🇱🇺 ⚠️ Vandalismus zu Berbuerg
An der Nuecht vun Donneschdeg op Freideg, den 20. op den 21. August 2026, goufen zu Berbuerg muttwëlleg Saache beschiedegt an zerstéiert.
📍 Betraffe Plazen: Campus Renert · „Schullstrooss » · „Am Wangert » · „An der Gruecht »
D’Gemeng Manternach verurteelt dës Akte kloer. Dës Installatioune gi vun der Allgemengheet bezuelt an ënnerhalen. Si sinn do fir jiddereen a solle vu jidderengem respektéiert ginn. All Schued kascht Zäit a Suen, déi anzwousch anescht feelen.
🚨 D’Gemeng huet eng Plainte bei der Police deposéiert.
👀 Appell un d’Bierger: Wann Dir eppes gesinn hutt oder Informatiounen zu dëse Fäll hutt, da mellt Iech w.e.g. direkt:
📞 Police – Commissariat Museldall: (+352) 244 70 1000
📞 Gemeng Manternach: (+352) 71 01 72-21
Hëlleft eis, eis ëffentlech Plaze propper a sécher ze halen, a respektéiert dat, wat eis alleguer gehéiert. Merci fir Är Opmierksamkeet!
🇫🇷 ⚠️ Vandalisme à Berbourg
Dans la nuit de jeudi à vendredi, du 20 au 21 août 2026, des dégradations volontaires ont été commises à Berbourg.
📍 Endroits concernés : Campus Renert · « Schullstrooss » · « Am Wangert » · « An der Gruecht »
La commune de Manternach condamne fermement ces actes. Ces installations sont financées et entretenues par la collectivité. Elles sont là pour tout le monde et doivent être respectées par chacun. Chaque dégât coûte du temps et de l’argent qui manquent ailleurs.
🚨 La commune a déposé une plainte auprès de la police.
👀 Appel aux citoyens : si vous avez été témoin de faits ou si vous disposez d’informations, veuillez nous contacter sans tarder :
📞 Police – Commissariat Museldall : (+352) 244 70 1000
📞 Commune de Manternach : (+352) 71 01 72-21
Aidez-nous à garder nos espaces publics propres, sûrs et respectés. Merci de votre attention !




