Reparatur-Statioun fir Vëloen A Wiewesch

Reparatur-Statioun fir Vëloen A Wiewesch

ℹ️📣 🚴 🚴

🇱🇺 NEI! 🔧🚴 Reparatur-Statioun fir Vëloen beim Naturschutzzentrum “A Wiewesch” 🚴🔧
Muss äre Vëlo gefléckt ginn? Fir déi douce Mobilitéit méi attraktiv ze maachen, hu mir zu Manternach eng Reparatur-Statioun fir Vëloen opgeriicht.

🇫🇷 NOUVEAU ! 🔧🚴 Station de réparation pour vélos au Centre nature et forêt “A Wiewesch” 🚴🔧
Votre vélo a besoin d’être réparé ? Pour rendre la mobilité douce plus attrayante, nous avons installé une station de réparation pour vélos à Manternach.

#AWiewesch #Wiewesch #Manternach #bike #veloreparaturstatioun #Naturschutzzentrum @AWiewesch

Collecte des déchets

Collecte des déchets

Wéinst dem Feierdag, en Donneschdeg, den 1. Mee 2025, kënnt et zu follgenden Ännerungen an der Offallcollecte:
  • d’Glas- a Pabeierpoubelle gi schon e Méindeg, den 28.4.2025 eidel gemaach;
  • d’Biopoubelle an de Grünschnitt gëtt e Freideg, den 2.5.2025 eidel gemaach;
  • d’Collecte vum Hausmüll bleift onverännert;
  • d’Valorlux-Tute ginn e Samsdeg, den 3.5.2025 ewech geholl.
Veuillez noter qu’à cause du jour férié, jeudi, le 1. mai 2025 il y aura des changements en ce qui concerne la collecte des déchets:
  • les poubelles verre et papier seront vidées lundi, le 28.4.2025;
  • les poubelles bio ainsi que les déchets de verdures seront vidées vendredi, le 2.5.2025;
  • la collecte des ordures ménagères reste inchangée;
  • les sacs Valorlux seront enlevés samedi, le 3.5.2025.

Ëmweltkalenner / Calendrier des déchets

Vacance de poste

Vacance de poste

D’Gemeng Manternach stellt an:
∙ 1 Gemengenaarbechter
Interesséiert? 📅 Schéckt eis Är Kandidatur bis de 6. Mee 2025.

L’Administration communale de Manternach se propose de recruter :
∙ 1 salarié à tâche manuelle
Intéressé ? 📅 Envoyez-nous votre candidature jusqu’au 6 mai 2025.

ANNONCE

AIDE-MEMOIRE

Kandidature fir Kommissiounen vun der Gemeng

Kandidature fir Kommissiounen vun der Gemeng

Opruff un d’Bierger aus der Gemeng Manternach

Fir de Bierger eng aktiv Bedeelegung um Ausschaffe vu Projeten an der Léisung vun eventuell an der Gemeng bestoende Problemer ze erméiglechen, kann all Bierger aus der Gemeng seng Kandidatur stellen, fir sech an de berodende Kommissioune vun der Gemeng ze engagéieren.
Fëllt heifir de Formulaire op eisem Site aus a gitt e bis spéitstens de ⏰ 15. Mee 2025 am Sekretariat vun der Gemeng of.

 

Avis aux habitants de la Commune de Manternach

Afin de permettre aux citoyens de participer activement à l’élaboration de projets et à la résolution d’éventuels problèmes touchant notre commune, tout citoyen peut poser sa candidature afin de s’engager dans les différentes commissions consultatives.
Il suffit de remplir le formulaire sur notre site et de le remettre au secrétariat de la commune jusqu’au ⏰ 15 mai 2025.

Avis Route barrée CR134 Wecker-Manternach 14/04 – 29/04/2025

Avis Route barrée CR134 Wecker-Manternach 14/04 – 29/04/2025

Avis Route barrée CR134

[LU] Heimat informéiere mir Iech, dass den CR134 tëschent Wecker a Manternach vum 14/04/2025 bis den 29/04/2025 gespaart gëtt, dëst weinst Baamfäll-Aarbechten. Eng Déviatioun gëtt gezeechent.

[FR] Nous vous informons que le CR134 entre Wecker et Manternach sera barré du 14/04/2025 au 29/04/2025 en raison de travaux d’abattage d’arbres. Une déviation sera mise en place.

Modification ponctuelle PAG, PAP-QE

Modification ponctuelle PAG, PAP-QE

Avis au public

Il est porté à la connaissance du public qu’en séance du 28 mars 2025, le conseil communal a été saisi du projet de modification ponctuelle du Plan d’Aménagement Général (PAG) de la Commune de Manternach dans la localité de Berbourg « Am Éier » ensemble avec l’étude préparatoire, la partie réglementaire, la fiche de présentation et le rapport sur les incidences environnementales.

