De Kleeschen kënnt bei iech heem

Léiwen Kleeschen, gudden Kleeschen,…
Geschwënn ass et endlech rëm sou wäit, da schloe kleng Kannerhäerzer rëm méi héich, well de 5. Dezember kënnt de Kleeschen an d’ Duerf. (Berbuerg, Manternach, Mënjecker)
Wann Dir och gäre wëllt, datt de Kleesche mam Houseker de 5. Dezember mëttes ab 17 Auer bei Iech Heem kënnt, da fëllt w.e.g. de Coupon ënnen aus a schéckt en bis spéitstens den 1. Dezember dem Jo Haagen op Whatsapp, SMS (+352661200893) oder per Mail ( jo_haagen@hotmail.com ).
Fir dem Kleeschen et bëssche méi einfach ze maachen, kënnt Dir eis ee klengen Text iwwert d’Kand schreiwen a mat der Umeldung schécken.
Fir weider Informatioune rufft einfach un.
Fir Iech déi genee Auerzäit matzedeelen, gi mir Iech natierlech nach bescheed
Mir soen Iech schonn am Viraus villmools Merci,
Club des Jeunes Manternach

 

Flyer mam Umeldeformular

Dernière modification le 13.11.2024

Des articles de la même catégorie

Offallkollekt-collecte des déchets 25/26.6.2026

Offallkollekt-collecte des déchets 25/26.6.2026

🇱🇺‼️♻️🚮 Grouss Hëtzt: D'Offallkollekt fänkt méi fréi un! Wéinst den héijen Temperaturen (rout Vigilance) fänkt d'Offallkollekt en Donneschdeg, de 25., an e Freideg, de 26. Juni 2026 ausnamsweis schonn um 6.00 Auer un (amplaz um 7.00 Auer). Esou ginn d'Gesondheet an...

lire plus