Fermeture exceptionnelle 26.9.2025

Fermeture exceptionnelle 26.9.2025

📢 🇱🇺 Léif Biergerinnen a Bierger,
D’Gemeng Manternach wëllt Iech informéieren, dass d’Administratioun e Freideg, de 26. September 2025 ausnamsweis zou ass.
📞 Bei engem Stierffall kënnt Dir eis w.e.g. ënnert der Nummer +352 621 773 543 erreechen.
🙏 Merci villmools fir Äert Versteesdemech!

📢 🇫🇷 Chères citoyennes, chers citoyens,
La Commune de Manternach vous informe que l’administration sera exceptionnellement fermée le vendredi 26 septembre 2025.
📞 En cas de décès, veuillez appeler le +352 621 773 543.
🙏 Merci beaucoup pour votre compréhension !

Gemengerot 24.9.2025 14h00

Gemengerot 24.9.2025 14h00

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung

 

📅 24. September 2025 – 14h00
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus zu Manternach
📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:

💧 Neit Reglement fir d’Ofwaasser
🤝 Reglement iwwer d’Remuneratioun vun Associatiounen bei ëffentlechen Manifestatiounen
📄 Geneemegung vun enger Konventioun mat der Gemeng Bech iwwert d’Zesummenaarbecht fir eng Kläranlag zu Berbuerg
💰 Festleeë vun de Multiplikator-Tauxen vun der Gewerbe- a Grondsteier fir d’Steierjoer 2026
☢️ Ofstëmmung iwwert de Bäitrëtt zu der Allianz vun de lëtzebuergesche Gemengen géint Atomenergie

D’Sëtzung ass ëffentlech – interesséiert Biergerinnen a Bierger si wëllkomm!
#Manternach #Gemengerot #ConseilCommunal

🇫🇷 Prochaine séance du Conseil communal

 

📅 24 septembre 2025 – 14h00
📍 Salle des séances à la maison communale de Manternach
📝 À l’ordre du jour, entre autres :

💧 Règlement à l’assainissement des eaux
🤝 Règlement relatif à la rémunération des associations pour la mise à disposition de membres lors de manifestations publiques
📄 Approbation d’une convention sur les modalités de coopération entre les communes de Manternach et de Bech en vue de la réalisation d’une station d’épuration à Berbourg
💰 Fixation des taux multiplicateurs de l’impôt commercial et de l’impôt foncier pour l’année d’imposition 2026
☢️ Vote sur l’adhésion à l’alliance des communes luxembourgeoise contre l’énergie nucléaire

La séance est publique – citoyennes et citoyens intéressés sont les bienvenus !
#Manternach #ConseilCommunal #Gemengerot

Ordre du jour Conseil Communal Manternach 24 septembre 2025

Schüler- a Sportleréierung 24.9.2025 19h00

Schüler- a Sportleréierung 24.9.2025 19h00

D’Gemeng Manternach invitéiert iech e Mëttwoch, de 24. September 2025, um 19.00h op d’Schüler- a Sportleréierung am Centre Beaurepaire zu Berbuerg.

Hei ginn d’Schüler a Sportler fir hier Verdéngschter a Resultater vum Schouljoer / der Saison 2024-2025 geéiert.
Dir sidd häerzlech agelueden un dëser Feierlechkeet deel ze huelen.

De Schäfferot
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Claude THEISEN an Alix KLEIN-UNGEHEUER, Schäffen

Info Trafic Lelleg CR139 Duerfstrooss 18.9.2025 12h00

Info Trafic Lelleg CR139 Duerfstrooss 18.9.2025 12h00

🇱🇺 Info Trafic Lelleg CR139 Duerfstrooss 18.9.2025 12h00 🚧🏗️
D’Duerfstrooss (CR139) zu Lelleg ass vu muer un erëm op.
🔁 D’Bushaltestell ass muer, 18.9.2025 nach bis 12h bei der Kierch, fir Mëtteg kënnt de Schoultransport also hei un!
Duerno ass d’Bushaltestell erëm op der gewinnter Plaz.
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 Info Trafic Lellig CR139 Rue du Village 18.09.2025 12h00 🚧🏗️
La D’Duerfstrooss (CR139) à Lellig sera de nouveau ouverte à partir de demain.
🔁 L’arrêt de bus restera demain, le 18.09.2025, jusqu’à 12h près de l’église ; à midi, le transport scolaire s’y effectuera!
Ensuite, l’arrêt de bus sera à nouveau à son emplacement habituel.
🙏 Merci pour votre compréhension !

Info Trafic CR137 Iechternacherstrooss 20.8 – 20.9.2025

Info Trafic CR137 Iechternacherstrooss 20.8 – 20.9.2025

🇱🇺 Info Trafic CR137 Iechternacherstrooss 20.8 – 20.9 2025 🚦🚧🏗️
Wéinst Infrastrukturaarbechten um lokale Wärmenetz an der Iechternacherstrooss (CR137) zu Manternach gëtt de Verkéier tëscht “A Wiewesch” an dem Chantier vun der neier Crèche (6, Iechternacherstrooss) an 3 Phase geregelt :
1. 20.08.2025 – 27.08.2025 : Route barrée tëscht de Stroossen Däichwee a Millewee
2. 28.08.2025 – 12.09.2025 : Route barrée tëscht der Syrdallstrooss a 4, Iechternacherstrooss
3. 13.09.2025 – 20.09.2025 : 1 Spuer gespaart a Rout Luuchten 🚦 tëscht 4 a 6 Iechternacherstrooss
🔁 En Deviatioun gëtt gezeechent. 🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 Info Trafic CR137 Iechternacherstrooss 20.8 – 20.9.2025 🚦🚧🏗️
En raison de travaux d’infrastructure sur le réseau de chauffage local, la circulation dans la “Iechternacherstrooss” (CR137) à Manternach sera réglée en 3 phases entre « A Wiewesch » et le chantier de la nouvelle crèche (6, Iechternacherstrooss) :
20.08.2025 – 27.08.2025 : Route barrée entre les rues Däichwee et Millewee
28.08.2025 – 12.09.2025 : Route barrée entre la rue Syrdall et le n°4, Iechternacherstrooss
13.09.2025 – 20.09.2025 : Une voie barrée avec feux tricolores 🚦 entre les n°4 et 6, Iechternacherstrooss
🔁 Une déviation sera mise en place. 🙏 Merci de votre compréhension !

Avis RGTR Ligne 273

Rentree 2025 – D’Schoul geet un

Rentree 2025 – D’Schoul geet un

🇱🇺 Fir vill Schüler ass et dës Schoulrentrée déi éischte Kéier, dass si an d’Schoul ginn. Wéi Dir Är Kanner op de Schoulwee kënnt preparéieren, op wat een als Chauffer sollt oppassen, genee esou wéi allgemeng Rotschléi fir e séchere Schoulwee fannt Dir op dëser Säit an op police.lu.

D’Police wäert an den nächste Woche an der Ëmgéigend vu Schoule present sinn.

Mir wënschen Iech eng schéin a sécher Rentrée.

🇫🇷 Pour de nombreux élèves, cette rentrée scolaire sera la première. Découvrez sur cette page et sur www.police.lu des recommandations générales ainsi que des conseils pour préparer vos enfants au chemin de l’école et à quoi il faut faire attention en tant qu’automobiliste.