Presentatioun Infrastrukturaarbechten Lelleg

Presentatioun Infrastrukturaarbechten Lelleg

🇱🇺 Léif Biergerinnen a Bierger,

E Mëttwoch, den 2. Abrëll 2025 um 19:00 Auer huet eng Informatiounsversammlung iwwert d’Infrastrukturaarbechten an de Stroossen „An der Hiel, Um Bierg a Burwee“ am Kulturzentrum Kräizstrooss, 6A, Duerfstrooss zu Lelleg stattfonnt.

Dir kënnt de PDF vun der Presentatioun ënnert dësem Link kucken : Presentatioun

🇫🇷 Chères citoyennes et chers citoyens,

Le mercredi 2 avril 2025 à 19.00 heures, une réunion d’information concernant les travaux d’infrastructure dans la rue « An der Hiel, Um Bierg et Burwee » a eu lieu dans le Centre Culturel Kräizstrooss, 6A, Duerfstrooss à Lellig.

Vous pouvez consulter le PDF de la présentation sous ce lien : Presentation

De Schäfferot / Le Collège échevinal
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Alix KLEIN-UNGEHEUER a Claude THEISEN, Schäffen

Buet n° 01-2025

Buet n° 01-2025

ℹ️📣 Buet/Bulletin n° 1-2025

🇱🇺 Den neie Buet ass do, ab elo online 📲 an deenen nächsten Deeg an ärer Bréifkëscht 📬
Vill Spaass beim Liesen 🤓
👉Klickt hei, fir op déi digital Versioun ze kommen: Buet 2025-1

🇫🇷 Le nouveau bulletin communal est arrivé, disponible dès maintenant en ligne 📲 et dans votre boîte aux lettres 📬 dans les prochains jours.
Bonne lecture ! 🤓
👉 Cliquez ici pour accéder à la version numérique : Buet 2025-1

#gemengebuet #manternach

Avis Perturbation – Grand-Prix OST 30.3.2025

Avis Perturbation – Grand-Prix OST 30.3.2025

Avis Perturbation   Grand-Prix OST

Dëse Sonndeg den 30. Mäerz 2025 fënnt den 1. Grand-Prix Marc Gengler, de 7. Souvenir Marcel Gilles, de 37. Grand-Prix OST-Fenster an den 101. Grand-Prix François Faber statt. D’Course gëtt vum Velos-Club ACC Contern organiséiert. De Start an d’Arrivée vun dem Circuit vun 9,3km mat engem Héichtënnerscheed vun 125m pro Ronn, befënnt sech an der Strooss „Hanner Bra“ Nummer 11 zu Bech virun dem Centre Culturel „Hanner Bra“.

De Start vun de 5 verschiddene Kategorien ass vun 9h35 bis 14h30. Während der Course ass d‘Circulatioun op der CR138, 135, 137 an der 132 nëmmen am sens unique méiglech. Hei drënner fannt Dir den Dépliant mat weideren Informatiounen zu dem Circuit.

 AVIS 

Website AccContern

Ce dimanche 30 mars 2025 auront lieu le 1er Grand-Prix Marc Gengler, le 7e Souvenir Marcel Gilles, le 37e Grand-Prix OST-Fenster et le 101e Grand-Prix François Faber. Ces courses sont organisées par le Vélo-Club ACC Contern.

Le départ et l’arrivée du circuit de 9,3 km, avec un dénivelé de 125 m par tour, se situent au 11, rue Hanner Bra à Bech, devant le Centre Culturel Hanner Bra.

Le départ des cinq catégories de courses est prévu entre 9h35 et 14h30. Pendant l’événement, la circulation sur les routes CR138, CR135, CR137 et CR132 ne sera possible qu’en sens unique. Vous trouverez ci-dessous le dépliant avec plus d’informations sur le circuit.

Lelleg – Informatiounsversammlung Infrastrukturaarbechten

Lelleg – Informatiounsversammlung Infrastrukturaarbechten

[LU] Léif Biergerinnen a Bierger,

E Mëttwoch, den 2. Abrëll 2025 um 19:00 Auer fënnt eng Informatiounsversammlung iwwert d’Infrastrukturaarbechten an de Stroossen „An der Hiel, Um Bierg a Burwee“ am Kulturzentrum Kräizstrooss, 6A, Duerfstrooss zu Lelleg statt.

Dir sidd häerzlech invitéiert, un dëser Presentatioun deelzehuelen.

[FR] Chères citoyennes et chers citoyens,

Le mercredi 2 avril 2025 à 19.00 heures une réunion d’information concernant les travaux d’infrastructure dans la rue « An der Hiel, Um Bierg et Burwee » aura lieu dans le Centre Culturel Kräizstrooss, 6A, Duerfstrooss à Lellig.

Vous êtes cordialement invités à participer à cette présentation.

De Schäfferot / Le Collège échevinal
Jean-Pierre HOFFMANN, Buergermeeschter
Alix KLEIN-UNGEHEUER a Claude THEISEN, Schäffen

Bistro a Wiewesch 21.3.2025 18:00

Bistro a Wiewesch 21.3.2025 18:00

🇱🇺 Haut ass “a Wiewesch” erëm vun 18:00 Auer un de Bistro op! 🍻 Kommt laanscht a verbréngt e gemittlechen Owend zu Manternach am Duerf!
🇫🇷 Aujourd’hui, le bistro “a Wiewesch” ouvre ses portes à partir de 18h! 🍻 Passez et profitez d’une soirée conviviale dans le village de Manternach!

