Nohëllef un?

 

 

Andeems de dech op Grond vun dësem Opruff bei der Gemeng als Babysitter/Nohëllef mells, erkläers de dech domat averstanen, dass d‘Donneeën, déi’s de ugëss, am Kader vum Gesetz vum 25. Mee 2018 ofgespäichert an zum virgesinnen Zweck vertraulech genotzt ginn.

Dernière modification le 07.02.2024

Des articles de la même catégorie

Labomobile

Labomobile

Nei ab dem 18.10.2024: de Labomobile kënnt elo all Freideg vu 7h00 - 8h30 op Berbuerg op d'Duerfplaz. Méi Informatiounen ënner https://manternach.lu/vie-sociale/social/prises-de-sang/   Nouveau à partir du 18.10.2024: Passage du Labomobile tous les vendredis de...

lire plus
APPEL À CANDIDATURES

APPEL À CANDIDATURES

APPEL À CANDIDATURES   L’administration communale de Manternach se propose d’engager pour son service « Secrétariat » un  Fonctionnaire ou Employé (M/F)  à plein temps dans la carrière du groupe de traitement B1, sous-groupe administratif.  Conditions...

lire plus
Vente d’une camionnette

Vente d’une camionnette

L’administration communale de Manternach procédera à la vente au plus offrant de l’objet sous-mentionné :   Camionette Peugeot Boxer 96kW 1ère mise en circulation 23/05/2013 Sans certificat de contrôle technique valable Kilométrage : 79569 km Moteur endommagé...

lire plus
Aller au contenu principal