Nationalfeierdag 2023

De Nationalfeierdag gëtt eis all Joer d’Geleeënheet, eis Verbonnenheet mat eisem Grand-Duc an eisem Land auszedrécken.

Gläichzäiteg kommen d’Bierger de politesch Responsabele méi no, an déi nei Bierger ginn an der Gemeng opgeholl.

 

De Schäffen- a Gemengerot invitéiert duerfir all Perséinlechkeeten, Veräiner a Clibb, op d‘Festivitéiten, déi um Virowend vum Nationalfeierdag zu Lelleg wäerte stattfannen.

 

Oflaf:

  • 18h30 «Te Deum» an der Kierch zu Lelleg
  • Cortège vun der Kierch bis an de Centre Kräizstrooss
  • Ried vum Buergermeeschter
  • Éierewäin
  • Gemittlechen Owend mat Musék

 

Mat beschte Gréiss.

 

De Schäfferot :

Jean-Pierre Hoffmann, Buergermeeschter,

Alix Klein-Ungeheuer a Claude Theisen, Schäffen

Dernière modification le 15.06.2023

Des articles de la même catégorie

Gemengerotssëtzung 18.3.2026

Gemengerotssëtzung 18.3.2026

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️ 📅 Mëttwochs, den 18. Mäerz 2026 ëm 15h00📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach 📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem: A geschlossener Sëtzung:👤 Personalaffären – Engagement vun engem...

lire plus
Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg

Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg

🇱🇺 🌿 Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg 🌿 De Moien hu mir misse feststellen, datt eise Gréngschnëtt-Container zu Berbuerg iwwerfëllt war an zousätzleche Gréngschnëtt donieft ofgeluecht gouf.⚠️ Mir wëllen dorop hiweisen, datt dëst net erlaabt ass! ✂️ Zu Lëtzebuerg ginn...

lire plus
Les rues au féminin

Les rues au féminin

D’Gemeng Manternach mécht vum 8. bis den 31. Mäerz 2026, am Kader vum Internationalen Dag vun de Fraen, mat bei der Aktioun « Affichons l’Egalité » vum CFNL an dem Syvicol. Bei dëser Aktioun kréie verschidde Stroosse, Plaazen oder Citéën e symboleschen Numm, fir dëse...

lire plus