Gratis Suivi bei staarker Hëtzt

🇱🇺 ☀️ Staark Hëtzt: gratis Suivi fir eeler Leit – denkt drun, Iech (nees) anzeschreiwen!

D’Croix-Rouge, d’Direction de la santé an d’COPAS bidden e gratis Iwwerwaachungsservice fir eeler Leit bei staarker Hëtzt un. No der Canicule vun Enn Juni si weider Hëtzeperioden am Summer méiglech – dofir e wichtege Rappel.

👥 Fir wien?
Persounen ab 75 Joer, déi eleng wunnen (oder mat enger Persoun mat limitéierter Autonomie oder Behënnerung), eng limitéiert Selbststännegkeet hunn a keng Hëllef vun der Assurance dépendance kréien.

🏠 Wéi funktionéiert et?
No der Umeldung kënnt e Reseau d’aides et de soins fir eng éischt Visitt bei Iech heem. Bei staarker Hëtzt ginn duerno Iwwerwaachungsvisitten organiséiert an et gëtt gehollef, genuch ze drénken. Wichteg: maacht w.e.g. op, wann d’Fleegepersonal virun der Dier steet, oder mellt Är Absence beim Reseau.

📝 Dir hutt eng Décharge ënnerschriwwen?
Puer Beneficiairen hate bei der éischter Visitt eng Décharge ënnerschriwwen, well e Familljemember reegelméisseg laanschtkoum. Wann Är Situatioun sech geännert huet, oder wann Dir d’Konditiounen erfëllt an nach net ageschriwwe sidd, kënnt Dir Iech bei der Croix-Rouge (nees) umellen.

📞 Aschreiwen:
Telefon: 2755 – Méindes bis Freides (ausser Feierdeeg), vun 8.00 bis 17.00 Auer
E-Mail: canicule@croix-rouge.lu
Per Post: Croix-Rouge luxembourgeoise – Canicule, B.P. 404, L-2014 Luxembourg
Formular an Onlineaschreiwung: santesecu.public.lu

👪 Mir bieden d’Famill, d’Noperen an d’Gesondheetsfachleit, betraffe Persounen ze informéieren an ze begleeden – well déi, déi et brauchen, gesinn dëse Post oft net selwer. 🙏

🇫🇷 ☀️ Fortes chaleurs : suivi gratuit pour les personnes âgées – pensez à vous (ré)inscrire !

La Croix-Rouge, la Direction de la santé et la COPAS proposent un service de surveillance gratuit pour les personnes âgées en cas de fortes chaleurs. Après la canicule de fin juin, de nouveaux épisodes de forte chaleur restent possibles cet été – d’où ce rappel important.

👥 Pour qui ?
Les personnes de 75 ans et plus, vivant seules (ou avec une personne à autonomie limitée ou en situation de handicap), disposant d’une autonomie limitée et ne bénéficiant pas d’une aide de l’assurance dépendance.

🏠 Comment ça fonctionne ?
Une fois inscrit·e, un réseau d’aides et de soins effectue une première visite d’évaluation à domicile. En cas de forte chaleur suivent des visites de surveillance et une aide à l’hydratation. Important : merci d’ouvrir lorsque le personnel soignant se présente, ou de signaler votre absence au réseau.

📝 Vous avez signé une décharge ?
Lors de la première visite, certaines personnes ont signé une décharge parce qu’un membre de la famille passait déjà régulièrement. Si votre situation a changé, ou si vous remplissez les critères sans être encore inscrit·e, vous pouvez recontacter la Croix-Rouge.

📞 Pour vous inscrire :
Téléphone : 2755 – du lundi au vendredi (sauf jours fériés), de 8h00 à 17h00
E-mail : canicule@croix-rouge.lu
Par courrier : Croix-Rouge luxembourgeoise – Canicule, B.P. 404, L-2014 Luxembourg
Formulaire et inscription en ligne : santesecu.public.lu

👪 Nous invitons les familles, les voisins et les professionnels de santé à informer et accompagner les personnes concernées – car celles qui en ont besoin ne voient souvent pas cette publication elles-mêmes. 🙏
#manternach #gemeng #commune #canicule #croixrouge

>>> santesecu.public.lu

Dernière modification le 10.07.2026

Des articles de la même catégorie

CFL Travaux de nuit

CFL Travaux de nuit

🇱🇺 🚧 Manner RE11-Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier Wéinst Aarbechte fueren an den Nuechte vun 22h00 bis 4h00 manner RE11-Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier: 🌙 vu méindes, 21. September 2026, bis donneschdes, 24. September 2026🌙 vu méindes, 28. September 2026, bis...

lire plus
Aktioun « Gielt Band »

Aktioun « Gielt Band »

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!   Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem SyvicolD’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengemeegene Bongert. All Joer verfaulen awer...

lire plus
Rentree 2026 – D’Schoul geet un

Rentree 2026 – D’Schoul geet un

🇱🇺🎒✨ De Schäffen- a Gemengerot wënscht alle Kanner an dem Léierpersonal eng gutt a sécher Rentrée an e flott Schouljoer! Fir vill Schüler ass et dës Schoulrentrée déi éischte Kéier, datt si an d'Schoul ginn. Op eiser Säit an op police.lu fannt Dir Rotschléi fir e...

lire plus