#bistro #awiewesch #manternach #gemengmanternach #duerf #patt

FLYER

Grouss Botz 2025

Grouss Botz 2025

🍀🍃🌳🍌🛢🗑♻️ GROUSS BOTZ 2025 🍀🍃🌳🍌🛢🗑♻️
🇱🇺 De Schäffen- a Gemengerot,
an Zesummenarbecht mam Klimateam an der Nohaltegkeets-Kommissioun vun der Gemeng Manternach,
invitéiert all Awunner an Naturfrënd (grouss a kleng) an all Veräiner op

d’Grouss Botz 2025

📆 🗑 Samschdes, den 22. Mäerz 2025
📍 Rendez-vous ass um 9:30 Auer
Zu Berbuerg: Beim Centre Beaurepaire
Zu Lelleg: Beim Centre Kräizstrooss
Zu Manternach: a Wiewesch
Zu Mënjecker: beim Centre Kueb
D’Membere vun der Kommissioun suerge fir d’Organisatioun an d’Verdeele vum Sammelmaterial.
Déi voll Tuuten an déi aner gesammelt Saache gi laanscht d’Weeër ofgestallt.
No der Botz ginn all d’Participanten op eng Bouchée à la Reine an e Patt am Kachatelier zu Manternach, 2, A Lambett, invitéiert. Hei si Parkplazen am Déifgarage an Duschen virgesinn.
Mir soen Iech alleguer am Viraus Merci fir d’Matmaachen an dem Kachatelier fir déi léif Ënnerstëtzung. 😊
🍀🍃🌳🍌🛢🗑♻️ GROUSS BOTZ 2025 🍀🍃🌳🍌🛢🗑♻️
🇫🇷  Le collège des bourgmestre et échevins et le Conseil communal,
en collaboration avec l’équipe climat et la commission du développement durable de la commune de Manternach,
invitent tous les habitants et amis de la nature (petits et grands) ainsi que toutes les associations à participer à leur

« Grouss Botz 2025 »

📆 🗑 le samedi 22 mars 2025
📍 Rendez-vous à 9h30
Berbourg : Centre Beaurepaire
Lellig : Centre Kräizstrooss
Manternach : A Wiewesch
Münschecker : Centre Kueb
Les membres de la commission se chargent de l’organisation et de la distribution du matériel de collecte.
Les sacs remplis et autres objets collectés seront déposés le long des chemins.

Tous les participants sont invités après à déguster une Bouchée à la Reine et à prendre un verre au Kachatelier à Manternach, 2, A Lambett. Des places de parking sont disponibles dans le parking souterrain, ainsi que des douches.

Nous vous remercions d’avance pour votre participation et adressons un grand merci au Kachatelier pour son aimable soutien ! 😊

Foto-Owend : Invitatioun 14.3.2025

Foto-Owend : Invitatioun 14.3.2025

INVITATIOUN

Foto-Owend
vun de Jaren 1900 – 1950 aus der Gemeng
de 14. Mäerz 2025 um 19:00 Auer am Fiisschen zu Manternach

Op enger grousser Leinwand gi Postkaarten, Fotoen an Dokumenter vun alle véier Dierfer aus der Gemeng Manternach gewisen.
D‘Membere vun der Geschichts- a Kulturkommissioun begleede mat Explikatiounen a Commentaire vun de gewisene Biller duerch d‘Präsentatioun.

SYNECOSPORT – Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2025

SYNECOSPORT – Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2025

📢 SUMMERJOB FIR STUDENTEN – SUMMERVAKANZ 2025 🌞🎒

Sichs du eng Beschäftegung an der Summervakanz? D’Maison Relais sicht Student(inn)en fir e Kontrakt vun 2 Wochen!

🔹 Konditiounen :
✅ Wunnsëtz an der Gemeng Bech oder Manternach
✅ Minimum 18 Joer al
✅ De Brevet „Aide-animateur-A“

📄 Schéckt Ären Dossier mat :
📌 Enger kuerzer Biographie
📌 E Schoulattest 2024/2025
📌 Eng Kopie vum Brevet „Aide-animateur-A“

📬 Kandidature musse bis den 21/03/2025 geschéckt ginn op :
SYNECOSPORT
1, Schoulstrooss, L-6831 Berbourg

Formulaire [klick]

📢 JOB D’ÉTÉ POUR ÉTUDIANTS – VACANCES 2025 🌞🎒

Tu cherches une occupation pendant les vacances d’été ? La Maison Relais recrute des étudiant(e)s pour un contrat de 2 semaines !

