Weekend vun den oppene Kierchen 2025

 

 

Weekend vun den oppene Kierchen 2025

Schwéierpunkt: Déi Adeleg an eise Kierchen

Eis Par „Musel a Syr“ – St-Jacques mécht och dëst Joer erëm beim “Weekend vun den oppene Kierche” mat. Wéi gewinnt, sinn och dës Kéier d’Kierche vu Maacher a Rued-Syr, déi am internationale Reseau vun den Oppene Kierche sinn, op deem Weekend fir de Public op. An de Kierche vu Berbuerg a Wormer gëtt doriwwer eraus sonndes, den 1. Juni 2025 e flotte Programm gebueden.

Hei de Programm vum Sonndeg, 1. Juni 2025 an der Kierch vu Berbuerg – St-Lambert

14.30 Auer – Begréissung
15.00 Auer – Féierung duerch d’Kierch mam Deche Claude Bache
15.30 Auer – Uergelconcert mam Iechternacher Organist Jos Majerus
16.30 Auer – Konferenz: „Sträifzug duerch d’Geschicht vu Berbuerg an hir Schlasshären“ mam Claude Theisen
17.15 Auer – Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Manternach

Dernière modification le 30.05.2025

Des articles de la même catégorie

14.8.2026 6h00 Offallkollekt – Collecte des déchets

14.8.2026 6h00 Offallkollekt – Collecte des déchets

‼️♻️🚮 Offallkollekt 🚮♻️‼️ 🇱🇺 Wéinst der grousser Hëtzt, déi fir muer ugekënnegt ass, fänkt d'Kollekt e Freideg, de 14. August 2026, scho méi fréi un:🕕 um 6 Auer amplaz um 7 Auer! 👉 Stellt Är Dreckskëscht w.e.g. schonn den Owend virdrun eraus oder spéitstens um 6 Auer....

lire plus
Schüler- a Sportleréierung 2026

Schüler- a Sportleréierung 2026

🇱🇺 🏅 Schüler- a Sportleréierung 2026 – mell eis deng Resultater! Fir eis Schüler- a Sportleréierung, déi dëst Joer Mëttwochs, den 21. Oktober 2026 wäert stattfannen, ze preparéieren, invitéiert de Schäfferot all Schüler, Musikanten, esou wéi Sportler a Veräiner aus...

lire plus