🇱🇺 🌿 Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg 🌿
De Moien hu mir misse feststellen, datt eise Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg iwwerfëllt war an zousätzleche Gréngschnëtt donieft ofgeluecht gouf.
⚠️ Mir wëllen dorop hiweisen, datt dëst net erlaabt ass!
✂️ Zu Lëtzebuerg ginn d’Hecke vun Oktober bis Enn Februar geschnidden. Ab dem 1. Mäerz ass et verbueden, well d’Vullen dann ufänke mat bréien. 🐦
Dat heescht: e grousse Réckschnëtt (op de Stack setzen, radikaalt Zeréckschneiden) muss bis Enn Februar gemaach sinn. Liicht Fleegeschnëtter (Formschnëtter) sinn awer dat ganzt Joer erlaabt, soulaang keng Vullen an der Heck bréien. 🪹
🇫🇷 🌿 Container de déchets verts à Berbourg 🌿
Ce matin, nous avons dû constater que notre container de déchets verts à Berbourg était rempli au-delà de sa capacité et que des déchets verts supplémentaires avaient été déposés à côté. ⚠️ Nous tenons à signaler que cela n’est pas autorisé !
✂️ Au Luxembourg, la taille des haies est autorisée d’octobre à fin février. À partir du 1er mars, elle est interdite, car les oiseaux commencent leur période de nidification. 🐦
Cela signifie qu’une taille importante (rabattage, taille radicale) doit être effectuée avant fin février. Les tailles d’entretien légères (tailles de forme) sont cependant autorisées toute l’année, à condition qu’aucun oiseau ne niche dans la haie. 🪹