🔹 Conditions :
✅ Résider à Bech ou Manternach
✅ Avoir minimum 18 ans
✅ Posséder le brevet « Aide-animateur-A »

📄 Dossier à fournir :
📌 Courte biographie
📌 Certificat de scolarité 2024/2025
📌 Copie du brevet « Aide-animateur-A »

📬 Candidatures à envoyer avant le 21/03/2025 à :
SYNECOSPORT
1, Schoulstrooss, L-6831 Berbourg

[Formulaire – klick]

Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2025

Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2025

Studentenjobs – Occupation d’étudiants 2025

 

D’Gemeng Manternach sicht Studenten fir d’Summervakanz! Du bass interesséiert? Da mell dech bis den 14. Mäerz 2025.
Hei fënns du de Formulaire. [klick]

La Commune de Manternach engage des étudiants pendant les vacances d’été. Les demandes doivent parvenir à l’administation communale avant le 14 mars 2025. Le formulaire de demande peut être téléchargé ici. [clic]

Avis Route barrée CR137 „rue de Muenschecker“

Avis Route barrée CR137 „rue de Muenschecker“

[LU] Heimat informéiere mir Iech, dass den CR137 „rue de Muenschecker“ zu Gréiwemaacher vum 17/02/2025 bis den 23/12/2025 gespaart gëtt, dëst weinst engem Neibau.

Eng Déviatioun gëtt gezeechent.

[FR] Nous vous informons que le CR137 « rue de Muenschecker » à Grevenmacher sera barré du 17/02/2025 au 23/12/2025 en raison d’une reconstruction.

Une déviation sera mise en place.

Bistro a Wiewesch 21.2.2025 18:00

Bistro a Wiewesch 21.2.2025 18:00

[LU] E Freideg ass “a Wiewesch” erëm vun 18:00 Auer un de Bistro op! 🍻 Kommt laanscht a verbréngt e gemittlechen Owend zu Manternach am Duerf!

[FR] Vendredi, le bistro “a Wiewesch” rouvre ses portes à partir de 18h! 🍻 Passez et profitez d’une soirée conviviale dans le village de Manternach!

–> Flyer PDF [click]

Feier/Incendie Groesteen

Feier/Incendie Groesteen

Feier um Groesteen

Am Kader vum Brand um Bauerenhaff um Groesteen deelt den CGDIS mat dass elo d’Heebotte aus dem Hangar erausgeholl ginn. Heibäi kann et zu enger neier Dampentwécklung kommen. Loost an dem Fall Är Fënsteren zou a Lüftungsanlagen ausgeschalt. De Brand ass ënner Kontroll.

Incendie au Groesteen

Dans le cadre de l’incendie à la ferme du Groesteen, le CGDIS informe que les ballots de foin sont maintenant retirés du hangar. Cela pourrait entraîner une nouvelle formation de fumée. Dans ce cas, fermez vos fenêtres et éteignez les systèmes de ventilation. L’incendie est sous contrôle.

Uebstbam-Schnëttcours un alen Uebstbeem

Uebstbam-Schnëttcours un alen Uebstbeem

Obstbaumschnittkurs an alten Obstbäumen

Im Rahmen dieses Kurses erklärt Marc Thiel von der Biologischen Station SIAS die wi

chtigsten Schnittmaßnahmen an alten Obstbäumen. Anschließend werden diese in der Praxis umgesetzt.
Bitte um Anmeldung bis zum 12.02.25 unter m.thiel@sias.lu  oder 34 94 10 26

Uebstbam-Schnëttcours un alen Uebstbeem

Am Kader vun dësem Cours erkläert de Marc Thiel vun der Biologescher Statioun SIAS déi wichtegst Schnëttmoossnamen un alen Uebstbeem. Duerno ginn dës an der Praxis ëmgesat.
Mellt Iech w.e.g. bis den 12.02.25 un op m.thiel@sias.lu oder um 34 94 10 26.

Cours de taille des vieux arbres fruitiers

Dans le cadre de ce cours, Marc Thiel de la Station Biologique SIAS expliquera les principales mesures de taille des vieux arbres fruitiers. Ensuite, celles-ci seront mises en pratique.
Veuillez vous inscrire avant le 12.02.25 à l’adresse m.thiel@sias.lu ou en appelant le 34 94 10 26.

Avis Route barrée CR134 27.01.2025

Avis Route barrée CR134 27.01.2025

Avis Route barrée CR134 27.01.2025

[LU] Heimat informéiere mir Iech, dass den CR134 tëschent Manternach a Mäertert Méindes de 27. Januar 2025 komplett fir de Verkéier gespaart ass, dëst wéinst Reparatiouns-Aarbechten un de Leitplanken.
Eng Deviatioun gëtt opgestallt.

 

[FR] Nous vous informons que le CR134 entre Manternach et Mertert sera barré à toute circulation du le lundi 27 janvier 2025, en raison de travaux de réparation des glissières de sécurité.
Une déviation sera mise en place.

Bistro a Wiewesch 17.1.2025 18:00

Bistro a Wiewesch 17.1.2025 18:00

🇱🇺 E Freideg 17.1.2025 ass “a Wiewesch” erëm vun 18:00 Auer un de Bistro op! Kommt laanscht a verbréngt e gemittlechen Owend zu Manternach am Duerf!