La Police sera présente dans les environs des écoles au cours des prochaines semaines.

Nous vous souhaitons une bonne rentrée en toute sécurité.

Info Trafic Lellig CR139 Duerfstrooss 1A-6A 8.9 – 19.9.2025

Info Trafic Lellig CR139 Duerfstrooss 1A-6A 8.9 – 19.9.2025

🇱🇺 Info Trafic Lelleg CR139 Duerfstrooss 8.9 – 19.9 2025 🚧🏗️

Wéinst Infrastrukturaarbechten an der Duerfstrooss 1A-6A (CR139) zu Lelleg ass d’Strooss hei gespaart.
🔁 Eng Deviatioun gëtt gezeechent an d’Bushaltestell bei d’Kierch geréckelt.
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 Info Trafic Lellig CR139 Duerfstrooss 8.9 – 19.9.2025 🚧🏗️

En raison de travaux d’infrastructure dans la Duerfstrooss 1A-6A (CR139) à Lellig, la route sera fermée à la circulation.
🔁 Une déviation sera mise en place et l’arrêt de bus sera déplacé près de l’église.
🙏 Merci de votre compréhension !

La Charly Gaul 7.9.2025

La Charly Gaul 7.9.2025

🚴‍♂️ La Charly Gaul 2025 🚴‍♀️

🇱🇺 Dëse Sonndeg, de 7. September 2025, fënnt déi 35. Editioun vun der traditioneller „La Charly Gaul“ statt.
👉 De Peloton kënnt och duerch eis Gemeng gefuer:
🕚 tëschent ca. 11h15 an 13h30
📍 duerch Berbuerg – An der Gruecht a Schullstrooss – CR137, CR 139
➡️ duerno iwwer Duerfstrooss zu Lelleg erëm erop
Mir bieden d’Awunner an d’Automobilisten ëm Verständnis a Rücksicht während där Zäit. 🙏
Vill Spaass de Coureuren!

🚴‍♂️ La Charly Gaul 2025 🚴‍♀️

🇫🇷 Ce dimanche 7 septembre 2025 aura lieu la 35e édition de la traditionnelle cyclosportive « La Charly Gaul ».
👉 Le peloton traversera également notre commune :
🕚 entre environ 11h15 et 13h30
📍 par Berbourg – « An der Gruecht » et « Schullstrooss » – CR137, CR139
➡️ puis remontera par la Duerfstrooss à Lellig
Nous prions les habitants et les automobilistes de faire preuve de compréhension et de prudence durant ce passage. 🙏
Bonne course à tous les coureurs ! 🎉

Aktioun “Gielt Band”

Aktioun “Gielt Band”

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

 

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol
D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem
eegene Bongert.

All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de
Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen,
Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an
d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze
engagéieren.

D’Gemengen déi bei der Aktioun matmaachen, markéieren déi entspriechend
Uebstbeem mat engem giele Band.

Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch,
Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

🇱🇺 Net nëmmen d’Gemengen, mee och Privatleit, Veräiner an Entreprisen kënnen hir Uebstbeem zur Verfügung stellen. 🍏🌳 Mellt iech hei un a bestellt är giel Bännercher 👉 https://antigaspi.lu/activities/de-projet-gielt-band/

🇫🇷 Non seulement les communes, mais aussi les particuliers, associations et entreprises peuvent mettre leurs arbres fruitiers à disposition. 🍏🌳 Inscrivez-vous ici et commandez votre ruban jaune 👉 https://antigaspi.lu/activities/de-projet-gielt-band/

🇫🇷 🍏 Trop bon pour être jeté – Servez-vous ! 🍐
Dans le cadre de l’action « Ruban Jaune » du Ministère de l’Agriculture et du SYVICOL, vous pouvez cueillir gratuitement les fruits des arbres marqués d’un ruban jaune – pour votre propre consommation. 🌳💛
Les fruits peuvent être dégustés frais, transformés en compote, jus ou confiture… ou même utilisés pour vos pâtisseries ! 🥧
Une belle et durable manière d’éviter le gaspillage alimentaire. 🙌

Charte de bonne conduite

Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:
• Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
• Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
• De Bam däerf net beschiedegt ginn.
• D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
• Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
• Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
• Blockéiert keng Zoufaarten.
• D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.

Charte de bonne conduite

Merci de respecter les règles suivantes lors de la cueillette :
• Seuls les fruits provenant d’un arbre marqué d’un ruban jaune peuvent être cueillis.
• Il est interdit de grimper aux arbres ou d’utiliser une échelle.
• L’arbre ne doit pas être endommagé.
• Les fruits sont destinés à un usage privé.
• Ne prenez que la quantité de fruits dont vous avez besoin.
• Laissez la nature telle que vous l’avez trouvée.
• Ne bloquez pas les accès.
• La cueillette se fait sous votre propre responsabilité.

Hei fannt dir d’Beem vun der Gemeng, un deenen der iech kënnt zerwéieren:

Äppelbeem zu Berbuerg bei der Schoul:

http://g-o.lu/3/GRgj

Bongert mat Uebstbeem bei der Grillplaz tëscht Manternach a Lelleg:

http://g-o.lu/3/HGds

Bieren- an Äppelbeem an zwee Nësserten zu Manternach bei der Gemeng:

http://g-o.lu/3/kVrT

Route barrée Këlterbierg zu Berbourg 20.8. – 12.9.2025

Route barrée Këlterbierg zu Berbourg 20.8. – 12.9.2025

🇱🇺 Info Trafic Këlterbierg 20.8 – 12.9 2025 🚧🏗️
Wéinst Aarbechten an der Strooss Këlterbierg zu Berbourg gëtt d’Strooss vun der Hausnummer 10A bis 20 gespaart.

🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 Info Trafic Këlterbierg 20.08 – 12.9.2025🚧🏗️
En raison de travaux dans la rue Këlterbierg à Berbourg, la rue sera barrée du numéro 10A jusqu’au numéro 20.

🙏 Merci de votre compréhension !

Deklaratioun vun Hënn 2025

Deklaratioun vun Hënn 2025

🇱🇺 📩🐶 Deklaratioun vun Hënn 2025 🐾
Zesumme mat de Rechnunge vum 2. Trimester schécke mir Iech de Formulaire fir d’Deklaratioun vun Hënn 2025.
👉 Mir bieden Iech dëse Formulaire zeréck ze schécken – och am Fall wou Ären Hond 🐕 leider verstuerwen ass oder wann Dir keen Hond am Stot hutt.
📑 D’Formulaire fannt Dir hei : [klick] . Si kënne ganz einfach am PDF ausgefëllt, ënnerschriwwen a per Email ✉️ un info@manternach.lu geschéckt ginn.

🇫🇷 📩🐶 Déclaration des chiens 2025 🐾
Avec les factures du 2ᵉ trimestre, nous vous envoyons le formulaire pour la déclaration des chiens 2025.
👉 Nous vous prions de bien vouloir nous renvoyer ce formulaire – même dans le cas où votre chien 🐕 serait malheureusement décédé ou si vous n’avez pas de chien à la maison.
📑 Le formulaire est disponible ici : [clic] . Il peut être facilement rempli en PDF, signé et envoyé par email ✉️ à info@manternach.lu.

