Nopeschfest – La fête des voisins

Feiert mat Äre Noperen!

Firwat e Nopeschfest?

Seng Noperen ze invitéieren verbessert de
sozialen Zesummenhalt, d’Gesellegkeet an
d’Solidaritéit am Quartier oder am Duerf. Dat ass
de Sënn an Zweck vum Europäesche Fest vun
de Noperen, dat dëst Joer Freides den 26. Mee
stattfënnt. Mat den éischte Schratt a stellt Iech
bei de Nopere vir, déi Dir nach net kennt.

Wien organiséiert d’Nopeschfest ?

Dir, andeems der Är Noperen invitéiert.

Wou soll d’Nopeschfest stattfannen ?

Am Haff oder an der Entrée, am Gaart oder an
engem Appartement, op enger ëffentlecher Plaz,
an engem Park oder einfach op der Strooss…

 

Klick hei fir de Site vum Nopeschfest

Wéi soll d’Nopeschfest organiséiert
ginn ?

– Kontaktéiert d’ Gemeng fir Hëllef an
Ënnerstëtzung mat den Invitatiounen, de
Reklamm-Baatschen, Oofspäergitter
(d’Gemeng Manternach huet leider keng Bänken an
Dëscher fir zur Verfügung ze stellen).
– Lued d’Affiche, Flyeren an d’Invitatiounen
erof op nopeschfest.lu .
– Hänkt Plakater op a verdeelt Invitatiounen
mam Datum, der Auerzäit an der Plaz un
Är Noperen.
– Organiséiert d’Fest zesumme mat deenen
Noperen, déi der am Beschte kennt.
– Eenegt Iech op eng Form fir d’Fest: en
einfachen Aperitif, en Zallotebuffet, e
Grillfest, en Dessertsconcours, ….
Denkt och un d’Kanner!
– Jidderee kann hëllefen an eppes fir ze iessen
oder ze drénke matbréngen.
– Denkt och un d’Dekoratioun an un d’Musek,
mee respektéiert déi Noperen, déi net wëllen
deelhuelen.

Dernière modification le 26.04.2023

Des articles de la même catégorie

Poste vacant Fonctionnaire B1

Poste vacant Fonctionnaire B1

VACANCE DE POSTE L’administration communale de Manternach se propose d’engager pour son service « Secrétariat » un Fonctionnaire (M/F/D) à plein temps dans la carrière du groupe de traitement B1, sous-groupe administratif. Conditions d’admissibilité : être...

lire plus
OrangeWeek 25.11 – 10.12.2025

OrangeWeek 25.11 – 10.12.2025

🇱🇺 Am Kader vun der #OrangeWeek gëtt d'Gemeng zu Manternach vum 25. November (Internationalen Dag vun der Eliminatioun vun der Gewalt géint Fraen a Meedercher) bis den 10. Dezember (Internationalen Dag vun de Mënscherechter) orange beliicht. 🧡 @letzsayno #LetzSayNo...

lire plus
Update Navette Lelleg – vum 24.11.2025 un!

Update Navette Lelleg – vum 24.11.2025 un!

UPDATE - Navette🇱🇺⚠️ Update wéinst de Stroossenaarbechten – Buslinn-Perturbatiounen zu Lelleg 🚌Well de Ruffbus eréischt ab 08:30 Auer fiert, setzt d'Gemeng eng Navette vu Méindes bis Freides fir d'Awunner vu Lelleg an, och elo Mëttes, ab e Méindeg 24.11.2025: 🕒...

lire plus