🇫🇷 Vendredi 17.1.2025, le bistro “a Wiewesch” rouvre ses portes à partir de 18h ! Passez et profitez d’une soirée conviviale dans le village de Manternach !

Kulturreess op Guédelon 09.-11.05.2025

Kulturreess op Guédelon 09.-11.05.2025

Kulturrees op Guédelon 9. – 11.05.2025

Organisatioun: Geschichts- a Kulturkommissioun Gemeng Manternach

Programm:

09.05.2025

Rees vu Manternach a Richtung Auxerre mat Ausfluch an d‘Alstad.
Am spéiden Nomëtteg fuere mir da weider op Pouilly-sur-Loire an den Hotel
„Hôtel le Relais de Pouilly“.

10.05.2025

Dagesausfluch op Guédelon mat enger Visite vun ca. 4 Stonne vun enger
mëttelalterlecher Buerg, déi säit 1997 vu ronn 50 Handwierker mat de Methoden,
Materialien a Mëttel vun der Zäit aus dem 13. Joerhonnert gebaut gëtt.
Mëttes fuere mir dann op La Charité-sur Loire mat engem Spadséiertuer vun ca.
90 Minutten. D‘Stad ass en Deel vum Jokeswee a Frankräich.

11.05.2025

No dem Kaffi geet d‘Rees bei den Domaine „Château de Meursault“, wou mir de
Betrib gewise kréien an un enger Wäindégustatioun deelhuele wäerten.
No dem Mëttegiesse geet et dann op d‘Heemrees iwwer Pommard an Dijon.

De Präis läit jee nodeem wéi vill Leit matginn tëschent 545€ a 560€. Den Oppräis fir en
Eenzelzëmmer si 60€. Am Präis ass Kaffi, Mëttegiessen an Owesiesse esou wéi och sämtlech Féierungen, Taxen an Entrée‘en mat abegraffff.

Dat eenzegt wat net mat abegraffff ass, ass d‘Mëttegiessen den 10.05.2025.

D‘Käschte vum Bus gi vun der Gemeng Manternach iwwerholl.

Umelle kann een sech bis den 12. Februar 2025 beim:
Alix Klein-Ungeheuer, per Mail: alixklein@hotmail.de

 

Flyer

Neijoersreceptioun

Neijoersreceptioun

Neijoersreceptioun vun der Gemeng zu Berbuerg am Centre Beaurepaire

De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Manternach invitéieren Iech häerzlech op déi traditionell Neijoersreceptioun, Dënschdes, de 7. Januar 2025 ëm 19.00 Auer am Centre Beaurepaire zu Berbuerg.

Le Collège des bourgmestre et échevins et le Conseil Communal de la commune de Manternach ont l’honneur et le plaisir de vous inviter à la réception traditionnelle du Nouvel An qui aura lieu Mardi, le 7 janvier 2025 à 19h00 heures au Centre Beaurepaire à Berbourg.

Sylvester

Sylvester

D’Joer 2024 geet sou lues op en Enn zou an en vue vun de Feierdeeg fir d’Joer ofzeschléissen, informéiert de Schäfferot vun der Gemeng Manternach, dass kee Freedefeier um Territoire vun der Gemeng erlaabt ass. Dozou gehéieren esouwuel Knupperten, Rakéiten, wéi och aner explosiv Géigestänn.

Mir bieden d’Awunner sech un dës Mesuren ze halen, aus Respekt zu de Matbierger, den Déieren an der Ëmwelt.

De Schäfferot seet Merci fir äert Verständnis.

 

A l’approche des fêtes de fin d’année, le collège échevinal de la Commune de Manternach tient à informer que, comme les années dernières, toutes sortes de feu d’artifice, comme l’usage de pétards et d’autres objets détonants similaires, ne sont plus tolérés.

Par conséquent, les habitants sont invités à respecter cette mesure, non seulement par respect pour le repos nocturne des gens, mais également par respect pour les animaux et l’environnement.

Le collège échevinal vous remercie de votre collaboration.

 

 

Interessant Informatiounen zum Thema Freedefeier fannt dir op der neister Infografik vun der Emwëltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l.

Pour plus d’informations intéressantes sur ce sujet, nous vous conseillons de consulter la nouvelle Infografik de la part de l’EBL.

Schéi Feierdeeg

Schéi Feierdeeg

D’Gemeng Manternach wënscht iech alleguer schéi Feierdeeg an eng gutt Gesondheet.
La Commune de Manternach vous souhaite de joyeuses fêtes et une bonne santé.

Eis Ëffnungszäiten fir d’Feierdeeg:
Nos horaires d’ouvertures pendant les fêtes:

24.12.2024: 08:30 – 11:30
25.12.2024: zou / fermé
26.12.2024: zou / fermé
31.12.2024: 08:30 – 11:30 & 14:00 – 15:00

An dréngenden Noutfäll oder an engem Stierffall kënnt dir eis Permanence um +352 621 773 543 erreechen.
En cas d’urgence ou en cas de décès vous pouvez joindre notre service permanence au +352 621 773 543.