Mariahimmelfaart – Ännerungen an der Offallcollect

Mariahimmelfaart – Ännerungen an der Offallcollect

🇱🇺‼️♻️🚮 Wéinst Mariahimmelfaart, e Freideg, den 15. August 2025, kënnt et zu folgenden Ännerungen an der Offallcollecte:
👉 d’Dreckskëschte gi scho muer, den 13.8.2025 eidel gemaach

📱💡 Tipp: Behaalt den Offallkalenner ëmmer am Bléck – mat der gratis App „Mäin Offall – Meng Ressourcen“!
📲 D’App erënnert Iech automatesch un d’Collecten – einfach installéieren a mat Zäit erausstellen!
📍 Am AppStore & GooglePlay! @emwelt.lu

🇫🇷‼️♻️🚮 En raison de l’Assomption, le vendredi 15 août 2025, les modifications suivantes auront lieu dans la collecte des déchets :
👉 les poubelles seront vidées déjà demain, le 13/08/2025

📱💡 Astuce : Gardez toujours un œil sur le calendrier des collectes – avec l’application gratuite « Mäin Offall – Meng Ressourcen » !
📲 L’app vous rappelle automatiquement les collectes – il suffit de l’installer et de sortir les poubelles à temps !
📍 Disponible sur l’AppStore & GooglePlay ! @emwelt.lu

18/08/2025 CR139 gespaart/barré Manternach-Schorenshaff

18/08/2025 CR139 gespaart/barré Manternach-Schorenshaff

🚧 Strooss gespaart tëscht Manternach an dem Schorenshaff 🛑

⚠️ De CR139 gëtt e Méindeg, den 18. August 2025 vun 09:00 bis 15:00 Auer fir Marquage-Aarbechten gespaart.
🔁 Eng Deviatioun gëtt iwwer den CR134 Richtung Wecker ageriicht 🚗🗺️
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🚧 Route barrée entre Manternach et Schorenshaff 📍

🔒 Le CR139 sera fermé à la circulation le lundi 18/08/2025 de 9h à 15h pour des travaux de marquage 🛣️
➡️ Une déviation sera mise en place via le CR134 en direction de Wecker 🚗🗺️.
🙏 Merci pour votre compréhension et votre patience 🙌

Seniore gesicht fir Schülernohëllef

Seniore gesicht fir Schülernohëllef

Nohëllef ginn
– eng wichteg Aufgab fir e liewegt Mateneen tëscht de Generatiounen

Dir sidd pensionéiert oder hutt e bësse Fräizäit a wëllt aktiv am Duerfliewe matmaachen? Dir schafft gär mat Kanner a wëllt Äert Wësse weiderginn? D’Seniorekommissioun vun der Gemeng Manternach sicht zesumme mam Synecosport engagéiert Senioren, déi Dënschdes an Donneschdes Kanner an Däitsch, Franséisch oder Mathé hëllefen. Eng flott Geleeënheet fir d’Generatioune méi no ze bréngen an aktiv ze bleiwen!
Mellt Iech bei eis a gitt Deel vun engem liewege Projet fir eng staark Gemeinschaft!

Cours de soutien – une mission importante pour une communauté intergénérationnelle vivante

Vous êtes à la retraite ou avez un peu de temps libre et souhaitez participer activement à la vie de la commune? Vous aimez travailler avec des enfants et souhaitez transmettre vos connaissances ? La commission des seniors de la commune de Manternach, en collaboration avec Synecosport, cherche des seniors engagés pour aider les enfants en allemand, français ou mathématiques les mardis et jeudis. Une belle opportunité de rapprocher les générations tout en restant actif !
Rejoignez-nous et contribuez à un projet vivant pour une communauté forte !

De Wanderwee MN3 zu Berbuerg ass op

De Wanderwee MN3 zu Berbuerg ass op

🇱🇺 De Wanderwee MN3 ass op! 🥾🌿
Entdeckt d’Natur op dësem flotte Wanderwee, dee vum Centre Culturel Beaurepaire duerch Felder, Wisen a Bësch féiert. 🌳
De Wee ass an béid Richtungen gutt beschëldert.

👟 Liicht Wanderung
📍 Héchste Punkt: 337 m
📉 Déifste Punkt: 268 m
⬆️ Op & Ofstig: 108 m

🗺️ Fannt hei all Detailer:
🔗 Outdooractive
🔗 Visit Luxembourg

🇫🇷 Le sentier de randonnée MN3 est ouvert ! 🥾🌿
Partez à la découverte de la nature sur ce joli circuit qui vous emmène depuis le Centre Culturel Beaurepaire à travers champs, prairies et forêts. 🌳
Le sentier est bien balisé dans les deux directions.

👟 Randonnée facile
📍 Point culminant : 337 m
📉 Point le plus bas : 268 m
⬆️ Montée & descente : 108 m

🗺️ Tous les détails ici :
🔗 Outdooractive
🔗 Visit Luxembourg

Leitbild 2.0 Manternach

Leitbild 2.0 Manternach

[LU] An der ëffentlecher Sëtzung vum 9. Juli huet de Gemengerot e wichtege Schrëtt fir d’ Nohaltegkeet an eiser Gemeng gestëmmt:

✅ Eis klimatesch Zukunft aktiv gestalten!
Den 2. Avenant vum „Leitbild Manternach“ gouf eestëmmeg ugeholl 🌱💪

Dëst aktualiséiert Konzept – ausgeschafft vum technesche Service a vum Klimateam Manternach – weist, wéi mir bis 2030 konkret Moossname fir Klima- an Ëmweltschutz ëmsetze wëllen.

🔍 Hei e puer Highlighten:
🌳 Biodiversitéit & urbanistesch Planung – méi Natur a manner CO₂
🏛️ Nohalteg Gebaier – energieeffizient & mat erneierbarer Energie
🚮 Manner Offall, Ressource schounen
🚴 Méi douce Mobilitéit – besser Weeër fir Vëloen a Foussgänger
♻️ Kreeslafwirtschaft & Waasserschutz
🤝 Kooperatioun a Sensibiliséierung

👉 Eis Ziler sinn ambitiéis – z.B. 30% PV-Potential bis 2030, 49% Elektromobilitéit vun de Gemengegefierer an 30,5% erneierbar Wäermt an de Gebaier! 🔋⚡

Mat Iech zesummen wëlle mir dës Erausfuerderunge meeschteren.
Bleift informéiert, bréngt Iech an – a loosst eis zesummen eng staark an nohalteg Gemeng gestalten 💪🌍

#Manternach #Klimapakt #Leitbild #Energiezukunft #ZesummeFirEisGemeng

[FR] Lors de la séance publique du 9 juillet, le Conseil Communal a franchi une étape importante en faveur du développement durable dans notre commune :

✅ Façonnons activement notre avenir climatique !
Le 2ᵉ avenant du « Leitbild Manternach » a été adopté à l’unanimité 🌱💪

Ce concept actualisé – élaboré par le service technique en collaboration avec l’équipe climat Manternach – définit les mesures concrètes que nous voulons mettre en œuvre d’ici 2030 pour protéger le climat et l’environnement.

