Neie lëtzebuergesche Pass – Nouveau passeport

🇱🇺 Neie lëtzebuergesche Pass – Wichteg Informatioune fir eis Bierger

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

mir informéieren iech, datt et de Freideg, den 8. Mee 2026 net méiglech ass, eng Demande fir e lëtzebuergesche Pass bei eisem Populatiounsbüro ze maachen. 🛑

De Grond: Et ginn technesch Virbereedunge gemaach, well vum 11. Mee 2026 u gëtt et eng nei Generatioun vum lëtzebuergesche Pass! 🇱🇺

Wat ännert sech?

D’Gëltegkeetsdauer vum Pass gëtt bei erwuessene Persoune vu 5 op 10 Joer verlängert. Hei eng Iwwersiicht vun den neie Gëltegkeetsdaueren:

📌 Kanner ënner 4 Joer → 2 Joer gülteg
📌 Persoune vu 4 bis 18 Joer → 5 Joer gülteg
📌 Erwuessener (ab 18 Joer) → 10 Joer gülteg

Gutt ze wëssen:
✅ Ären aktuelle Pass bleift natierlech weider gülteg
✅ D’Prozedur an d’Taxe fir d’Ufroe vum Pass änneren sech net.
✅ Weider Informatiounen zum neie Pass a sengen Tariffer fannt Dir op guichet.lu 💻

🇫🇷 Nouveau passeport luxembourgeois – Informations importantes pour nos citoyens

Chères citoyennes, chers citoyens,

nous vous informons qu’il ne sera pas possible d’introduire une demande de passeport luxembourgeois auprès de notre bureau de la population le vendredi 8 mai 2026. 🛑

La raison : des préparatifs techniques seront effectués dans le cadre de l’introduction de la nouvelle génération du passeport luxembourgeois, disponible à partir du 11 mai 2026 ! 🇱🇺

Qu’est-ce qui change ?

La durée de validité du passeport pour les personnes adultes passe de 5 à 10 ans. Voici un aperçu des nouvelles durées de validité :

📌 Enfants de moins de 4 ans → 2 ans
📌 Personnes de 4 à 18 ans → 5 ans
📌 Adultes (à partir de 18 ans) → 10 ans

Bon à savoir :
✅ votre passeport actuel reste bien entendu valable
✅ La procédure et les taxes restent inchangées.
✅ Plus d’informations sur le nouveau passeport et ses tarifs sur guichet.lu 💻

Dernière modification le 07.05.2026

Des articles de la même catégorie

CFL Travaux de nuit

CFL Travaux de nuit

🇱🇺 🚧 Manner RE11-Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier Wéinst Aarbechte fueren an den Nuechte vun 22h00 bis 4h00 manner RE11-Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier: 🌙 vu méindes, 21. September 2026, bis donneschdes, 24. September 2026🌙 vu méindes, 28. September 2026, bis...

lire plus
Aktioun « Gielt Band »

Aktioun « Gielt Band »

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!   Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem SyvicolD’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengemeegene Bongert. All Joer verfaulen awer...

lire plus
Rentree 2026 – D’Schoul geet un

Rentree 2026 – D’Schoul geet un

🇱🇺🎒✨ De Schäffen- a Gemengerot wënscht alle Kanner an dem Léierpersonal eng gutt a sécher Rentrée an e flott Schouljoer! Fir vill Schüler ass et dës Schoulrentrée déi éischte Kéier, datt si an d'Schoul ginn. Op eiser Säit an op police.lu fannt Dir Rotschléi fir e...

lire plus