Collecte des déchets

Collecte des déchets – noël 2024

Wéinst dem Feierdag, en Donneschdeg, de 26.12.2024, kënnt et zu follgenden Ännerungen an der Offallcollecte:
  • Bio-, Glas- a Pabeierpoubelle gi scho muer, Dënsdeg, de 24.12.2024 eidel gemaach;
  • d’Valorlux-Tute ginn e Samsdeg, den 28.12.2024 ewech geholl.
Veuillez noter qu’à cause du jour férié, jeudi, le 26.12.2024, il y aura des changements en ce qui concerne la collecte des déchets:
  • les poubelles bio, verre et papier seront vidées demain, mardi, le 24.12.2024;
  • les sacs Valorlux seront enlevés samedi, le 28.12.2024.

Ëmweltkalenner / Calendrier des déchets

Vacance de poste salarié à tâche manuelle

Vacance de poste salarié à tâche manuelle

L’Administration Communale de Manternach se propose d’engager

un salarié à tâche manuelle (m/f)

 pour les besoins du service de régie « équipe bâtiments »

L’intéressé(e) sera engagé(e) selon la carrière D du contrat collectif de la commune de Manternach à plein temps et à durée indéterminée.

L’aide-mémoire des conditions d’engagement et des pièces à joindre au dossier peut être consulté sur le site www.manternach.lu.

Les candidatures sont à envoyer au plus tard pour le 10.01.2025 inclus, à l’adresse suivante: 3, Kierchewee, L-6850 Manternach.

Manternach, le 14.12.2024

 

Le collège des bourgmestre et échevins

Jean-Pierre Hoffmann, bourgmestre

Claude Theisen et Alix Klein-Ungeheuer, échevins

 

Aide-Mémoire

ELVERE – Schwammcoursen

ELVERE – Schwammcoursen

Schwammcours zu Biwer Wanter 2025

fir Kanner vu 5 Joer un mat der “Delphin Schwimmschule Trier”

Cours de natation à Biwer hiver 2025

Pour enfants à partir de 5 ans avec la “Delphin Schwimmschule Trier”

 

Méi Informatiounen an Aschreiwung op  / Plus d’infos et inscription sur : www.elvere.lu

Flyer

26.11.2024 – Route barrée Syrdallstrooss Manternach

26.11.2024 – Route barrée Syrdallstrooss Manternach

En Dënsdeg, de 26. November 2024 ass d’Syrdallstrooss zu Manternach op der Héicht vun der Kräizung mat der Iechternacherstrooss wéinst Aarbechte komplett gespaart. Eng Deviatioun gëtt ausgeschëldert.

______________________

La Syrdallstrooss à Manternach sera barrée à toute circulation, mardi, le 26 novembre 2024, à hauteur du croisement avec l’Iechternacherstrooss. Une déviation sera mise en place.

De Kleeschen kënnt bei iech heem

De Kleeschen kënnt bei iech heem

Léiwen Kleeschen, gudden Kleeschen,…
Geschwënn ass et endlech rëm sou wäit, da schloe kleng Kannerhäerzer rëm méi héich, well de 5. Dezember kënnt de Kleeschen an d’ Duerf. (Berbuerg, Manternach, Mënjecker)
Wann Dir och gäre wëllt, datt de Kleesche mam Houseker de 5. Dezember mëttes ab 17 Auer bei Iech Heem kënnt, da fëllt w.e.g. de Coupon ënnen aus a schéckt en bis spéitstens den 1. Dezember dem Jo Haagen op Whatsapp, SMS (+352661200893) oder per Mail ( jo_haagen@hotmail.com ).
Fir dem Kleeschen et bëssche méi einfach ze maachen, kënnt Dir eis ee klengen Text iwwert d’Kand schreiwen a mat der Umeldung schécken.
Fir weider Informatioune rufft einfach un.
Fir Iech déi genee Auerzäit matzedeelen, gi mir Iech natierlech nach bescheed
Mir soen Iech schonn am Viraus villmools Merci,
Club des Jeunes Manternach

 

Flyer mam Umeldeformular

Fermeture exceptionnelle 8.11.2024

Fermeture exceptionnelle 8.11.2024

Freides, den 8. November 2024, bleift d’Gemeng Manternach ausnamsweis zou.

An dréngende Fäll biede mir iech, den Telefon 621773543 unzeruffen.

Mir soen iech Merci fir äert Verständnis.

__________________________________

Vendredi, le 8 novembre 2024, l’Administation communale de Manternach restera exceptionnellement fermée.

En cas d’urgence vous pouvez vous adresser au numéro 621773543.

Nous vous remercions pour votre compréhension.

Info SIGRE 1.11.2024

Info SIGRE 1.11.2024

Wéinst dem Feierdag, e Freideg, den 1.11.2024, ginn déi normal Hausmüll-Poubelle scho muer, den 31.10.2024 eidel gemaach.