🔍 Voici quelques points forts :
🌳 Biodiversité & aménagement du territoire – plus de nature, moins de CO₂
🏛️ Bâtiments durables – efficaces sur le plan énergétique et alimentés par des énergies renouvelables
🚮 Moins de déchets, utilisation raisonnée des ressources
🚴 Mobilité douce – des infrastructures améliorées pour les cyclistes et les piétons
♻️ Économie circulaire & protection de l’eau
🤝 Coopération et sensibilisation

👉 Nos objectifs sont ambitieux – par exemple 30 % de potentiel photovoltaïque d’ici 2030, 49 % d’électrification du parc de véhicules communaux et 30,5 % de chaleur renouvelable dans les bâtiments communaux ! 🔋⚡

Avec vous, nous voulons relever ces défis.
Restez informés, impliquez-vous – et construisons ensemble une commune forte et durable 💪🌍

#Manternach #PacteClimat #Leitbild #ÉnergieDurable #EnsemblePourNotreCommune

Schüler- a Sportleréierung 2025

Schüler- a Sportleréierung 2025

Fir eis Schüler- a Sportleréierung, déi dëst Joer Mëttwochs, de 24. September 2025 wäert stattfannen, ze preparéieren, invitéiert de Schäfferot all Schüler, Musikanten, esou wéi Sportler a Veräiner aus eiser Gemeng déi am Kader vun enger Federatioun Sport bedreiwen, eis bis spéitstens Freides, de 5. September 2025, hir Resultater vun der Saison 2024/2025 matzedeelen. 🥇👏🏻🎉

D’Reglementer an de Formulaire fir d’Schüler a Musikante fannt dir op dëser Säit ënnen.

Manternach, den 18. Juli 2025
De Schäfferot
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Claude THEISEN an
Alix KLEIN-UNGEHEUER, Schäffen

Pour préparer notre cérémonie en l’honneur des élèves et des sportifs, qui aura lieu cette année le mercredi 24 septembre 2025, le collège des bourgmestre et échevins invite tous les élèves, musiciens ainsi que les sportifs et clubs de notre commune affiliés à une fédération à nous faire parvenir leurs résultats pour la saison 2024/2025 au plus tard le vendredi 5 septembre 2025. 🥇👏🏻🎉

Les règlements ainsi que le formulaire pour les élèves et musiciens se trouvent en bas de cette page.

Manternach, le 18 juillet 2025
Le Collège des bourgmestre et échevins
Jean-Pierre HOFFMANN, Bourgmestre
Claude THEISEN et Alix KLEIN-UNGEHEUER, Échevins

👉📱NEI 💻🌱: De Formulaire fir d’Schüler, Studenten a Musikanten kënnt Dir ganz einfach als PDF ausfëllen, ënnerschreiwen a per Email schécken op secretariat@manternach.lu 💡 Spuert Iech den Drocker a maacht eppes fir d’Ëmwelt!♻️🌍
👉📱NOUVEAU 💻🌱 : Le formulaire pour les élèves, étudiants et musiciens peut désormais être facilement rempli, signé au format PDF et envoyé par e-mail à secretariat@manternach.lu 💡 Économisez l’imprimante et faites un geste pour l’environnement !♻️🌍

Règlements communaux concernant l’octroi de subsides :

aux élèves et étudiants de Manternach
aux sportifs méritants de Manternach

Opgepasst! Attention!

Opgepasst! Attention!

🇱🇺 ⚠️ Opgepasst!

D’Gemeng Manternach informéiert hir Bierger a Biergerinnen, dass keng Firma vun der Gemeng beoptraagt gouf, fir Solaranlagen ze verkafen oder eng Energieberodung ze proposéieren.

Sollt eng Firma bei Iech doheem optrieden an behaapten, “am Numm vun der Gemeng” ze handelen, da geet et ëm eng falsch an ierféierend Ausso.

Mir ruffen dozou op, virsiichteg ze sinn, näischt ze ënnerschreiwen ouni d’Informatiounen ze iwwerpréiwen, an eis an der Police verdächtegt Verhalen direkt matzedeelen.

🇫🇷 ⚠️ Attention !

La commune de Manternach informe ses habitants qu’aucune société n’a été mandatée par la commune pour vendre des installations solaires ou proposer un conseil en énergie.

Si une entreprise se présente à votre domicile en affirmant agir “au nom de la commune”, il s’agit d’une fausse information.

Nous vous invitons à la prudence, à ne rien signer sans vérification, et à signaler tout comportement suspect à la commune et à la Police.

Buet n° 02-2025

Buet n° 02-2025

ℹ️📣 Buet / Bulletin N° 2-2025

🇱🇺 Den neie Buet ass do!
📲 Elo online an 📬 deemnächst an ärer Bréifkëscht!

Hei e klengen Abléck:
📸 Fotoen aus dem Liewe bei eis an der Gemeng
🚧 Aktualitéiten an Informatiounen zu de Chantieren
🏡 E flotte Réckbléck iwwert d’Hausschëlder vun de Stackhaiser
🗣️ De Klaatsch & Traatsch mam Etat civil a ville flotten Aktivitéiten an Informatiounen 📅
🥗 E gutt Rezept fir eng frësch Schichtzalot – perfekt fir de Summer
📋 De Raider mat de Rapporten aus de Gemengerotssëtzungen

🤓 Vill Spaass beim Liesen! 🌞 Mir wënschen Iech e schéine Summer!

👉Klickt hei, fir op déi digital Versioun ze kommen: Buet n° 02-2025

[FR] Le nouveau Buet est arrivé !
📲 Dès maintenant en ligne et 📬 bientôt dans votre boîte aux lettres !

Voici un petit aperçu :
📸 Des photos de la vie dans notre commune
🚧 Actualités et informations sur les chantiers
🏡 “De Réckbléck” sur les plaques de maisons des “Stackhaiser”
🗣️ L’état civil et plein d’activités et d’infos 📅
🥗 Une bonne recette de salade en couches – parfaite pour l’été
📋 “De Raider” avec les rapports des séances du conseil communal

🤓 Bonne lecture à toutes et à tous ! 🌞 Nous vous souhaitons un bel été !

👉 Cliquez ici pour accéder à la version numérique : Buet n° 02-2025

#Buet #Gemeng #Summer #Manternach #Commune #Été #Manternach

Info Trafic 14 – 18 Juli 2025 Manternach

Info Trafic 14 – 18 Juli 2025 Manternach

Info Trafic 14 – 18 Juli 2025
Wéinst Infrastrukturaarbechte um lokale Wärmenetz gëtt de Verkéier op Héicht vum Chantier vun der neier Crèche (6, Iechternacherstrooss) zu Manternach mat Luuchte gereegelt.

Info trafic – du 14 au 18 juillet 2025
En raison de travaux d’infrastructure sur le réseau local de chauffage, la circulation sera régulée par des feux tricolores à hauteur du chantier de la nouvelle crèche (n°6, rue d’Echternach) à Manternach.

