Henri Frank

🇱🇺 De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Manternach huet déi traureg Matdeelung kritt, datt eisen Éierebuergermeeschter Henri Frank verscheet ass.

Den Henri Frank war vun 1975 bis 2005 Buergermeeschter vun eiser Gemeng, an duerno nach eng Kéier vun 2011 bis 2017 – zesumme 36 Joer. 2018 gouf hie fir säi laangjäregt Engagement zum Éierebuergermeeschter genannt.

Mat voller Iwwerzeegung huet hie sech fir eis Gemeng an hir Biergerinnen a Bierger agesat. D’Entwécklung vun eise véier Dierfer huet hie wesentlech matgestalt. Esou war hie maassgeeblech un der Grënnung vum Gemengesyndikat SYNECOSPORT bedeelegt an huet domat de Grondstee fir eis Schoul- a Sportinfrastruktur geluecht.

Och am Veräinsliewe war hien aktiv, ënner anerem als President vum FC Berdenia Berbuerg.

Als Zeeche vun der Trauer hänken d’Fändelen iwwerall an der Gemeng op Hallefmast.

Eis Gedanke si bei senger Famill, där mir eist déift Matgefill ausdrécken.

Merci, Heng. Mir wäerten dech mat Dankbarkeet an Erënnerung behalen. Rou a Fridden.

🇫🇷 Le collège des bourgmestre et échevins et le conseil communal de la commune de Manternach ont appris avec tristesse le décès de notre bourgmestre honoraire, Henri Frank.

Henri Frank a été bourgmestre de notre commune de 1975 à 2005, puis à nouveau de 2011 à 2017, soit 36 ans au total. En 2018, il a été nommé bourgmestre honoraire en reconnaissance de son engagement de longue date.

Avec une profonde conviction, il s’est investi pour notre commune et ses citoyennes et citoyens. Il a contribué de manière déterminante au développement de nos quatre villages. Il a ainsi joué un rôle majeur dans la création du syndicat intercommunal SYNECOSPORT et a posé les bases de nos infrastructures scolaires et sportives.

Il a également été actif dans la vie associative, notamment en tant que président du FC Berdenia Berbourg.

En signe de deuil, les drapeaux sont en berne partout dans la commune.

Nos pensées accompagnent sa famille, à laquelle nous exprimons toute notre sympathie.

Merci, Heng. Nous garderons ton souvenir avec gratitude. Repose en paix.

Dernière modification le 26.10.2026

Des articles de la même catégorie

Kondolenzbuch Henri Frank

Kondolenzbuch Henri Frank

🇱🇺 Kondolenzbuch fir eisen Éierebuergermeeschter Henri Frank Bis e Freideg, den 30. Oktober, ëm 11h30 läit am Gemengenhaus e Kondolenzbuch fir eisen Éierebuergermeeschter Henri Frank aus. Jiddereen, deen Abschid vun him huele wëll, ka sech wärend den Ëffnungszäite vun...

lire plus
Avis Xylella fastidiosa

Avis Xylella fastidiosa

🇱🇺 Aschränkunge bei der Entsuergung vum Gréngschnëtt zu Mënjecker Wéinst dem Optauche vun der Planzebakterie Xylella fastidiosa an der Lëtzebuerger Muselregioun goufe Schutzmoossnamen ergraff, fir eng weider Verbreedung ze verhënneren.D’Uertschaft Mënjecker läit an...

lire plus