A cause du jour férié, vendredi, le 1.11.2024, les poubelles pour déchets ménagers seront vidées demain, jeudi, le 31.10.2024.

CFL: Info travaux 19. & 20.10.2024

CFL: Info travaux 19. & 20.10.2024

D’CFL informéiert, dass e Samsdeg, de 19.10.2024 an e Sonndeg, den 20.10.2024, keng Zich tëschent der Stad Lëtzebuerg a Waasserbëlleg fueren. Et ginn Ersatzbusser agesat. Den Detail fannt dir op dësem Flyer.

_________________

La CFL informe que samedi, le 19.10.2024 et dimanche, le 20.10.2024, aucun train ne circulera entre la ville de Luxembourg et Wasserbillig. Des bus de remplacement seront mis en place. Vous trouverez les détails sur ce flyer .

APPEL À CANDIDATURES

APPEL À CANDIDATURES

APPEL À CANDIDATURES

 

L’administration communale de Manternach se propose d’engager pour son service « Secrétariat » un

 Fonctionnaire ou Employé (M/F)

 à plein temps dans la carrière du groupe de traitement B1, sous-groupe administratif.

 Conditions d’admissibilité :

  • être ressortissant d’un Etat membre de l’Union européenne ;
  • être titulaire d’un diplôme luxembourgeois de fin d’études secondaires, soit d’un diplôme luxembourgeois de fins d’études secondaires techniques, soit d’un certificat portant sur des études à l’étranger reconnues équivalentes par le ministre de l’Education nationale ;
  • pour les candidats fonctionnaires : avoir réussi à l’examen d’aptitude générale ainsi qu’à l’examen d’admissibilité du groupe de traitement B1, ou le cas échéant avoir une nomination définitive comme fonctionnaire communal/ de l’Etat au groupe de traitement B1, sous-groupe administratif.

La réussite à l’examen d’admission définitive de la carrière du rédacteur peut constituer un atout.

Les conditions d’engagement et les pièces à joindre au dossier peuvent être consultées dans l’aide-mémoire.

 Les candidatures sont à adresser au Collège des Bourgmestre et Echevins de la Commune de Manternach : 3, Kierchewee – L-6850 Manternach pour jeudi, le 31 octobre 2024 à midi au plus tard

Les candidatures incomplètes ne seront pas prises en compte.

 Manternach, le 5 octobre 2024

 Le collège échevinal,

Jean-Pierre HOFFMANN, bourgmestre

Claude THEISEN, échevin

Alix KLEIN-UNGEHEUER, échevine

Annonce

Aide-mémoire

Vente d’une camionnette

Vente d’une camionnette

L’administration communale de Manternach procédera à la vente au plus offrant de l’objet sous-mentionné :

 

Camionette Peugeot Boxer 96kW

1ère mise en circulation 23/05/2013

Sans certificat de contrôle technique valable

Kilométrage : 79569 km

Moteur endommagé

Enchère minimale : 1000 €

 

Les offres doivent sont à remettre en enveloppe fermée au secrétariat communal avant l’heure fixée pour l’ouverture et doivent porter l’inscription « Offre pour Camionette Peugeot ».

Ouverture le 16/10/2024 à 09h00

Lieu d’ouverture : Bureaux de l’Administration Communale de Manternach (3, rue Kierchewee L-6850 Manternach, salle de conseil)

Le véhicule est à enlever dans les trois semaines qui suivent l’ouverture des offres.

Pour tout renseignement, prière de vous adresser à l’administration communale (Tél. 710172-26).

Sperrmüll / Déchets encombrants

Sperrmüll / Déchets encombrants

Informatioun un d’Awunner vun der Gemeng Manternach

E Mëttwoch, den 2. Oktober 2024 ab 8h00 Auer ass Sperrmüllsammlung an der Gemeng Manternach. Wann Dir Sperrmüll hutt fir ewech ze huelen, biede mir Iech bis spéitstens den 1. Oktober um 12h00 Auer, eng Demande op technique@manternach.lu ze maachen, mat Ären Donnéeën, fir dass de Service Technique den Oflaf organiséiere kann.
Fir all ugefaangene M3 kritt Dir no der Collecte 20.- € verrechent. Dat entspriechend Reglement fannt Dir hei .
All 3. Samschdeg am Mount kënnt dir och nach ëmmer äre Sperrmüll gratis an eisem Recycling Center zu Berbuerg ofginn.
______________________________________

Aux habitants de la Commune de Manternach

Le ramassage des déchets encombrants aura lieu le 2 octobre 2024 à partir de 8h00 heures. Les personnes qui désirent que leurs déchets soient ramassés, sont priées de faire leur demande, au plus tard le 1er octobre 2024, via email au technique@manternach.lu, avec leurs données pour que le Service technique puisse organiser la collecte.
Les coûts de 20.- € par m3 entier ou entamé vous seront facturés après la collecte. Vous trouverez le règlement y relatif ici  .
Vous pouvez toujours profiter de notre Centre de recyclage gratuit à Berbourg pour déposer vos déchets encombrants chaque 3e samedi du mois.