Don un d’Amicale en faveur de l’inclusion asbl

Don un d’Amicale en faveur de l’inclusion asbl

Don un d’Amicale en faveur de l’inclusion asbl

E Mëttwoch, den 9. Juli 2025, huet de Gemengerot e Scheck iwwer 1.069 € un d’Amicale en faveur de l’inclusion asbl iwwerreecht. 🧾🤝 Dëse schéine Geste ass duerch de Benefice vum Quizowend, dee vun der Jugend- a Sportskommissioun den 13. Mäerz 2025 organiséiert gouf, méiglech ginn. 🙌🎉 Merci un all déi, déi matgemaach an dëst Evenement ënnerstëtzt hunn! 💙

Don à l’Amicale en faveur de l’inclusion asbl

Le mercredi 9 juillet 2025, le Conseil Communal a remis un chèque de 1.069 € à l’Amicale en faveur de l’inclusion asbl. 🧾🤝 Ce beau geste a été rendu possible grâce au bénéfice de la soirée quiz, organisée par la commission de la jeunesse et des sports le 13 mars 2025. 🙌 Merci à toutes celles et ceux qui ont participé et soutenu cet événement ! 💙

AVIS RGTR – Triathlon Echternach

AVIS RGTR – Triathlon Echternach

🇱🇺 🚧 Perturbatioun wéinst dem Triathlon zu Iechternach 🏃‍♂️🚴‍♀️🏊
Wéinst der 39. Editioun vum Foyer Triathlon international Echternach, ginn et e puer Changementer beim Busverkéier e Samschdeg, den 5. Juli 2025 vu 14h00 bis +/- 18h00 🕒.

🚌 Linn 272
➡️ Bussen aus Richtung Rouspert maachen no Dickweiler-Duerfplaz eng Kehrt an ginn iwwert Giischt – Hinkel – N10 weider op Méischdref.
⛔ Net ugefuer ginn: Osweiler, Hierber, Bech, Berbuerg, Mompech, Giwenech a Méischdref-Iewescht Duerf.

🚌 Linn 273
➡️ Fiert nëmme vu Gréiwemaacher bis Lelleg.
⛔ Net ugefuer ginn: Hierber, Mompech, Buerschdref, Méischdref, Born, Hinkel, Giischt, Dickweiler an Iechternach.

🚌 Linn 274
➡️ Fiert nëmme vu Gréiwemaacher bis Berbuerg.
⛔ Net ugefuer ginn: Hierber, Osweiler an Iechternach.

–> AVIS RGTR
–> Info Triathlon

🇫🇷 🚧 Perturbations en raison du Triathlon d’Echternach 🏃‍♀️🚴‍♂️🏊
Dans le cadre de la 39e édition du Foyer Triathlon international Echternach, des déviations de lignes de bus auront lieu le samedi 5 juillet 2025 de 14h00 à environ 18h00 🕒.

🚌 Ligne 272
➡️ Les bus en provenance de Rosport feront demi-tour après l’arrêt Dickweiler-Duerfplaz et seront déviés via Girst – Hinkel – N10 vers Moersdorf.
⛔ Ne seront pas desservies : Osweiler, Herborn, Bech, Berbourg, Mompach, Givenich et Moersdorf-Iewescht Duerf.

🚌 Ligne 273
➡️ Circulation uniquement entre Grevenmacher et Lellig.
⛔ Non desservies : Herborn, Mompach, Boursdorf, Moersdorf, Born, Hinkel, Girst, Dickweiler et Echternach.

🚌 Ligne 274
➡️ Circulation uniquement entre Grevenmacher et Berbourg.
⛔ Non desservies : Herborn, Osweiler et Echternach.

UNICEF an eiser Gemeng ënnerwee

UNICEF an eiser Gemeng ënnerwee

🇱🇺 🔔 UNICEF ass an eiser Gemeng ënnerwee!
Vum Donneschdeg, den 7. Juli bis Samschdeg, den 12. Juli 2025 si Recruteure fir Spenden vum UNICEF an eiser Gemeng ënnerwee.
Si sinn un hire Kleeder an dem UNICEF-Logo (Foto) einfach ze erkennen.

🇫🇷 🔔 UNICEF est présent dans notre commune !
Du jeudi 7 juillet au samedi 12 juillet 2025, des recruteurs de dons pour UNICEF passeront dans notre commune.
Ils sont facilement reconnaissables à leurs vêtements et au logo UNICEF (voir photo).

Nightlifebus 22.6.2025

Nightlifebus 22.6.2025

LU 🇱🇺:
Profitéiert um 𝗩𝗶𝗿𝗼𝘄𝗲𝗻𝗱 𝘃𝘂𝗺 𝗡𝗮𝘁𝗶𝗼𝗻𝗮𝗹𝗳𝗲𝗶𝗲𝗿𝗱𝗮𝗴 vum 𝗡𝗶𝗴𝗵𝘁𝗹𝗶𝗳𝗲𝗯𝘂𝘀, fir secher aus der Stad erëm heemzekommen 😎🍾🇱🇺🚌 Am Annex fannt dir d’Horairen!

FR 🇫🇷:
Profitez de la veille de la 𝗳ê𝘁𝗲 𝗻𝗮𝘁𝗶𝗼𝗻𝗮𝗹𝗲 pour rentrer chez vous en toute sécurité grâce au 𝗡𝗶𝗴𝗵𝘁𝗹𝗶𝗳𝗲𝗯𝘂𝘀 😎🍾🇱🇺🚌 Les horaires se trouvent en annexe !

Gemengerot 24.9.2025 14h00

Gemengerotssëtzung 18. Juni 2025

🇱🇺 𝗡ä𝗰𝗵𝘀𝘁 𝗚𝗲𝗺𝗲𝗻𝗴𝗲𝗿𝗼𝘁𝘀𝘀ë𝘁𝘇𝘂𝗻𝗴 𝗮𝘀𝘀 𝗱𝗲𝗻 𝟭𝟴. 𝗝𝘂𝗻𝗶 𝟮𝟬𝟮𝟱 𝘂𝗺 𝟭𝟰𝗵𝟬𝟬 🕑
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus zu Manternach
📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:

💧 Presentatioun vum Projet vun enger neier Kläranlag
🤸 Zousätzlech Subsidë fir d’Associatiounen fir d’Jugendentrainementer
🤝 Approbatioun vu Konventiounen
🏘️ Approbatioun vum PAP „am Iewechte Grumm“ zu Berbuerg
🌬️ Avis vum Gemengerot iwwert d’Evaluatioun vum Projet „Wandpark Mertert“
🗂️ Syndikater / Kommissiounen – Informatiounen vun Delegéierten / Presidenten

D’Sëtzung ass ëffentlech – interesséiert Biergerinnen a Bierger si wëllkomm!
#Manternach #Gemengerot #ConseilCommunal

🇫🇷 𝗣𝗿𝗼𝗰𝗵𝗮𝗶𝗻𝗲 𝘀é𝗮𝗻𝗰𝗲 𝗱𝘂 𝗰𝗼𝗻𝘀𝗲𝗶𝗹 𝗰𝗼𝗺𝗺𝘂𝗻𝗮𝗹 : 𝗹𝗲 𝟭𝟴 𝗷𝘂𝗶𝗻 𝟮𝟬𝟮𝟱 à 𝟭𝟰𝗵𝟬𝟬 🕑
📍 Dans la salle des séances de la maison communale à Manternach (3 Kierchewee)
📝 À l’ordre du jour, entre autres :

💧 Présentation du projet d’une nouvelle station d’épuration
🤸 Subsides complémentaires aux associations pour l’entraînement jeunes
🤝 Approbation de conventions
🏘️ Approbation du PAP « am Iewechte Grumm » à Berbourg
🌬️ Avis du Conseil Communal sur l’évaluation du projet « Wandpark Mertert »
🗂️ Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents

La séance est publique – les citoyennes et citoyens intéressés sont les bienvenus !
#Manternach #ConseilCommunal #Gemengerot

