Fotoconcours – Life is a Beach

Ëm wat geet et?

Well d’Gemeng Manternach eng schéin Gemeng ass, wann net souguer déi schéinsten 😉 kritt Dir, léif Matbewunner*innen, d’Geleeënheet äert Liewen an dëser Gemeng ze fotograféieren.

 All Bierger*in ka bis den 21.9.2022 eng (1) Foto, e Summerbild aschécken, dat am Joer 2022 geknipst ginn ass.

Aus deene Foto’en, déi ageschéckt ginn, gi 50 Foto’en selektionéiert, déi dann am Wanter 2022-2023 an der Gemeng Manternach ausgestallt ginn.

Dës 50 Foto’en ginn dann och an engem héichwäertege Buch publizéiert, dat all Bierger*in kafe kann. Natierlech kréien déi selektionéiert Participanten hiert Exemplaire geschenkt!

Wien mécht d’Selektioun?

De Jury ass zesummegestallt aus Leit, déi sech professionell mat Foto a bildlecher Dokumentatioun ausernee setzen, wei z.b. dem Jenny Fischbach, Kulturjournalistin vun RTL a Leit aus der Gemeng, wei z.b. dem Anne Schiltz, Dokumentarfilmerin, an e Member vum Photoclub Mandiac.

Selbstverständlech ginn d’Foto’en fir den Jury anonymiséiert, d.h. de Jury weess net wien d’Foto gemaach huet.

Wéi kann een dann elo do mat maachen?

D’Motiv ass Iech iwwerlooss, schéckt eis äre Summer an der Gemeng Manternach.

 All Bewunner vun der Gemeng Manternacher kann 1 Foto aschécken an zwar:

° an digitaler Form : am beschten .jpeg an net ënner 1MB

° AN op Pabeier : mindestens 13cm x 13cm

D’Foto muss bis den 21.9.2022 ageschéckt gi bei der Gemeng Manternach

->Mail:  info@manternach.lu , Postadress: 3, Kierchewee, L-6850 Manternach

Mam Aschécken adheréiert de Participant un d’Bedingunge vum Fotosprojet, d.h:

  • d’Bild ass vun där Persoun gemaach ginn, déi d’Foto aschéckt,
  • déi Persoun, déi d’Bild aschéckt, muss an der Gemeng Manternach wunnen,
  • d’Bild däerf ausgestallt an an engem Buch publizéiert ginn,
  • d’Gemeng Manternach kritt d’Droits d’Auteur fir d’Bild däerfen an hire Publikatiounen ze benotzen,
  • all d’Persounen, déi um Bild sinn, sinn averstane mat der Foto an hirer eventueller Publikatioun.

 Bei der Umeldung kritt een dat entspriechend Dokument ze ënnerschreiwen.

fir weider Infoen & Froen:

fotomanternach@posteo.lu

Dernière modification le 22.09.2022

Des articles de la même catégorie

Coordinateur sportif (m/f/d)

Coordinateur sportif (m/f/d)

🇱🇺 D'Gemeng Manternach stellt an: ∙ 1 Sportskoordinator (m/w/d) Fonctionnaire communal oder Employé communal – Groupe de traitement B1/A2/A1, sous-groupe administratif Interesséiert? 📅 Schéckt eis Är Kandidatur bis den 19. Juni 2026.👉📋 Méi Infoen an den Aide-mémoire...

lire plus
Coupe scolaire zu Berbuerg 21.5.2026

Coupe scolaire zu Berbuerg 21.5.2026

Coupe scolaire zu Berbuerg Haut, 21.5.2026 ass Moies vun 08:00 bis 12:00 Auer ass erëm Coupe scolaire zu Berbuerg! D’Kanner fuere mam Vëlo vum Campus Renert duerch Berbuerg, esou wéi um Plang hei ënnendrënner . Dofir fuert lues, bleift opmierksam a passt gutt op eis...

lire plus