Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen

Geschwënn ass et endlech rëm sou wäit, da schloe kleng Kannerhäerzer rëm méi héich, well de 5. Dezember kënnt de Kleeschen an d’ Duerf. (Berbuerg, Manternach, Mënjecker)

Wann Dir och gäre wëllt, datt de Kleesche mam Houseker de 5. Dezember mëttes ab 17 Auer bei Iech Heem kënnt, da fëllt w.e.g. de Coupon ënnen aus a schéckt en bis spéitstens den 1. Dezember dem Jo Haagen op Whatsapp, SMS (+352661200893) oder per Mail ( jo_haagen@hotmail.com ).

Fir dem Kleeschen et bëssche méi einfach ze maachen, kënnt Dir eis ee klengen Text iwwert d’Kand schreiwen a mat der Umeldung schécken.

Fir weider Informatioune rufft einfach un.

Fir Iech déi genee Auerzäit matzedeelen, gi mir Iech natierlech nach bescheed

Mir soen Iech schonn am Viraus villmools Merci,

Club des Jeunes Manternach

Dernière modification le 24.11.2023

Des articles de la même catégorie

CFL Travaux de nuit

CFL Travaux de nuit

🇱🇺 🚧 Manner RE11-Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier Wéinst Aarbechte fueren an den Nuechte vun 22h00 bis 4h00 manner RE11-Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier: 🌙 vu méindes, 21. September 2026, bis donneschdes, 24. September 2026🌙 vu méindes, 28. September 2026, bis...

lire plus
Aktioun « Gielt Band »

Aktioun « Gielt Band »

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!   Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem SyvicolD’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengemeegene Bongert. All Joer verfaulen awer...

lire plus
Rentree 2026 – D’Schoul geet un

Rentree 2026 – D’Schoul geet un

🇱🇺🎒✨ De Schäffen- a Gemengerot wënscht alle Kanner an dem Léierpersonal eng gutt a sécher Rentrée an e flott Schouljoer! Fir vill Schüler ass et dës Schoulrentrée déi éischte Kéier, datt si an d'Schoul ginn. Op eiser Säit an op police.lu fannt Dir Rotschléi fir e...

lire plus