Digital Formulairen Maison Relais a Crèche

Digital Formulairen Maison Relais a Crèche

🇱🇺 👉 Nei: Formulairen Maison Relais a Crèche elo digital ausfëllen! 📱💻🌱

Ab elo kënnt Dir all Formulairen ronderëm d’Crèche an d’Maison Relais (Umeldungen, Ännerungen asw.) ganz einfach online ausfëllen!
📍 Fannt alles an eisem Media Center oder am Link ënnen.
💡 Spuert Iech den Drocker a maacht eppes fir d’Ëmwelt! ♻️🌍

ℹ️ Méi Informatiounen
👉 https://manternach.lu/enseignement/

👉 Nouveau : Formulaires Crèche et Maison Relais désormais disponibles en version digitale ! 📱💻🌱

🇫🇷 Dès maintenant, vous pouvez remplir tous les formulaires concernant la crèche et la maison relais (inscriptions, modifications, etc.) directement en ligne !
📍 Retrouvez tout dans notre Media Center ou via le lien ci-dessous.
💡 Économisez du papier et faites un geste pour la planète ! ♻️🌍

ℹ️ Plus d’Informations
👉 https://manternach.lu/enseignement/

Fermeture exeptionnelle

Fermeture exeptionnelle

📢 🇱🇺 Léif Biergerinnen a Bierger,
D’Gemeng Manternach wëllt Iech informéieren, dass d’Administratioun en Donneschdeg, de 5. Juni 2025 nomëttes 🕐 ausnamsweis zou ass.
📞 Bei engem Stierffall kënnt Dir eis w.e.g. ënner der Nummer +352 621 773 543 erreechen.
🙏 Merci villmools fir Äert Versteesdemech!

📢 🇫🇷 Chères citoyennes, chers citoyens,
La Commune de Manternach vous informe que l’administration sera exceptionnellement fermée le jeudi 5 juin 2025 après-midi 🕐.
📞 En cas de décès, veuillez appeler le +352 621 773 543.
🙏 Merci beaucoup pour votre compréhension !

Weekend vun den oppene Kierchen 2025

Weekend vun den oppene Kierchen 2025

 

 

Weekend vun den oppene Kierchen 2025

Schwéierpunkt: Déi Adeleg an eise Kierchen

Eis Par „Musel a Syr“ – St-Jacques mécht och dëst Joer erëm beim “Weekend vun den oppene Kierche” mat. Wéi gewinnt, sinn och dës Kéier d’Kierche vu Maacher a Rued-Syr, déi am internationale Reseau vun den Oppene Kierche sinn, op deem Weekend fir de Public op. An de Kierche vu Berbuerg a Wormer gëtt doriwwer eraus sonndes, den 1. Juni 2025 e flotte Programm gebueden.

Hei de Programm vum Sonndeg, 1. Juni 2025 an der Kierch vu Berbuerg – St-Lambert

14.30 Auer – Begréissung
15.00 Auer – Féierung duerch d’Kierch mam Deche Claude Bache
15.30 Auer – Uergelconcert mam Iechternacher Organist Jos Majerus
16.30 Auer – Konferenz: „Sträifzug duerch d’Geschicht vu Berbuerg an hir Schlasshären“ mam Claude Theisen
17.15 Auer – Éierewäin, offréiert vun der Gemeng Manternach

Nightlifebus Marathon 31.5.2025

Nightlifebus Marathon 31.5.2025

🇱🇺⚠️ Wichteg Info: Wéinst dem Marathon ginn et vum 31. Mee op den 1. Juni Ännerungen un de Bushaltestelle vum Nightlifebus 🏃‍♂️🚌
📍 Kuckt och op eiser Websäit oder op mobiliteit.lu fir detailléiert Informatiounen.

🇫🇷⚠️ Info importante : En raison du marathon, il y aura des changements aux arrêts du Nightlifebus du 31 mai au 1er juin 🏃‍♂️🚌
📍 Consultez notre site web ou mobiliteit.lu pour plus de détails.

Christihimmelfaart – Ännerungen an der Offallcollect

Christihimmelfaart – Ännerungen an der Offallcollect

‼️♻️🚮 🇱🇺 Wéinst Christihimmelfaart, en Donneschdeg, den 29. Mee 2025, kënnt et zu folgenden Ännerungen an der Offallcollecte:

👉d’Glas- a Pabeierpoubelle gi schon e Méindeg, den 26.5.2025 eidel gemaach;
👉d’Biopoubelle an de Grünschnitt gëtt e Freideg, den 30.5.2025 eidel gemaach;
👉d’Collecte vum Hausmüll bleift onverännert;
👉d’Valorlux-Tute ginn e Samsdeg, den 31.5.2025 ewech geholl.

📱💡 Tipp: Behaalt den Offallkalenner ëmmer am Bléck – mat der gratis App „Mäin Offall – Meng Ressourcen“!
📲 D’App erënnert Iech automatesch un d’Collecten – einfach installéieren a mat Zäit erausstellen!
📍 Am AppStore & GooglePlay! @emwelt.lu

‼️♻️🚮 🇫🇷 En raison de l’Ascension, le jeudi 29 mai 2025, les modifications suivantes auront lieu dans la collecte des déchets :

👉les poubelles verre et papier seront vidées lundi, le 26.5.2025;
👉les poubelles bio ainsi que les déchets de verdures seront vidées vendredi, le 30.5.2025;
👉la collecte des ordures ménagères reste inchangée;
👉les sacs Valorlux seront enlevés samedi, le 31.5.2025.

📱💡 Astuce : Gardez toujours un œil sur le calendrier des collectes – avec l’application gratuite « Mäin Offall – Meng Ressourcen » !
📲 L’app vous rappelle automatiquement les collectes – il suffit de l’installer et de sortir les poubelles à temps !
📍 Disponible sur l’AppStore & GooglePlay!! @emwelt.lu

Gemengerot 24.9.2025 14h00

Gemengerotssëtzung 23. Mee 2025

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung ass den 23. Mee 2025 um 14h00 🕑
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus zu Manternach

📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:
💰 Plan Pluriannuel de Financement (PPF)
🧾 Nei Tariffer fir d’Prestatiounen vun eise Gemengenaarbechter (2. Lekture)
🤝 Subsidë fir Karitativ Associatiounen
🪵 Adoptioun Konventioun SIAS – Holz vun hei
🚒 Avenant vun der Konventioun mam CGDIS iwwert Gemengegebaiër
💡 Investitioun an d’Beliichtung um Stade Renert zu Berbourg

D’Sëtzung ass gréisstendeels ëffentlech – all interesséiert Biergerinnen a Bierger si wëllkomm!

#Manternach #Gemengerot #ConseilCommunal

🇫🇷 Prochaine séance du conseil communal : le 23 mai 2025 à 14h00 🕑
📍 Dans la salle des séances de la maison communale à Manternach

📝 À l’ordre du jour, entre autres :
💰 Plan Pluriannuel de Financement (PPF)
🧾 Nouveaux tarifs pour les prestations des salariés communaux (2e lecture)
🤝 Subsides pour les associations de bienfaisance
🪵 Approbation de la convention SIAS – Holz vun hei
🚒 Avenant à la convention avec le CGDIS concernant les immeubles communaux
💡 Investissement dans l’éclairage du stade Renert à Berbourg

La séance est en grande partie publique – tous les citoyens et citoyennes intéressés sont les bienvenus !

