Adventsfënsteren – Zesumme Liicht schenken!

🇱🇺✨ Adventsfënsteren – Zesumme Liicht schenken! ✨

D’Jugend- a Sportskommissioun zesumme mat der Integratiounskommissioun sicht no Leit aus der Gemeng, déi an der Adventszäit hir Fënster als Adventsfënster dekoréiere wëllen.

Déi eenzel Fënstere sollen u verschiddenen Deeg am Dezember vun 18:00 bis 20:00 Auer beliicht ginn. Wärend zwou Stonne gëtt esou eng Plaz fir e gemittlecht Beieneen an e gemeinsamen Austausch gebueden.

Du wëlls matmaachen?

Da mell dech bis spéitstens den 2. November iwwert juspo@manternach.lu un a schéck eis deng Adress an däi Wonschdatum mat. Du kanns och eng kleng Aktivitéit oder eppes fir z’iessen oder ze drénken ubidden; dat ass ganz dir iwwerlooss!

Zousätzlech sammelen déi zwou Kommissioune Spende fir de gudden Zweck.
Mir freeën eis iwwer jiddereen, dee matmécht an hëlleft, eis Gemeng an der Adventszäit méi no beieneen an zum Liichten ze bréngen!

🇫🇷✨ Fenêtres de l’Avent – Ensemble, offrons de la lumière ! ✨

La commission de la jeunesse et des sports, en collaboration avec la commission d’intégration, recherche des habitantes et habitants de la commune qui souhaitent décorer une de leurs fenêtres pour en faire une fenêtre de l’Avent.

Les fenêtres seront illuminées à différentes dates en décembre, de 18h00 à 20h00. Pendant ces deux heures, chacune deviendra un lieu de rencontre convivial et d’échange.

Tu veux participer ?

Alors inscris-toi au plus tard le 2 novembre par e-mail à juspo@manternach.lu en nous indiquant ton adresse et la date souhaitée. Tu peux aussi proposer une petite activité ou quelque chose à manger ou à boire ; c’est entièrement à toi de voir !

Par ailleurs, les deux commissions collectent des dons au profit d’une bonne cause.
Nous serons ravis d’accueillir toutes celles et tous ceux qui participeront et nous aideront à rapprocher les habitants de notre commune et à la faire briller pendant l’Avent !

Dernière modification le 21.10.2026

Des articles de la même catégorie

Avis Xylella fastidiosa

Avis Xylella fastidiosa

🇱🇺 Aschränkunge bei der Entsuergung vum Gréngschnëtt zu Mënjecker Wéinst dem Optauche vun der Planzebakterie Xylella fastidiosa an der Lëtzebuerger Muselregioun goufe Schutzmoossnamen ergraff, fir eng weider Verbreedung ze verhënneren.D’Uertschaft Mënjecker läit an...

lire plus
Conseil communal 28.10.2026

Conseil communal 28.10.2026

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️ 📅 Mëttwochs, den 28. Oktober 2026 ëm 14h00📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach 📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:A geschlossener Sëtzung:👤 Engagement vun engem Gemengen-Employé fir de...

lire plus