Ruffbus: neien Horaire ab 1. September 2024

Ruffbus: neien Horaire ab 1. September 2024

Vum 1. September 2024 u fiert de Ruffbus 1 Stonn méi laang:
Vu Méindes bis Freides vun 8:30 bis 18:30 Auer.

Reservatioun: 28 108-08

___________________-

À partir du 1er septembre 2024, le Ruffbus circule 1 heure de plus :
Du lundi au vendredi de 8h30 à 18h30.

Réservation :  28 108-08

Route Barrée Schullstrooss 16.7.2024 – 26.7.2024

Route Barrée Schullstrooss 16.7.2024 – 26.7.2024

Mir informéieren iech, dass d’Schullstrooss (CR137) virum neie CIS-Gebai (22, Neie Wee) vum 16.7.2024 bis den 26.7.2024 gespaart gëtt.

———————————————–

Nous vous informons que la rue « Schullstrooss »(CR137) sera barrée à toute circulation du 16.7.2024 au 26.7.2024 à la hauteur du nouveau bâtiment CIS (22, Neie Wee).

Route Barrée Schullstrooss 16.7.2024 – 26.7.2024

Route Barrée Syrdallstrooss 14.7.2024

Mir informéieren iech, dass d’Syrdallstrooss tëscht dem Haus n°30 an der Kraizung mat der Iechternachertsrooss den 14.7.2024 (9h00-17h00) gespaart gëtt.

———————————————–

Nous vous informons que la rue « Syrdallstrooss » sera barrée à toute circulation le 14.7.2024 (9h00-17h00) entre la maison n°30 et l’intersection avec la rue “Iechternacherstrooss”.

Route barrée Manternach 17.06 – 17.07.2024 inclus

Route barrée Manternach 17.06 – 17.07.2024 inclus

Mir informéieren Iech, dass den CR137 (Iechternacherstrooss) tëscht der Strooss “An der Hiel” an der Strooss “A Feeschtesch” zu Manternach vum 17. Juni 2024 bis den 17. Juli 2024 inclus, wéinst Infrastrukturaarbechten fir déi nei Crèche gespaart gëtt.

Eng Deviatioun gëtt ausgeschëldert.

Mir soen iech Merci fir äert Verständnis.

____________________________________________

Nous vous informons que le CR137 (Iechternacherstrooss) entre la Rue ”An der Hiel” et la rue  “A Feeschtesch” à Manternach sera barré à toute circulation du 17 juin 2024 au 17 juillet 2024 à cause de travaux d’infrastructure pour la nouvelle crèche.

Une déviation sera signalée.

Nous vous remercions pour votre compréhension.

Route barrée Bréicherstrooss, Haaptmann’s Schlass – CR132 (Bech-Brouch) 14.06.2024

Route barrée Bréicherstrooss, Haaptmann’s Schlass – CR132 (Bech-Brouch) 14.06.2024

Mir informéieren iech, dass d’Bréicherstrooss tëscht dem Haaptmann’s Schlass an dem CR132 (Bech-Brouch) den 14.6.2024 (7h00-18h00) gespaart gëtt.

———————————————–

Nous vous informons que la rue “Bréicherstrooss” sera barrée à toute circulation le 14.6.2024 (7h00-18h00) entre la maison de retraite “Haaptmann’s Schlass” et le CR132 (Bech-Brouch).

Grünschnittcontainer Manternach

Grünschnittcontainer Manternach

Weinst dem Chantier „Reamenagement vun der Strooss um Éier“ zu Manternach steet den Grünschnittcontainer ab dem 10.06.2024 net mei zur Verfügung.

De Container zu Berbourg ka weiderhin benotzt gin.

 

En raison du chantier “Réaménagement de la rue um Éier” à Manternach, le conteneur pour déchets verts ne sera plus disponible à partir du 10.06.2024.

Pendant cette période vous pouvez utiliser le conteneur à Berbourg.

Ausfluch op Oochen (Org. Kierch am Duerf asbl)

Ausfluch op Oochen (Org. Kierch am Duerf asbl)

D’ Kierch am Duerf – Gemeng Manternach mécht eng Ausflug op Oochen.

Päischtsamschdeg, den 18. Mee 2024

Depart 8:00 beim Beaurepaire (Kaffi a Croissant am Bus).

10:00: Kuerzen Spazéiergang duerch Monschau (a Visite vun de Glaasbléiser)

12:30: Iessen am Restaurant Luna beim Dom zu Oochen.

  • Shopping vun Oochener Printen a.s.w.
  • Visite vum Dom (ab 15:00 mat Guide).

Retour zu Berbuerg: 18:00

Retour: 18:00

Am Adapto-Minibus ass och Plaz fir e Rollstull.

Käschtebedeelegung: 100€ fir Iessen, Drénken an Transport.

Umeldung beim Carlo 621 45 19 45