Coupe scolaire zu Berbuerg 22.5.2025

Coupe scolaire zu Berbuerg 22.5.2025

🇱🇺 🚴‍♀️👧 Coupe scolaire zu Berbuerg 🚴‍♀️👧

Muer, 22.5.2025 ass Moies vun 08:00 bis 12:00 Auer ass erëm Coupe scolaire zu Berbuerg!

🚴‍♀️ D’Kanner fuere mam Vëlo vum Campus Renert duerch Berbuerg, esou wéi um Plang hei ënnendrënner 📸.

🚗 Dofir fuert lues, bleift opmierksam a passt gutt op eis kleng Velosfuerer op! ❤️

E grousse Merci vun de Kanner, dem Synecosport an der Gemeng Manternach

 

🇫🇷 🚴‍♀️👧 Coupe scolaire à Berbourg 🚴‍♀️👧

Demain matin, 22.5.2025 entre 08h00 et 12h00, c’est à nouveau la Coupe scolaire à Berbourg !

🚴‍♀️ Les enfants circuleront à vélo depuis le Campus Renert à travers Berbourg, selon le trajet indiqué sur le plan ci-dessous 📸.

🚗 Merci de ralentir, de rester attentifs et de faire très attention à nos petits cyclistes ! ❤️

Un grand merci de la part des enfants, de Synecosport et de la commune de Manternach.

Kaffi a Kuch am “MiKo” Gréiwemaacher

Kaffi a Kuch am “MiKo” Gréiwemaacher

Kaffi & Kuch Café & gâteau Coffee & cake

Version française ci-dessous.
English version below.

Léif Awunnerinnen an Awunner,

Den Office social commun vu Gréiwemaacher invitéiert Iech häerzlech op eng Taass Kaffi an e Stéck Kuch an hirem neie Lokal vum « MiKo – Miseler Kollektiv » op folgender Adresse 23, rue de Trèves L – 6793 Gréiwemaacher (am ale Lokal vum Buttek 100 % Luxembourg).

Die verschidden Datumer an soss wichteg Informatioune fannt Dir um Flyer.

Mir freeën eis, Iech all ze begréissen an zesummen e gemittleche Moment ze verbréngen!

 

Chers habitants,

L’Office social commun de Grevenmacher vous invite à prendre un café et un gâteau dans son nouveau lieu de rencontre « MiKo – Miseler Kollektiv » situé au 23, Rue de Trèves L – 6793 Grevenmacher (ancien local du magasin 100 % Luxembourg).

Plusieurs dates et toutes les informations sont reprises sur le flyer ci-joint.

Au plaisir de vous accueillir nombreux et de partager un moment de convivialité !

 

Dear residents,

The Office social commun of Grevenmacher invites you to enjoy coffee and cake at its new community space “MiKo – Miseler Kollektiv”, located at 23, Rue de Trèves L – 6793 Grevenmacher (the former 100% Luxembourg store).

Several dates are available — all details can be found on the attached flyer.

We look forward to welcoming many of you and sharing a friendly, enjoyable moment together!

Avis INFO Travaux LUXEMBOURG – OETRANGE

Avis INFO Travaux LUXEMBOURG – OETRANGE

Avis INFO Travaux
LUXEMBOURG – OETRANGE

 

⚠️🚧🚂 Avis INFO Travaux 🚆🚧⚠️

LUXEMBOURG – OETRANGE

Avis INFO Travaux LUXEMBOURG – OETRANGE

[LU] D’CFL informéiert iwwer Aarbechte vum Samschdeg, 24. Mee, bis Sonndes, 1. Juni 2025. Klickt op de Link fir d’Bus-Horairen.

[FR] La CFL informe sur des travaux du samedi, 24 mai, au dimanche, 1er juin 2025. Cliquez sur le lien pour les horaires de bus. 

PDF [click]

Hausoffallsammlung – Collecte des déchets

Hausoffallsammlung – Collecte des déchets

‼️🗑️🚮 Hausoffallsammlung – Collecte des déchets 🗑️🚮‼️

🇱🇺 Wéinst dem Feierdag, e Freideg, den 9. Mee 2025, gëtt den Hausmüll scho muer um Mëttwoch de 7. Mee ewech geholl.

🇫🇷 En raison du jour férié du vendredi 9 mai 2025, les ordures ménagères seront collectées demain, mercredi 7 mai.

👉♻️ 🇱🇺 Kuckt och an eiser Rubrik Offallkalenner no dem neie Flyer vun der Ëmweltverwaltung, deen d’Reegelen vum Offalltrennen zu Lëtzebuerg fir de grousse Public op eng iwwersiichtlech Manéier erkläert.
👉♻️ 🇫🇷 Consultez également notre rubrique du Calendrier des déchets pour découvrir le nouveau dépliant de l’Administration de l’environnement, qui explique de manière claire et accessible les règles de tri des déchets.

👉♻️ https://manternach.lu/environnement-et-mobilite/emweltkalenner/

Reparatur-Statioun fir Vëloen A Wiewesch

Reparatur-Statioun fir Vëloen A Wiewesch

ℹ️📣 🚴 🚴

🇱🇺 NEI! 🔧🚴 Reparatur-Statioun fir Vëloen beim Naturschutzzentrum “A Wiewesch” 🚴🔧
Muss äre Vëlo gefléckt ginn? Fir déi douce Mobilitéit méi attraktiv ze maachen, hu mir zu Manternach eng Reparatur-Statioun fir Vëloen opgeriicht.

🇫🇷 NOUVEAU ! 🔧🚴 Station de réparation pour vélos au Centre nature et forêt “A Wiewesch” 🚴🔧
Votre vélo a besoin d’être réparé ? Pour rendre la mobilité douce plus attrayante, nous avons installé une station de réparation pour vélos à Manternach.

#AWiewesch #Wiewesch #Manternach #bike #veloreparaturstatioun #Naturschutzzentrum @AWiewesch

Hausoffallsammlung – Collecte des déchets

Collecte des déchets

Wéinst dem Feierdag, en Donneschdeg, den 1. Mee 2025, kënnt et zu follgenden Ännerungen an der Offallcollecte:
  • d’Glas- a Pabeierpoubelle gi schon e Méindeg, den 28.4.2025 eidel gemaach;
  • d’Biopoubelle an de Grünschnitt gëtt e Freideg, den 2.5.2025 eidel gemaach;
  • d’Collecte vum Hausmüll bleift onverännert;
  • d’Valorlux-Tute ginn e Samsdeg, den 3.5.2025 ewech geholl.
Veuillez noter qu’à cause du jour férié, jeudi, le 1. mai 2025 il y aura des changements en ce qui concerne la collecte des déchets:
  • les poubelles verre et papier seront vidées lundi, le 28.4.2025;
  • les poubelles bio ainsi que les déchets de verdures seront vidées vendredi, le 2.5.2025;
  • la collecte des ordures ménagères reste inchangée;
  • les sacs Valorlux seront enlevés samedi, le 3.5.2025.

Ëmweltkalenner / Calendrier des déchets

Vacance de poste

Vacance de poste

D’Gemeng Manternach stellt an:
∙ 1 Gemengenaarbechter
Interesséiert? 📅 Schéckt eis Är Kandidatur bis de 6. Mee 2025.

L’Administration communale de Manternach se propose de recruter :
∙ 1 salarié à tâche manuelle
Intéressé ? 📅 Envoyez-nous votre candidature jusqu’au 6 mai 2025.

ANNONCE

AIDE-MEMOIRE

Kandidature fir Kommissiounen vun der Gemeng

Kandidature fir Kommissiounen vun der Gemeng

Opruff un d’Bierger aus der Gemeng Manternach

Fir de Bierger eng aktiv Bedeelegung um Ausschaffe vu Projeten an der Léisung vun eventuell an der Gemeng bestoende Problemer ze erméiglechen, kann all Bierger aus der Gemeng seng Kandidatur stellen, fir sech an de berodende Kommissioune vun der Gemeng ze engagéieren.
Fëllt heifir de Formulaire op eisem Site aus a gitt e bis spéitstens de ⏰ 15. Mee 2025 am Sekretariat vun der Gemeng of.

 

Avis aux habitants de la Commune de Manternach

Afin de permettre aux citoyens de participer activement à l’élaboration de projets et à la résolution d’éventuels problèmes touchant notre commune, tout citoyen peut poser sa candidature afin de s’engager dans les différentes commissions consultatives.
Il suffit de remplir le formulaire sur notre site et de le remettre au secrétariat de la commune jusqu’au ⏰ 15 mai 2025.

Avis Route barrée CR134 Wecker-Manternach 14/04 – 29/04/2025

Avis Route barrée CR134 Wecker-Manternach 14/04 – 29/04/2025

Avis Route barrée CR134

[LU] Heimat informéiere mir Iech, dass den CR134 tëschent Wecker a Manternach vum 14/04/2025 bis den 29/04/2025 gespaart gëtt, dëst weinst Baamfäll-Aarbechten. Eng Déviatioun gëtt gezeechent.

[FR] Nous vous informons que le CR134 entre Wecker et Manternach sera barré du 14/04/2025 au 29/04/2025 en raison de travaux d’abattage d’arbres. Une déviation sera mise en place.

PAP « Am Éier » Berbourg

Modification ponctuelle PAG, PAP-QE

Avis au public

Il est porté à la connaissance du public qu’en séance du 28 mars 2025, le conseil communal a été saisi du projet de modification ponctuelle du Plan d’Aménagement Général (PAG) de la Commune de Manternach dans la localité de Berbourg « Am Éier » ensemble avec l’étude préparatoire, la partie réglementaire, la fiche de présentation et le rapport sur les incidences environnementales.

Presentatioun Infrastrukturaarbechten Lelleg

Presentatioun Infrastrukturaarbechten Lelleg

🇱🇺 Léif Biergerinnen a Bierger,

E Mëttwoch, den 2. Abrëll 2025 um 19:00 Auer huet eng Informatiounsversammlung iwwert d’Infrastrukturaarbechten an de Stroossen „An der Hiel, Um Bierg a Burwee“ am Kulturzentrum Kräizstrooss, 6A, Duerfstrooss zu Lelleg stattfonnt.

Dir kënnt de PDF vun der Presentatioun ënnert dësem Link kucken : Presentatioun

🇫🇷 Chères citoyennes et chers citoyens,

Le mercredi 2 avril 2025 à 19.00 heures, une réunion d’information concernant les travaux d’infrastructure dans la rue « An der Hiel, Um Bierg et Burwee » a eu lieu dans le Centre Culturel Kräizstrooss, 6A, Duerfstrooss à Lellig.

Vous pouvez consulter le PDF de la présentation sous ce lien : Presentation

De Schäfferot / Le Collège échevinal
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Alix KLEIN-UNGEHEUER a Claude THEISEN, Schäffen

Buet n° 01-2025

Buet n° 01-2025

ℹ️📣 Buet/Bulletin n° 1-2025

🇱🇺 Den neie Buet ass do, ab elo online 📲 an deenen nächsten Deeg an ärer Bréifkëscht 📬
Vill Spaass beim Liesen 🤓
👉Klickt hei, fir op déi digital Versioun ze kommen: Buet 2025-1

🇫🇷 Le nouveau bulletin communal est arrivé, disponible dès maintenant en ligne 📲 et dans votre boîte aux lettres 📬 dans les prochains jours.
Bonne lecture ! 🤓
👉 Cliquez ici pour accéder à la version numérique : Buet 2025-1

#gemengebuet #manternach

Avis Perturbation – Grand-Prix OST 30.3.2025

Avis Perturbation – Grand-Prix OST 30.3.2025

Avis Perturbation   Grand-Prix OST

Dëse Sonndeg den 30. Mäerz 2025 fënnt den 1. Grand-Prix Marc Gengler, de 7. Souvenir Marcel Gilles, de 37. Grand-Prix OST-Fenster an den 101. Grand-Prix François Faber statt. D’Course gëtt vum Velos-Club ACC Contern organiséiert. De Start an d’Arrivée vun dem Circuit vun 9,3km mat engem Héichtënnerscheed vun 125m pro Ronn, befënnt sech an der Strooss „Hanner Bra“ Nummer 11 zu Bech virun dem Centre Culturel „Hanner Bra“.

De Start vun de 5 verschiddene Kategorien ass vun 9h35 bis 14h30. Während der Course ass d‘Circulatioun op der CR138, 135, 137 an der 132 nëmmen am sens unique méiglech. Hei drënner fannt Dir den Dépliant mat weideren Informatiounen zu dem Circuit.

 AVIS 

Website AccContern

Ce dimanche 30 mars 2025 auront lieu le 1er Grand-Prix Marc Gengler, le 7e Souvenir Marcel Gilles, le 37e Grand-Prix OST-Fenster et le 101e Grand-Prix François Faber. Ces courses sont organisées par le Vélo-Club ACC Contern.

Le départ et l’arrivée du circuit de 9,3 km, avec un dénivelé de 125 m par tour, se situent au 11, rue Hanner Bra à Bech, devant le Centre Culturel Hanner Bra.

Le départ des cinq catégories de courses est prévu entre 9h35 et 14h30. Pendant l’événement, la circulation sur les routes CR138, CR135, CR137 et CR132 ne sera possible qu’en sens unique. Vous trouverez ci-dessous le dépliant avec plus d’informations sur le circuit.

Lelleg – Informatiounsversammlung Infrastrukturaarbechten

Lelleg – Informatiounsversammlung Infrastrukturaarbechten

[LU] Léif Biergerinnen a Bierger,

E Mëttwoch, den 2. Abrëll 2025 um 19:00 Auer fënnt eng Informatiounsversammlung iwwert d’Infrastrukturaarbechten an de Stroossen „An der Hiel, Um Bierg a Burwee“ am Kulturzentrum Kräizstrooss, 6A, Duerfstrooss zu Lelleg statt.

Dir sidd häerzlech invitéiert, un dëser Presentatioun deelzehuelen.

[FR] Chères citoyennes et chers citoyens,

Le mercredi 2 avril 2025 à 19.00 heures une réunion d’information concernant les travaux d’infrastructure dans la rue « An der Hiel, Um Bierg et Burwee » aura lieu dans le Centre Culturel Kräizstrooss, 6A, Duerfstrooss à Lellig.

Vous êtes cordialement invités à participer à cette présentation.

De Schäfferot / Le Collège échevinal
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Alix KLEIN-UNGEHEUER a Claude THEISEN, Schäffen